(C) Greg Hewgill

Et ass de Mound dee genee tëschent eis an der Sonn duerchwandert.

E Freiden den 20. Mäerz 2015 ass eng partiell Sonnenfinsternis zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert ?

Et ass de Mound dee genee tëschent eis an der Sonn duerchwandert, an eis doduerch d’Siicht op d’Sonn blockéiert. Well d’Sonn awer grouss ass an de Mound kleng, werft de Mound just e Punktschied op d’Äerd. Mir wäerten net an deem Punktschied dra sinn dofir bleift d’Sonn nach zu 24 % siichtbar, d.h. et ass eng partiell Sonnenfinsternis. Mir hu keng total Sonnenfinsternis wéi viru 16 Joer.

Du soots et, de Mound ass kleng, wisou kann deen dann d’Sonn ganz bedecken?

Dat ass e komeschen Zoufall: de Mound ass zwar 400 mol méi kleng wéi d’Sonn awer och 400 mol méi no. Dofir passt dat genee.

An anscheinend soll en dann net an d‘Sonn kucken ouni sou en Spezialbrëll?

Jo, et soll een ni matt bloussem Aen an d’Sonn kucke well déi eis Netzhaut verbrenne kann. Bei der Sonnenfinsternis ass de Problem datt d’Tentatioun vill méi grouss ass fir laang dran ze kucken. Dofir brauch een e Spezialbrëll matt enger Schutzfolie.

A wou kréien ech sou een?

Beim Optiker oder am Zeitungsgeschäft. Awer op kee Fall e normale Sonnebrëll benotzen.

Ginn et bei sou enger Sonnenfinsternis Gefore fir d’Ëmwelt?

Menges Wëssens net, mee fir eis Mënsche gëtt et eng indirekt Folleg. Eisen däitschen Noperen hiert Stroumnetz hänkt alt bis zu 50 % vun der Solarenergie of. Wann e Freide gutt Wieder ass, kommen extrem Schwankungen am Stroumnetz, an dat kann och bei eis zu Problemer féieren. Mee dat kréien d’Ingenieure scho geléist.

Fir déi di Zäit hunn : Am Haff vun der Abbaye Neumünster kënnt der e Freiden de Moien tëscht 9.15 an 12.00 Auer matt professionelle Geräter d’Sonnenfinsternis beobachten. Méi Informatiounen iwwert den Naturmusée: http://www.mnhn.lu/eclipse-soleil/

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Photo © Greg Hewgill (http://hewgill.com/photo/astro/20080207/DSC_0128.JPG.html)
 

 

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Ernährung der Zukunft - Teil 4 Liegt die Lösung im Wasser?

Wird über Ernährung debattiert, dreht sich oft alles um die Landwirtschaft. Dabei stammen schon heute viele unserer Lebensmittel aus dem Wasser. Und es könnte noch viel mehr werden.

FNR
Ernährung der Zukunft – Teil 3 Wie könnte die Landwirtschaft der Zukunft aussehen?

Konventionell, Bio oder ganz anders? Wie können uns moderne Technik und KI helfen, die dringendsten Probleme der Landwirtschaft zu lösen? Diesen Fragen gehen wir in diesem dritten Teil unserer Artike...

FNR
Ernährung der Zukunft – Teil 2 Proteinwende: Neue Quellen für die Baustoffe des Körpers

In diesem Teil unserer 4-teiligen Artikelserie wenden wir uns den Proteinen zu – und der Frage nach, wie wir uns damit in Zukunft nachhaltig versorgen könnten.

FNR