Fallows C, Gallagher AJ, Hammerschlag N

D'Iwwerliewenschance bei enger Attack vun engem wäissen Hai si wuel net grouss. Mee glécklecherweis kënnt dat net dacks fir!

Genee! Et goufen déi lescht 5 Joër weltwait an der Moyenne just 10 déidlech Hai-Attacke pro Joer. Dat zielt awer leider net fir d’Moustiquen, déi waren iwwert de selwechten Zaitraum all Joer fir iwwer 600.000 Doudesfäll verantwortlech. Natierlech net, well se dech zerfleeschen, mee well se Krankheete kënnen iwwerdroe – wéi Malaria zum Beispill!

Wéi kann dat da sinn dass mir d’Gefor vun engem Déier spontan esou falsch aschätzen?

Do gi mir vill vun der Gesellschaft an de Medie beaflosst! An zwar net nëmmen a punkto Déieren-Attacken. Fligeraccidenter ginn zum Beispill dacks an de Medien erwähnt. Vill Leit hunn dofir Angscht virum Fléien, obwuel vill méi Leit bei Autosaccidenter ëmkommen! D’Kriminologe kämpfe mat deem selwechte Problem. Spektakulär oder besonnesch schlëmm Mordfäll ginn an de Medie breetgetrëppelt a schockéieren eis natierlech, an dofir menge mer d’Kriminalitéit géif an d’Luucht goen, och wann dat a Wierklechkeet guer net de Fall ass. Eist Gefill fir e Risiko entsprécht also net ëmmer der Realitéit. D’Fuerscher schwätzen hei vun enger sozialer Amplifikatioun vum Risiko!  Mee wéi genee d’Medien an d’gesellschaftlech Verhältnisser eist perséinlecht Gefill fir e Risiko beaflossen, dat ass nach net kloer!

Mee d’Fuerscher bleiwen do bestëmmt um Ball a kënnen eis demnächst vläit méi doriwwer erzielen!

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © Fallows C, Gallagher AJ, Hammerschlag N via Wikimedia

 

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

     

Auch interessant

Honey bee home project: Recruiting citizen scientists!

Help build a natural home for honey bees in tree logs and observe how these little insects evolve over time!

Naturschutz Wann d’Beie stierwen, gëtt et da geschwënn keen Uebst méi?

Mr Science, mir héiere säit e puer Joer, dass d´Beie stierwen. Wat bedeit dat fir eis?

FNR
Firwat si Mécken eigentlech gutt?

Firwat ginn et Mécken, sinn déi iwwerhaapt fir eppes gutt? Ausser dass se nerven?

FNR

Auch in dieser Rubrik

Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR
Schlofmangel Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

D’Nuecht war kuerz, an da leien d’Ae Moies an donkelen Hielen. Wou kommen dës Aereefer hier? A wat kann een dogéint maachen?

FNR