© NASA/Tony Landis
D’Fro vun engem Nolauschterer: Wat ass dat iwwerhaapt a firwat soll et gutt sinn?
Kompressiounsstrëmp drécken däi Been liicht zesummen: doduerch gëtt den Duerchmiesser vun de Bluttgefäässer bësse méi kleng an d’Bluttzirkulatioun gëtt ugekuerbelt.
Also a priori e besseren Term fir ze vill enk Strëmp …
Enk sinn se schonn, mee se mussen awer och op deng Beeform ugepasst sinn. Et geet also net duer, déng Strëmp einfach eng Gréisst ze kleng ze kafen. En plus si Kompressiounsstrëmp sou konzipéiert, dass den Drock ënne beim Enkel am Stäerksten ass an no uewen hinn ofhëlt. Düsenjägerpiloten hunn iwwregens och e Kostüm un deen dat selwecht mécht. Bei groussen Acceleratioune muss hei verhënnert ginn datt d’Blutt all an d’Been geet a keent méi an de Kapp.
OK bei engem normale Liniefluch hu mer jo verhältnisméisseg wéineg Acceleratioun. Firwat soll een also beim fléien seng Been quëtschen?
Dat huet näischt mam fléien ze di mee just mam laange sëtzen. Wann d’Blutt sech am Been staut, kann et zu engem Klompe gerënne – dat nennt een Thrombos. Déi grouss Gefor dobäi wier, dass dee Klompe z.B. weider bis an d’Long géif reesen an der do Bluttgefäässer verstoppt - da bass de doud.
Uiii... Ass fléien ouni Kompressiounstrëmp da lo geféierlech?
Nee, däin tatsächleche Risk eng Thrombos ze kréien, gëtt duerch laangt Sëtzen nëmme liicht erhéicht. Wann een awer Iwwergewiicht huet, d’Been am Gips läit, oder wann een als Fra d’Pëll hëlt, gehéiert een zum Risikogrupp. An da gëtt et staark ugerooden. Vill Leit dinn d’Strëmp och einfach un, fir dass d’Been beim laange sëtzen manner uschwëllen.
Auteur: Liza Glesener
Photo: © NASA/Tony Landis
Infobox
All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Des Fro gouf den 23/12/15 opgeholl
Eng Thrombos ass eng Krankheet, bei där an engem Bluttgefääss Blutt gerënnt an e klenge Klompe bild. Dëse Bluttklompe kann dann an deene méi grousse Bluttgefäässer duerch de Kierper wanderen, bis en op eemol anzwousch ukënnt, wou d’Gefääss ze kleng fir e gëtt: wéi e Stopp op der Fläsch hänkt e fest a kann dobäi ganz serieux Problemer mat sech bréngen. Thrombose sinn z.B. d’Haaptursaach fir Häerzattacken.
Mat dëser an all den Industrienatioune ganz heefeger Krankheet beschäftegt sech hei zu Lëtzebuerg virun allem ee Fuerschergrupp ganz staark: d’Equipe ëm den Dr. Daniel Wagner am Laboratory of Cardiovascular Research um Luxembourg Institute of Health. Säi Grupp konzentréiert sech dobäi besonnesch dorop, besser aschätzen ze kënnen, wéi d’Krankheet ofleeft an erauszefannen, wat een dogéint maache kann.