Osterhase

© Littlerockphoto/Wikimedia

Wat huet den Ouschterhues wat net jiddereen huet?

Ma well e sou vill Muerten ësst !

Mess de lo de Geck mat mer ? Wat hu Muerten da mat den Aen ze dinn ?

Muerten enthalen immens vill Betakarotin. Dat ass deen orange Faarfstoff deen zu der Famill vun de Karotinoide gehéiert. Bei der Verdauung gëtt de Betakarotin an der Liewer a Vitamin A ëmgewandelt, an dee brauche mer fir gutt kënnen ze gesinn! 

Ok, Betakarotin ass e Faarfstoff, mee wat ass eigentlech eng Vitamin?

Vitaminne si Substanzen déi eise Kierper onbedingt brauch fir gutt ze funktionéieren, mee déi e selwer net kann hierstellen oder zumindest net genuch dervun. Mir mussen déi also ënnert iergendenger Form mat den Nahrungsmëttel ophuelen an eise Kierper verschafft se da weider. Ouni si kéinte verschidde biochemesch Reaktiounen an eisem Kierper net stattfannen, a verschidde Substanze kéinten net hiergestallt ginn. D’Vitamin A zum Beispill brauch eise Kierper fir Rhodopsin hierzestellen.

A Rhodopsin brauche mer fir…?

…ze gesinn ! Dat ass eng photosensibel Protein an der Retin vum Aan. Photosensibel heescht dass se mierkt wa Luucht mat enger bestëmmte Wellelängt op se schéngt. Rhodopsin erkennt zum Beispill nëmme gréng Luucht.

Dat heescht ouni Rhodopsin, an ouni Vitamin A, kéinte mer kee gréng gesinn?

Genee! Dofir ass d’Rhodopsin, also de Vitamin A, extra wichteg fir kennen am hallefdäischteren ze gesinn. Wann een e Mangel u Vitamin A huet da kritt een déi sougenannten Nuechtblannheet, dat heescht et gesäit een näischt méi soubal et owes ufänkt mat dämmeren.

Jo, déi huet den Ouschterhues jo och net, bei mir am Gaart huet e säi Wee op alle Fall gutt fonnt fir d’Eeër ze verstoppen! Mee so Mister Science, du hues jo e Brëll. Firwat ësst du da lo net einfach Tonne Muerten an da gesäis de rëm gutt?

Schéi wier et! Vitamin A ka verhënneren dass deng Siicht sech verschlechtert, mee wa se scho schlecht ass kann ee se net rëm verbesseren. Et kann een héchstens verhënneren dass se nach méi schlecht gëtt.

Also Kanner: ëmmer schéi brav ären Teller Muerten iessen, da gidd der kee Brëlleguckuck!

Text: Corinne Kroemmer
Foto: By Littlerockphoto [CC BY-SA 3.0 (https://creativecommons.org/licenses/by-sa/3.0)], from Wikimedia Commons

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
 

Schéck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Aner Virdeeler vun der Muert:

Se enthält immens vill Fibren!

Fibren sinn all déi Zockeren wéi Zellulose oder Pectate déi eise Kierper net verdaut kritt. Dat ass awer net weider schlëmm, si hëllefen eis dofir nämlech bei der Verdauung vum ganze Rescht. En plus hëllefen se eis indirekt fir Cholestérol ofzebauen. Si zerstéieren nämlech Gaaleséier, a fir déi ze ersetze gëtt massiv Cholestérol verbraucht.

Betakarotin ass en Antioxydant!

Eise Kierper verwandelt nëmmen esou vill Betakarotin a Vitamin A em wéi en och wierklech brauch, zevill Vitamin A ass näämlech schiedlech. De Rescht bleift also ënnert der Form vu Betakarotin am Kierper. Och ënnert dëser Form deet en eis vill Guddes, et ass näämlech en Antioxydant an neutraliséiert fräi Radikaler (e fräie Radikal ass en Atom deen en zousätzlechen Elektron huet an doduerch immens onstabil a reaktiv ass). Duerch Ëmweltverschmotzung, Stress an ongesond Ernierung forméiere sech zimlech vill där fräier Radikaler a kennen zu schwéiere Krankheete wéi zum Beispill Kriibs féieren. Dofir ass et wichteg dass mer vill Antioxydanten iesse fir des fräi Radikaler onschiedlech ze man.

Se maachen eis Haut schéin !

Muerten hëllefen der Haut sech géint UV-Strahlen ze schützen a reegen d’Hirstellung vu Melanin un, dee Pigment deen eis am Summer sou schéi brong mécht. Eis gutt geschützten Haut bleift dofir méi laang jonk an ass manner ufälleg fir Akné an aner Hautkrankheeten.

Schéinheetstip: Eng Muert iwwer Nuecht an e bësse Waasser zéie loossen a moies e véirels Glas Mëllech derbäi schëdden. D’Muert dann zerklengeren an ausdrécken an de Jus als Mask op d’Gesiicht opdroen.

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

A Japan huet de Fuerscher Yoshiki Sasai a seng Equipe vum RIKEN Center for Developmental Biology et viru kuerzem fäerdeg bruecht fir in vitro eng Retin aus embryonesche Stammzellen hierzestellen. Ufank des Joers krut eng amerikanesch Firma, Advanced Cell Technology, gréng Luucht fir di éischt Transplantatioune vun esou Zellen ze maache fir verschidden Aankrankheeten ze heelen.

Auch interessant

Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR
November-Blues Wat kann ee maachen, fir seng Laun ze verbesseren?

Dréif Novemberdeeg – dréif Laun. Wat kann ee maachen, fir och an dëser Zäit gutt drop ze sinn?

FNR
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR