Kuba Bozanowski (Wikimedia Commons)

Lëtzebuerg verbraucht pro Joer 1,6 Millioune Kilometer Toilettepabeier!

9 Méint vun eisem ganze Liewe verbrénge mer duerchschnëttlech op der Toilette. An dobäi verbrauch ganz Lëtzebuerg pro Joer 1,6 Millioune Kilometer Toilettepabeier .... domat kanns de d’Äerd 40 mol rondrëm den Äquator awéckelen!

Dat ass awer erschreckend vill Pabeier!

Jep! An dat ass tatsächlech e Problem, an zwar fir en erëm lass ze ginn!

Léist Toilettepabeier sech dann net am Waasser op?

Dach, wann e genuch Waasser huet! Mee mir probéieren ökologesch ze sinn, a benotze manner Waasser fir d’Toilette ze spullen. Doduerch verstoppen d’Kanalisatiounen dacks a musse regelméisseg sanéiert ginn! D’Hiersteller benotzen och extra méi kuerz Pabeierfaseren, fir dass se méi séier auserneefalen, wann se am Waasser opweechen. Mee doduerch ass de Pabeier da manner räissfest, an dat wëlle mer jo och net! Dofir ass d’Waasserléislechkeet dann trotzdem limitéiert.

Wéi kann een dee Problem da léisen?

Et wier méi ëmweltfrëndlech wa mer et géife ma wéi a villen asiateschen an arabesche Länner. Do wäschen d’Leit sech no der Toilette einfach mat enger Braus oder engem Bidet! Wa mer dat och esou géife maachen, da géife mer keng 1,6 Millioune Kilometer Toilettepabeier verbrauchen!

Wa mer eis dann tatsächlech rëm géife dru gewinnen, fir e Bidet ze benotzen!

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto: Kuba Bozanowski via Wikimedia Commons

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

     

Auch interessant

Genetik Kënnen DNA-Tester eis soen, wou mir hierkommen?

Kann ee mat engem DNA-Test erausfannen, wou seng Vireltere gewunnt hunn?

FNR
Repräsentative FNR-Umfrage Vertrauen der Bevölkerung in die Wissenschaft weiter gestiegen

Wie bewerten die Luxemburger die Rolle der Wissenschaft in der Covid-Pandemie? Wie hoch ist das Interesse an der Wissens...

FNR
Interaktive Konferenz Wie kann man als Bürger seine Umweltbelastung reduzieren?

Am 17. November 2020 findet die nächste interaktive Konferenz „So you think you’re green” statt (online). Diese konzentr...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR