5G Netz

shotshop.com

Wärend haut d‘4G-Netz ëmmer nach net déi ganz Fläch ofdeckt, gëtt schonn un enger Aféierung vum 5G-Netz geschafft.

Jo, dat ass ee vun de Versprieche vum 5G, der 5. Generatioun vun Handynetzer. Domat soll een net nëmme ganz Filmer an 2 bis 3 Sekonnen erofluede kënnen, mee, anescht wéi haut, och ouni Verzögerung Applikatioune steiere kënnen, wéi zum Beispill Chirurgie-Roboter.

Wat stécht da vun technesche Méiglechkeeten hannert dem 5G?

Dat wëssen d’Operateuren selwer nach net honnertprozenteg, well d‘5G-Handynetz soll e ganze Pak un neien Technologien erméiglechen. Vill dovu sinn emol nach guer net fäerdeg entwéckelt. Wichteg dobäi wäerte Millimeterwelle sinn. Dat si Funkwellen, déi e puer Millimeter laang sinn a bis elo ënner anerem fir Radar, Radioastronomie an bei Satelliten déi op d’Äerd kucken ugewannt ginn. Si hunn eng vill méi eng héich Frequenz wéi déi haiteg Funkwellen, op deenen Handysignaler iwwerdroe ginn. Dat heescht, si schwénge vill méi séier hin an hier a kënnen dowéinst vill méi Informatioune pro Sekonn iwwerdroen. Si hunn awer och ee groussen Nodeel.

An dee wär?

Den Handy muss ëmmer e Siichtkontakt mam Sender hunn. Do däerf also kee Bam am Wee stoen oder grad ee Camion duerch de Funkstrahl fueren. Fir dat d’Verbindung net zesummebrécht, berechent de Sender dowéinst ëmmer genee, wou den Handy grad ass. Wa néideg, léisst hien dann, zum Beispill, d’Funksignal geziilt un Hauswänn ofprallen. Sou gëtt en Hindernis ëmgaangen. Wéi eng Billardskugel kënnt d’Funksignal iwwer d‘Bänner un den Handy. Fir de 5G wäert een och vill méi Sendestatiounen opriichte musse wéi dat bis elo de Fall war, och a Gebaier, fir dat d’Signaler un all Wénkel kommen.

Ech wär schonn zefridden, wann ech haut iwwerall 4G hätt!

Ech och… Dee gréissten Notze vu 5G versprécht een sech och guer net fir déi privat Handynotzer mee fir dee sougenannten „Internet-of-Things“. Iwwerall wäre Mini-Sender an Empfänger ubruecht. Dann funkt zum Beispill d’Palette mat de Motordeeler, déi grad am Hafen ausgeluede ginn, automatesch de Camion un, deen dës an d’Fabrick féiere soll. De Funkmodule vum Camion hält d’Fabrick dann automatesch iwwer seng calculéiert Arrivée um Courant, fir dat sech de Produktiounsprozess op d’Liwwerung astelle kann, déi ënnerwee ass. A sou weider… Och autonom Autoe sollen iwwer d‘5G-Netz matenee kommunizéieren, fir zum Beispill Stau oder Accidenter z‘évitéieren. Mee vill Uwendunge gi sécher eréischt erfonnt, wann et d’5G-Netz gëtt.

Et muss also nach vill entwéckelt ginn?

Genee dowéinst bleift Fuerschung ëmmer spannend!

vun 1G bis 5G – eng kuerz Handygeschicht

Déi éischt mobil Telefoner waren Autostelefoner. An den USA ass et se schonn ab 1946 ginn. An de 70er an 80er Jore vum leschte Joerhonnert konnt een iwwer déi éischt analog Mobilfunknetzer telefonéieren. Réckbléckend goufen si als 1G bezeechent, also als déi éischt Generatioun. Richteg duerchgestart ass den Handy dann awer eréischt mat der digitaler Sproochiwwerdroung am Ufank vun den 1990er Joren. Et ass séier als 2G populär ginn. No der Joerdausendswend sinn dann no an no ëmmer besser Iwwerdroungsraten vun Donnéen dobäi komm, déi als 3G a 4G bezeechent gi sinn. Wärend haut d‘4G-Netz ëmmer nach net déi ganz Fläch ofdeckt, gëtt schonn un enger Aféierung vum 5G-Netz geschafft.

Gesondheetsgefor duerch d‘5G-Netz?

An engem Park am hollänneschen Den Haag soll beim Test vun engem 5G-Funkmast honnerte vu Vulle gestuerwe sinn. Dat mellen e puer Internetsäiten. Dës Horrornoriicht huet sech awer als séier falsch erausgestallt. An der Géigend vum Park gëtt et guer kee 5G-Funkmasten. Et mengt een, dat d’Vullen un enger anerer Ursaach wéi Gëft oder enger Infektioun gestuerwe sinn. Obwuel sech dës Noriicht als Fake erausgestallt huet, rode munch Experten, d’Gesondheetsgefore vun Handystrale laangfristeg ze beobachten. Bis elo weisen Ënnersichunge bei normaler Handynotzung keng eendeiteg Augmentatioun vum Kriibsrisiko.

Wéi sécher ass d‘5G-Netz virun Hacker?

Well mam 5G-Netz den „Internet-of-Things“ komme soll, warnen Experte viru méigleche Sécherheetsgeforen. Wann vu Maschinnen a Fabricken iwwer Autoe bis zu Häerzschrëttmaacher alles matenee vernetzt gëtt, steigen och d’Ugrëffsméiglechkeete fir Hacker. Enger Europäescher Agence fir Netz an Informatiounssécherheet no, schleeft d‘5G-Technologie awer nach Protokoller aus der Fréizäit vun den Handye mat sech, wéi Sécherheet nach net sou wichteg war. Dowéinst fuerderen si, beim Ausbau vum 5G-Netz d’Datesécherheet op den aktuelle Stand ze bréngen. Verschidden Experte mengen awer, dat et onméiglech wier, eis gesamt IT- a Kommunikatiounssystemer ze schützen. Sécherheet hätt bei hirer Entwécklung ëmmer nëmmen eng Nieweroll gespillt a mëttlerweil wieren si vill ze oniwwersiichtlech.

Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox

RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Auch interessant

Screentime fir Kanner Wéi vill Zäit sollte Kanner virum Ecran verbréngen?

Smartphone, Spillkonsol, Telé, Computer - grouss oder kleng Ecranen si jo haut fest an eis Liewen integréiert. Mee wéi v...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR
Schlofmangel Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

D’Nuecht war kuerz, an da leien d’Ae Moies an donkelen Hielen. Wou kommen dës Aereefer hier? A wat kann een dogéint maachen?

FNR