shotshop.com
Am Alter riskéiere vill Leit hir geeschtege Kräften ze verléieren. Demenz trëfft ongeféier all Zéngten iwwer 65 Joer. An d'Zuel vun de Betraffene klëmmt rapid. Ginn et Méiglechkeeten Demenz virzebeugen? A wa jo, wat kann ee konkret maachen?
Heele léisst sech des Krankheet bis elo net. An et kann een sech och net géint se schützen. Trotzdeem kanns Du de Risiko dement ze ginn erofsetzen. Fuerscher hunn eng ganz Rei Facteure fonnt, déi d'Entwécklung vun Demenz fërderen - an déi jidderee liicht evitéiere kann.
A wéi eng wären dat?
D'Weltgesondheetsorganisatioun WHO recommandéiert net ze fëmmen, Alkohol nëmmen a Moossen ze drénken a sech equilibréiert ze ernären. Dat bedeit: vill Uebst a Geméis, Nëss, Kären, gesonde Planzenueleg a Mieresfësch mat vill Fett.
Gëtt et nach aner Risikofacteuren?
Jo, zum Beispill Diabetis a Blutthéichdrock, Iwwergewiicht an héich Cholesterinwerter. Sou Erkrankunge sollen dofir fréi a grëndlech behandelt ginn.
Kann ee säi Geescht da géint Demenz equipéieren, zum Beispill duerch Rätselléisen?
Natierlech, dat kann hëllefen. Aktivitéiten, déi dee Geescht an Usproch huelen, droen zur Preventioun vun Demenz zumindest eppes bäi – zum Beispill Knobelen, Musek maachen oder eng Friemsprooch léieren.
Wichteg sinn awer och sozial Kontakter: Frëndschaften oder Gespréicher oder zesumme mat anere Leit eppes ënnerhuele loossen nei Verknëppungen tëscht Nervenzellen am Gehier entstoen.
Doduerch ginn d'Nervenzellen am Gehier méi resistent géint Schied. Duerch Langweil, eleng sinn an depressiv Stëmmung geet de Risiko fir Demenz am Alter dogéint erop.
Hëllefen och Pëllen?
Éischter net. D'WHO hält Tabletten, déi di kognitiv Leeschtungsfäegkeet stäerke solle fir wierkungslos a réit dovun of.
Demenz ass net gläich Demenz
Eng Demenz bedeit net just, datt d'Gediechtnes een am Stach léisst. D'Krankheet huet nach vill méi Gesiichter: d'Opmierksamkeet léisst no an d'Fäegkeet ze schwätzen an sech ze orientéieren. Dofir maachen Neurologen den Ënnerscheed tëscht zwou Forme vun Demenz: Am wäitste verbreet ass Alzheimer. Bei Leit, déi dorënner leiden, gesäit een Oflagerunge vu bestëmmten Eewäiss-Moleküllen am Gehier, an ee wichtege Botestoff gëtt ëmmer méi rar. Ob dat Ursaach oder Konsequenz vun der Krankheet ass, weess en awer bis elo nach net.
Kloer ass, dat bei Alzheimer no an no ëmmer méi Nervenzellen am Gehier stierwen. Dat féiert zu engem schlechte Verlaf vun der Krankheet: si fänkt harmlos un, mat e puer Lächer am Gediechtnes an hält beim totale Verloscht vun Erënnerungen an der Sprooch op.
Hannert enger anerer Form vun Demenz stieche Verännerunge vun der Bluttgefäässer am Gehier. Duerchbluddungstéierunge loossen Nerventissu ofstierwen. Heiansdo sinn och ee schwaache Schlag den Ausléiser vun der Krankheet. Alles an allem gëllt: De wichtegste Risikofacteur ass ganz einfach den Alter: wat ee méi al ass, wat eng Demenz méi warscheinlech gëtt.
Auteur: Ralf Butscher/scienceRELATIONS
Éditeur an Iwwersetzer: Michèle Weber/FNR
Infobox
https://www.who.int/mental_health/neurology/dementia/guidelines_risk_reduction/en/
All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.