shotshop.com

Batterien enthalen chemesch Energie, déi a Stroum emgewandelt gëtt.

Mr Science, wann eng Batterie eidel ass, leeë mer eng voll an. „Voll“ wëllt jo iergendwéi soen, datt eppes dran ass, an „eidel“, dass dat elo net méi dran ass. Ass eng eidel Batterie also méi liicht wéi eng voll?

Op den éischte Bléck ass eng eidel Batterie net méi liicht wéi eng voll. Eng Batterie ass jo normalerweis dicht. Et verdonst näischt, an et sabbelt och keng Flëssegkeet eraus. An et kënnt och näischt an d’Batterie eran.

Mä matt wat ass dann eng voll Batterie gefëllt?

Matt Energie. Batterie liwweren elektresch Energie. An zwar kënnt déi Energie net aus dem Näischt, mä ass schonn vun Ufank un an de Substanzen vun der voller Batterie gespäichert. Esou eng Form vun Energie gëtt chemesch Energie genannt, well se bei eng chemescher Reaktioun fräi gëtt. Wann eng Batterie Stroum liwwert, dann gëtt also chemesch Energie, déi an de Substanzen vun der Batterie dran ass, an elektresch Energie ëmgewandelt. Den elektresche Stroum hëlt des Energie matt aus der Batterie eraus. D’Batterie verléiert also Energie.

OK, d’Batterie gëtt also just eidel un Energie, awer si gëtt net méi liicht, oder?

Wann ee genee kuckt da schonn. Du hues dach bestëmmt schonn vum Einstein senger berühmter Formel héieren?

E= mc Quadrat? Huet déi eppes matt der Batterie ze dunn?

Jo, déi seet eis, wéi d’Mass vun engem Kierper matt der Energie zesummenhänkt. E steet fir Energie, m fir Mass, an c ass d‘Liichtgeschwindegkeet. D’Formel seet, datt, wann d’Energie vun engem Kierper méi grouss ass, och seng Mass méi grouss ass. A wëll eng eidel Batterie manner Energie enthält wéi eng voll, huet si also och manner Mass. Si ass also méi liicht.

OK, do hu mer et jo: Eng eidel Batterie ass also méi liicht wéi eng voll.

Ower nëmmen ganz e bëssen. Eng kleng AA Batterie gëtt en 10 Milliardstel Gramm méi liicht, wann se eidel gëtt. An dëse Gewiichtsverloscht ass iwwerhaapt net moossbar.

Auteur:  André Mousset (Physiker)
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Photo © Shotshop.com

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Wéi kënnen Batterie méi laang halen?

Eng Forschungsgrupp vun der Uni Lëtzebuerg versicht Batterien ze entwerfen, déi méi laang halen. An zwar doduerch, datt manner Energie ënner Form vun Hëtzt verluer geet. Besonnesch am Beräich vun der Energieeffizienz vun Nano Strukturen hunn d’Fuerscher nei universell Eegeschaften festgestallt, an domat zu engem bessere Verständnis vun Energie-Ëmwandlungen um Niveau vun de Moleküllen bäigedroen. Als praktesch Uwendung erhoffen sech d’Fuerscher, d‘Energieflëss an de ganz klengen Strukturen besser kontrolléieren ze kënnen, an esou d’Energieverschwendung däitlech erofsetzen ze kënnen.

http://wwwde.uni.lu/forschung/fstc/physics_and_materials_science_research_unit/news_events/handy_batterien_laenger_haltbar_machen

Neuheiten in der Wissenschaft Die wichtigsten Forschungsnachrichten aus Luxemburg - September 2022

Die neuesten wissenschaftlichen Erkenntnisse aus Luxemburg in kurzen Abschnitten zusammengefasst.

Overshoot Day 100 % erneierbar Energien zu Lëtzebuerg: Wier dat méiglech? A wa jo, wéi séier?

Momentan ginn zu Lëtzebuerg deenen aktuellen Zuelen no 9 % vum Stroum aus erneierbaren Energië produzéiert. Wier et méig...

FNR
Was ist besser für das Klima? Elektroantrieb vs. Verbrennungsmotor

Elektrofahrzeuge stoßen zwar bei der Fahrt kein CO2 aus, verbrauchen in der Herstellung aber weitaus mehr Energie als ei...