© ECGS
Zu Walfer gouf an der Nuecht vun e Samschden op e Sonnden eng Erschütterung gemooss. Ma wéi wees een, dass et eng Explosioun an net en Äerdbiewe wor?
Hei uewe gesäit een d’Bild wat de Seismograph vu Walfer an der Nuecht vun e Samschden op e Sonnden opgezeechent huet. Den Dr Adrien Oth, Fuerscher am European Center for Geodynamics and Seismology (ECGS) erkläert datt d’Vibratioune vu staarken Explosioune sech ähnlech wéi Äerdbiewen duerch déi ganz Äerdkrust iwwer déi ganz Welt ausbreeden, a soumat och zu Lëtzebuerg moossbar, mee natierlech net spierbar sinn.
Ënnerscheed Äerdbiewen - Bomm
Äerdbiewen, déi de Seismograph aus der aler Gipsminn zu Helsem bei Walfer normalerweis moosst, hunn e liicht anert Muster wéi punktuell Explosiounen: et ënnerscheet een tëschent Kompressiounswellen, Scherwellen an Uewerflächewellen. En Äerdbiewen, dat meeschtens duerch e Verrutsche vun Äerdplacke provozéiert gëtt, mécht dës 3 Zorte Wellen, eng Bomm provozéiert haaptsächlech Kompressiounswellen.
D’Verhältnis vun de Magnitudë vun dëse verschiddene Welle gëtt de Fuerscher Indikatiounen, em wat fir eng Origine et sech handelt. Dëse Fall ass kloer: et handelt sech ëm eng Explosioun.
Wéi ëmmer ass d’Realitéit natierlech méi komplizéiert: Eng Bomm vun der Stäerkt, wéi se a Nordkorea gezünt gouf, kann natierlech och aner Äerdbiewen ausléisen. An dësem Fall gëtt gemengt datt en Astuerz vun engem Tunnel en Nobiewe provozéiert huet.
Wasserstoffbomm oder Atombomm?
Wéi staark d’Bomm ass, déi gezünt gouf, ass schwéier ofzeschätzen, well de geologeschen Ënnergrond vun der Testplaz a Nordkorea de Fuerscher ausserhalb vum Land onbekannt ass. Ob et wierklech eng Waasserstoffbomm war, kann een eréischt zu engem spéideren Zäitpunkt mat Radionukléid-Miessmethode feststellen.
Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Editeur: Jean-Paul Bertemes (FNR)
Foto © ECGS - Op der Foto gesäit een d'Bild dat de Seismograph vum ECGS an der Nuecht vun e Samschden op e Sonnden opgeholl huet.