FNR

Ganz fréier hat de Blinddarm eng ganz aner Aufgab wéi haut: en huet dem Kierper gehollef Närstoffer aus Planzen ze verdauen.

Mr. Science, wann de Blinddarm entzünt ass, gëtt e meeschtens erausoperéiert. Fréier gouf dat Organ als iwwerflësseg bezeechent. Mee huet de Blinddarm net awer eng Funktioun?

Du hues Recht. Bei de Medezinner war de Blinddarm joerzéngtelaang verkannt. Mee an der Tëschenzäit ass kloer: Dee klengsten Deel vum mënschlechen Daarmsystem notzt dem Kierper op vill Manéieren. En ënnerstëtzt d'Verdauung, mécht eis Immunofwier méi staark a suergt eventuell och fir eng üppeg a gesond Daarmflora. Dobäi muss een allerdéngs en Ënnerscheed maachen tëscht dem Blinddarm an engem bestëmmten Deel dovunner.  

A wéi enger Hisiicht?

Dee ronn 6 bis 8 Zentimeter laange Blinddarm ass den Ufank vum Déckdaarm. E gesäit aus wéi e klénge Säckelchen an huet eng Klapp, déi sech beweege kann an nëmmen an eng Richtung opgeet. Déi suergt dofir, datt den Iessensbräi vum Dënndaarm an den Déckdaarm kënnt - awer ëmgekéiert kee verdauten Iessen inklusiv Bakterien aus dem Déckdaarm zeréckfléisse kann. Un der Säit vum Blinddarm ass ausserdeem nach e klénge Wutz, deen ausgesäit wéi e Réierchen: den Appendix. Deen ass nëmme 6 Millimeter dënn a jee no Persoun tëscht 2 an iwwer 20 Zentimeter laang.

A wat ass domadder?

Op där enger Säit ass den Appendix deen Deel vum Organ, dee bei enger Blinddarmentzündung betraff ass - an dann dacks erausgeholl gëtt. Op där anerer Säit schützt en de Kierper virun Infektiounen.

Wéi mécht en dat dann?

Déi bannenzegt Wand vum Appendix ass mat enger Schläimhaut iwwerzunn, déi wichteg Bestanddeeler vun der Immunofwier produzéiert: z.B. bestëmmte Lymphocyten, also Ofwierzellen, déi Mikroben, déi ee kënne krankmaachen, erkennen a bekämpfen. Virun allem bei Kanner dréit dësen Deel vum Blinddarm zu engem groussen Deel zur Entwécklung vum Immunsystem bäi.

A wat ass mat der Daarmflora?

Och dobäi spillt den Appendix eng entscheedend Roll. Zanter e puer Joer denke Fuerscher, datt de Blinddarm eng Zort Réckzuchplaz oder Reservoir fir "gutt" Daarmbakterien ass, op déi de Mënsch fir d'Verdauung vum Iessen ugewisen ass.
Bei enger Daarminfektioun kommen jo zousätzlech "béis" Bakterien an den Daarm eran. Bei Duerchfall probéiert de Kierper dëse Problem ze léisen, andeems en d'Bakterien erëm ausscheet, woubäi awer och vill vun de kierpereegene Mikroorganisme verluer ginn. D'Thees vun de Fuerscher ass: Fir duerno erëm eng gesond Daarmflora mat "gudde" Bakterien opzebauen, koloniséiere Bakterien aus dem Appendix vum Blinddarm de ganzen Daarm a stäerken sou erëm eis Daarmflora.

Dat heescht et ass net ëmmer eng gutt Iddi de Blinddarm respektiv den Appendix erauszehuelen?

Déi meescht Leit, bei deenen den Appendix erausoperéiert gouf, hunn duerno keng gesondheetlech Problemer. Allerdéngs schéngt et sou ze sinn, datt Infektioune bei Leit ouni Appendix dacks méi schlëmm verlafe wéi bei aneren, déi en nach hunn. An et schéngt wéi wann d'Daarmflora sech bei Leit ouni Appendix no Duerchfall méi lues erëm erhëlt. D'Fuerschung geet weider. A wie weess, wat d'Wëssenschaftler nach alles iwwert de Blinddarm an den Appendix entdecke wäerten. Et bleift also spannend an der Fuerschung!

Infobox

Vegetarescht Iesse verdauen - déi ursprénglech Funktioun vum Blinddarm

Ganz fréier hat de Blinddarm eng ganz aner Aufgab wéi haut: en huet dem Kierper gehollef Närstoffer aus Planzen ze verdauen. D'Bakterien am Déckdaarm dinn sech schwéier domat, déi doran enthalen Närstoffverbindungen ze zerleeën. Bei de Virfahren vu moderne Mënsche goufen des dofir fir d'éischt am Blinddarm gespléckt an esou prett fir d'Verdauung gemaach - wéi an enger Gärkummer. Beim Mënsch ass des Funktioun dann am Laf vun der Evolutioun iwwerflësseg ginn, well d'Zesummesetzung vun der Daarmflora sech geännert huet.

Vill Déieren, déi sech exklusiv vu Planzen ernieren, sinn awer ëmmer nach op d'Virverdaue vum Iessen am Blinddarm ugewisen, z.B. Nashörner, Mierschwéngercher a Päerd. Déi hunn dofir e vill méi grousse Blinddarm wéi mir: en ass ronn ee Meter laang. An iwwregens: aner Planzefrësser wéi Kéi oder Schof hunn dëse Problem op eng aner Manéier geléist. Si zerleeën d'Iessen duerch Idderzen (Wiederkäuen).

Mandelen, Mëlz a Co. – mir brauchen se all!

Datt de Blinddarm fréier fir iwwerflësseg gehale gouf, geet op d'Entwécklung vun der Evolutiounstheorie zeréck. D'Biologen hu geduecht, datt d'Evolutioun dem mënschleche Kierper lues a lues nei a besser Léisunge bruecht hätt an dobäi e puer Organer als wäertlos Iwwerreschter zréckgelooss goufen. Dozou sollten och Mandelen, Mëlz an d'Krippche gehéieren. Mee och des Kierperdeeler hunn en Notzen. Sou ënnerstëtzen d'Mandelen am Hals d'Immunofwier vum Kierper. D'Mëlz suergt bei Kanner dofir, datt am Blutt genuch rout Bluttkierpercher sinn - eng Aufgab, déi herno d'Schankemuerch iwwerhëlt. Wann d'Schankemuerch krank gëtt, kann d'Mëlz och bei Erwuessenen erëm als Produzent vun de Bluttbestanddeeler asprangen. Gi rout Bluttkierpercher al an onbrauchbar, filtert d'Mëlz se aus dem Blutt eraus. D'Krippchen ass och méi wéi just e verkëmmerten Iwwerrescht vun engem Schwanz. Vun him gi ganz vill Muskelen a Bänner aus, déi néideg si, fir riicht kënnen ze sëtzen, ze goen, an de Schléissmuskel ze beweegen!

Auteur: scienceRELATIONS/Ralf Butscher
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/
 

Quellen

Auch interessant

Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR
November-Blues Wat kann ee maachen, fir seng Laun ze verbesseren?

Dréif Novemberdeeg – dréif Laun. Wat kann ee maachen, fir och an dëser Zäit gutt drop ze sinn?

FNR
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR