Wéint dem Coronavirus sinn den Ament vill Kanner mat hieren Elteren doheem. Mir offréieren dowéint lo all Dag 1-2 flott an einfach Experimenter fir doheem nozeman. Vill Spaass beim Ausprobéieren! :)
Fir de Relaunch vu science.lu huet d’science.lu-Equipe eng Science Street Show gemaach, mat Experimenter, déi mer schon ëmmer eng Kéier wollte vierféieren. En Zesummeschnëtt am Video.