Gedächtnis

Adobe Stock

Mr. Science, si vill vu menge Kandheetserënnerunge falsch?

De Problem ass: Du kanns et net selwer erausfannen! Well fir eis wierke falsch Erënnerunge genee esou iwwerzeegend ewéi echter. Dat konnte Fuerscher:inne beweisen, andeems si Versuchspersoune gefälschte Fotoe gewisen hunn. Dës Probandinnen a Probanden hu sech dann zum Beispill gesinn, wéi si als Kand op engem Elefant souzen, an hunn d'Geschicht dozou héieren, mat wéi engem Familljemember si dat erlieft hätten. Um Enn hu vill vun hinnen d'erfonnte Geschicht gegleeft. Verfälschten Erënnerunge kënnen och entstoen, wann eng Geschicht ëmmer nees erzielt an dobäi ëmmer weider ausgebaut gëtt. Erënnerunge sinn also keng onverännerlech Donnéeën an engem Archiv, mä éischter ewéi Figuren aus Plastilinn, déi ee permanent anescht kniede kann.

Firwat sinn Erënnerungen esou formbar?

Dat läit dodrun, dass si no den aktuellen Erkenntnisser aus Netzwierker besti mat Nervenzellen, déi matenee verbonne sinn. Wann ech mech also u meng al Schoul erënneren, lafen elektresch Impulser duerch d'Nervenzellennetzwierk, dat meng al Schoul duerstellt, a wann ech mech u mäin éischte Kuss erënneren, gëtt en anert Netzwierk aktivéiert. An ëmmer wa Verbindungen tëschent Nervenzellen aktivéiert sinn, kënne si an deem Moment liicht Verknäppunge mat aneren Nervenzellen hierstellen. Wann ech mech also gläichzäiteg u meng al Schoul an u mäin éischte Kuss erënneren, kann et sinn, dass sech béid Nervenzellennetzwierker matenee verbannen. Ech mengen dann, dass ech déi éischte Kéier a menger aler Schoul gekusst hunn, obwuel dat vläicht guer net de Fall war. Esou Verknäppunge si bei privaten Erënnerungen net wierklech schlëmm. Bei Zeienaussoen ass dat awer eng aner Saach: An enger Ënnersichung aus den USA souzen iwwer zwee Drëttel vun de Persounen, déi zu Onrecht verurteelt gi waren, opgrond vu falschen Zeienaussoen am Prisong.

Sollt ee sech also léiwer guer net op Zeienaussoe verloossen?

Et ginn e puer Tipps aus der Fuerschung, wéi ee si zumindest besser aschätze kann. Zeie sollte méiglechst séier no der Dot befrot ginn a si sollten dobäi och uginn, wéi sécher si sech sinn, zum Beispill den Täter op de gewisene Fotoen erëmzeerkennen. Well dës Aschätzung ass bei der éischter Interrogatioun nach relativ zouverlässeg. Ginn Zeien awer an der Zäit bis zum Prozess ëmmer nees befrot, da kënne sech Erënnerungen, déi am Ufank onsécher waren, verfestegen an zu falschen Urteeler féieren.

D'Fuerschung an dësem Beräich ass also wichteg fir eng gerecht Justiz!

A si kann esou spannend sinn ewéi e Krimi!

Infobox

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Editeur: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Auch interessant

Dissertation in drei Minuten Parkinson: mehr als nur eine Bewegungsstörung

Die Doktorandin Laure Pauly erforscht an der Uni Luxemburg das retrograde prozedurale Gedächtnis von Parkinson-Patienten...

Gesundheit Wege zur frühzeitigen Diagnose von Alzheimer-Erkrankungen mithilfe eines Videospiels

Das Videospiel als Diagnose-Tool: Eine Forschergruppe nutzt die Zusammenhänge zwischen der Orientierungsfähigkeit und de...

FNR
Schmerzforschung Wer ist schmerzempfindlicher - Männer oder Frauen?

Es heißt oft, Männer könnten schon allein deshalb keine Kinder zur Welt bringen, weil sie dafür viel zu wehleidig seien...

Auch in dieser Rubrik

Gediechtnes Firwat léiert ee Songtexter méi einfach ewéi Physiksformelen?

Mr Science, wann ech e Lidd eng Kéier héieren, kennen ech de Refrain direkt auswenneg. Firwat verhalen ech d'Songtexter esou einfach, woubäi ech mat thermodynamesche Formelen ëmmer hu misse kämpfen?

FNR
Hühnerei
An d'Schuel geschmass Firwat ginn et wäiss a brong Héngereeër?

Firwat sinn Héngereeër eigentlech wäiss oder brong a wéi kënnt d'Faarf an d'Schuel?

FNR
Optik vum mënschlechen A Wéi vill (Mega-)Pixel huet eist A?

Mr Science, ëmmer méi Bildschiermer a Fotoapparater bidden enorm héich Opléisungen. Wéi vill Megapixel hätten eis Aen eigentlech, wann et Fotoapparater wieren?

FNR