© shotshop.com

De Mieresniveau géif 60-70 Meter klammen.

Duerch déi global Erwiermung gi Gletscheren zréck, an d’Äis op de Polen schmëlzt wouduerch de Mieresniveau steigt. E Nolauschterer huet d’Fro gestallt, op och Lëtzebuerg kéint ënnergoen.

An deenen nächste puer Dausend Joren ass dat sécher net méiglech. Mir leie méi wéi 200 Meter iwwer dem Mieresspigel. Wann dat ganzt Äis um antarktesche Kontinent an op Grönland schmëlze géif, da géifen d’Mierer 60-70 Meter steigen. Souwäit d’Wëssenschaft!

Holland wäert ower da sécher verschwannen, an och en Deel vun der Belsch?

Jo Holland wier quasi total verschwonn! Mee Lëtzebuerg kritt keng Plage... Déi wier dee Moment bei Bréissel - a Köln wier schonn ënner Waasser – Bis et sou wäit ass dauert et awer nach bëssen.

Wéi séier geet dann de Mieresniveau an d’Luucht?

Am 20. Joerhonnert ass de Mieresniveau em 17 Zentimeter ugestigen. Mee d’Vitess, mat där d’Mier steigt ass am Gaang zou ze huelen. (Also, de Niveau geet ëmmer méi séier an d’Luucht). Fir d’21. Joerhonnert leien d’Prognose jee no jo Zeenario, tëscht 30 Zentimeter an engem Meter. Alarmistesch Aussoe gi esouguer bis 2 Meter.

Vläicht sinn déi 2 Meter dach net esou falsch? Et liest jo ower ëmmer erëm, datt d’Äis um Nordpol drastesch zréck geet.

D’Äis vum Nordpol schwëmmt jo um Mier. Esouguer wann et ganz ewech schmëlze géif, géif de Mieresniveau kee Millimeter erop goen. Vun den Äisbierger wësse mer, datt dat Allermeescht vum Äis ënner Waasser ass. An an dëse Volumen, ënner Waasser, passt all d’Waasser, wat beim Schmëlze vum Äis entsteet.

Also alles nëmmen hallef esou schlëmm?

Fir Holland jo! Räich Länner wäerten sech zumindest nach déi nächst 100 Joer schütze kënnen. Op aner Plazen wéi de Maldiven z.B. kéinten d’Konsequenzen ower wesentlech méi schlëmm sinn!

Auteur:  André Mousset (Physiker)
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Photo © Shotshop

Infobox

Mister Science op Eldoradio

 

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Des Fro gouf den 25.05.2016 opgeholl.
Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

 

 

Fuerschung zu Lëtzebuerg

 

Am LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) ginn Iwwerschwemmungen mat Hëllef vun Satelittebiller studéiert. Et ginn och Modeller entworf, wéi Iwwerschwemmungen entstinn an erëm zreckginn, mam Zil d'Previsiounen vun Iwwerschwemmungen ze verbesseren.  Weider Informatiounen op der Internetsait vum LIST.

 

 

Mier a Plage to go Firwat héiert een a verschiddene Muschelen d'Mier dauschen?

Hält een eng Muschel un d'Ouer, da mengt een, et géif een d'Mier dauschen héieren. Mä wou kommen dës Geräischer a Wierkl...

FNR
Mensch - Ernährung: Salz Wie kann Salz aus Meerwasser gewonnen werden?

Die Schülerinnen und Schüler erforschen, wie Salz mittels Verdunstung aus Salzwasser gewonnen werden kann.

Plastik am Mier Wann d´Mier voller Plastik ass – land en dann och am Fësch op mengem Teller?

An de Mierer schwammen onmoosseg grouss Quantitéite Plastik ronderëm. Verschidden Mieresdéiere verschlécken dëse Plasti...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR
Schlofmangel Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

D’Nuecht war kuerz, an da leien d’Ae Moies an donkelen Hielen. Wou kommen dës Aereefer hier? A wat kann een dogéint maachen?

FNR