Silberfisch

shotshop.com

Sëlwerfësch ernäre sech vun Zocker, Stäerkt, Zellulos oder Reschter vu Pech. Bicher si fir si also ganz appetitlech.

Déi ronn een Zentimeter laang Insekte liewen haut virun allem synanthrop. Dat heescht, datt een se bis op e puer Ausnamen nëmmen a Wunngebidder vu Mënsche fënnt. Et ass awer keen Unzeechen, dass eng Wunneng oder en Haus net propper ass.

Si hunn et gär waarm, fiicht an däischter. Dofir gi se vun heemelege Kichen, schlecht gelëfte Buedzëmmer oder schuckelegen Wäschkiche magesch ugezunn.

Liicht hu se par konter guer net gär. Dofir verkrauchen sech déi sëlwer blénkeg Déieren daagsiwwer a klenge Rëss, Nischen oder hannert den Tapéiten a gi réischt an der Nuecht op d'Sich no Fudder.

Fir dann iwwert meng Bicher hierzefalen...

Dat ka sinn. Well des Déieren ernäre sech vun Zocker, Stäerkt, Zellulos oder Reschter vu Pech. Bicher si fir si also ganz appetitlech. Awer och bei Stëfter wéi Léngent oder Kotteng soe si net Nee. Si sollen anscheinend kapabel sinn, d'Zellulos direkt an Zocker ze splécken. Dat kënnt bei Déiere ganz seele vir. Déi meescht Déiere brauche fir d'Verdauung vu Planzefasere Mikroorganismen an hirem Gedäerms.

Sëlwerfësch sinn also schiedlech Plogeeschter?

Sou pauschal kann een dat net soen. Natierlech kënnen hier Iessgewunnechten am schlëmmste Fall Kleeder oder Pabeier futti maachen. Mee dat geschitt eigentlech just, wann der vill do sinn. Wann se sech allerdéngs esou massiv verbreeden, dann heescht dat awer och datt déi betraffe Raim e Problem mat Fiichtegkeet hunn.

Ausserdeem stinn och Hautschuppen, Hausstëbsmilben a Schimmelpilz op hirem Menü, wouriwwer Leit mat Allergie sech villäicht freeë kënnen. Allerdéngs huet eng wëssenschaftlech Etüd och gewisen, datt d'Déiercher selwer Allergie provozéiere kënnen. Soss iwwerdroen se awer keng Krankheeten.

Infobox

Wat kann ee géint Sëlwerfësch maachen?
  • E puermol am Dag gutt lëften
  • Am Buedzëmmer naass Teppecher oder Handdicher nom Duschen gutt dréchnen (evtl op enger anerer Plaz)
  • Naass Wäsch net a Raim ouni Fënster dréchnen
  • Rëss oder Nischen an der Mauer zoumaachen
  • Wann et ganz schlëmm ass, Falen opstellen – déi kann een och ganz einfach selwer maachen, z.B. fiicht Dicher mat Zocker oder Kartong mat Hunneg aschmieren an iwwer Nuecht opstellen. Déi kënnen den Dag duerno um Kompost entsuergt ginn.
Fësch am Haus

Lepisma saccharina, wéi d'Sëlwerfësch op Latäin heeschen, gi vun de Biologen zur Uerdnung vun de Fësch (op Latäin Zygentoma) gezielt. Zesumme mat hirer Verwandschaft bevëlkeren si eis Äerd scho säit 300 bis 400 Millioune Joren. Si waren also schonn do, éier et Dinosaurier gouf!

Fënnef vun de sechs Zorten, déi a Mëtteleuropa liewen si gär no beim Mënsch. Den Uewefësch z.B. (op Däitsch: Ofenfischchen, lat. Thermobia domestica). Hie verdankt säin Numm senger Virléift fir zimmlech héich Raumtemperaturen. Hie fillt sech réischt ab 32 Grad Celsius sou richteg wuel a léisst sech an eise Géigenden virun allem a Bäckereien a grousse Kichen néier. D'Fiichtegkeet, déi e fir ze Liewe brauch, zitt en iwwregens mat Hëllef vu sengem Enddarm aus der Loft. De wirtschaftleche Schued, deen des Déiere verursaachen, hält sech a Grenzen.

Bei hire Cousinen, de Pabeierfësch (dt.: Papierfischchen, lat.: Ctenolepisma longicaudata) gesäit dat schonn anescht aus. Fir Laie si si vu Sëlwerfësch kaum ze ënnerscheeden an hu sech och op Haiser a Wunnenge vu Mënsche spezialiséiert. Allerdéngs ginn d'Pabeierfësch mat engem méi dréchenen Ëmfeld eens. Dofir friesse si sech gären duerch Bibliothéiken, Archiven oder Pabeierlager.

Nei dobäi komm sinn d'Geeschterfësch (dt.: Geisterfischchen, lat.: Ctenolepisma calva. Déi éischt europäesch Exemplairen vun dëser Zort, déi eigentlech um indesche Subkontinent lieft, gouf 2017 zu Chemnitz entdeckt. Si hu sech säitdeem klammheemlech an eis Wunnraim erageschlach.

Eng aner Zort, déi am Gaang ass sech ze verbreeden, ass de Kammfësch (dt.: Kammfischchen, lat.: Ctenolepisma lineata, dee vu Südeuropa Richtung Norde wandert. Just de Seechomesefësch (dt.: Ameisenfischchen, lat.: Atelura formicaria fënnt een an eiser Géigend an der fräier Natur. Hie wunnt a Seechomessennäschter.

Dancer in the Dark

D'Paarung vun de Sëlwerfësch fänkt mat engem Danz am Däischteren un. Den Thermometer weist bal 30 Grad. D'Loft ass fiicht wéi an den Tropen. Mat senger Choreographie beandrockt de Sëlwerfësch-Männchen seng Auserwielten. D'Opreegung klëmmt, bis se sech allebéid net méi bremse kënnen. Elo lafen se wéi wëll ronderëm an dann ass et sou wäit: ganz propper leet de Papa in spe e Säckelche voll Spermien an engem Netz aus selwer gesponne Fiedem of. Dat kroopt sech seng Partnerin, déi d'Befruchtung selwer an d'Hand hëlt a leet dann hier Eeër.

No e puer Woche kënnt den Nowuess op d'Welt. A wann d'Konditioune stëmmen, si se no gutt engem Joer selwer geschlechtsräif. Sëlwerfësch verkoppelen sech net nëmme bis zu hirem Doud, si wuessen och hier Liewe laang. A fueren dobäi méi dacks aus der Haut. Well déi gëtt hinne reegelméisseg ze enk a muss ofgeluecht ginn. E puer Exemplairë maachen dat bis zu 60 mol an engem Liewen, wat bis zu aacht Joer dauere kann.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Quellen

http://www.silberfische-ratgeber.de/woher-kommen-silberfische/#:~:text=Silberfischchen%20leben%20%C3%BCberwiegend%20in%20Rohr,Tag%20vorfinden%20und%20ausreichend%20Nahrung

https://de.wikipedia.org/wiki/Fischchen

https://de.wikipedia.org/wiki/Silberfischchen

https://en.wikipedia.org/wiki/Silverfish

R. Wehner: Zoologie. 24. Aufl. Thieme, Stuttgart 2007, Kap. 4,

Gerhard Heldmaier, Gerhard Neuweiler: Vegetative Physiologie. In: Vergleichende Tierphysiologie. Band 2. Springer, 2004, ISBN 3-540-00067-4, S. 327

Dietmar Zinkler & Michael Götze (1987): Cellulose digestion by the firebrat Thermobia domestica. Comparative Biochemistry and Physiology, Part B: Comparative Biochemistry, Volume 88, Issue 2: 661–666.

A.M. Witteman, S. van den Oudenrijn, J. van Leeuwen, J. Akkerdaas, J.S. van der Zee, R.C. Aalberse (1995): IgE antibodies reactive with silverfish, cockroach and chironomid are frequently found in mite-positive allergic patients. International Archives of Allergy and Immunology 108(2):165-169. PMID 7549504

Zachary Curran DeVries: Respiratory Physiology of Urban Insects. Thesis, Auburn University, Australia, 2013.

https://chemnitz.de/chemnitz/de/aktuell/presse/pressemitteilungen/2017/337.html

Mister Science op ELDO RADIO

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Auch interessant

Vogelzug Boten des Frühlings: Kraniche ziehen über Luxemburg

Hast du ihn gesehen: den Vogelzug am Wochenende? Wo kommen die Vögel her und wo fliegen sie hin? Vogelexperte Patric Lor...

Pisa Summerchallenge Wéi di Wëll duerch Lëtzebuerg

Wéi de Wollef sinn den Olivier Catani a de Mister Science emol queesch duerch d’Land getrëppelt. Si hunn dobäi keng Dier...

RTL, FNR
Ouni Schlof! Ginn et Déieren, déi net schlofe mussen?

Mr Science, dëse Weekend war ech esou groggi – ech hu bal nëmme geschlof. Iergendwéi ass dat jo och Zäitverschwendung.

FNR