Betong struktur

(C) Pixabay

Bëtong gouf vun de Réimer erfonnt. 2000 Joer méi spéit probéiere Fuerscher d’Geheimnis vun hirer Bëtongsmëschung ze lëften. An zwar well hiren Bëtong méi resistent ass, wéi eisen hautdesdaags.

Wisou kucken sech Fuerscher al réimesch Bëtongsstécker un, fir besseren Bëtong ze entwéckelen?

Ma se hunn sech einfach gewonnert wisou de Bëtong vu munche réimescher Hafen-Bauwierker och no 2000 Joer nach ëmmer dem salzege Mierwaasser an de Welle stand hält. Moderne Bëtong wier bei dëse Belaaschtunge scho laang zerbréckelt.

An wat ass d’Geheimnis vun den antike Baumeeschteren?

Bëtong ass eng Mëschung aus méi oder manner grousse Stengelcher, Sand, Zement a Waasser. D’Fuerscher hunn erausfonnt, dass d’Réimer zousätzlech  Vulkanäschen an hire Bëtong gemëscht hunn. Wann dës Mass haart gëtt, verpescht d’Äschen déi eenzel Komponente besonnesch gudd an de Bëtong ass vill méi resistent géint Belaaschtungen aus der Ëmwelt.

Gëtt hautdesdaags dëst aalt réimescht Rezept rëm benotzt?

Anverännerter Form, jo! Jenodeems, firwat de Bëtong agesat gëtt, gëtt zum Beispill Fluchäsche bäigemëscht, dat ass en Offallproduit aus de Kuelekraaftwierker. D’Fuerscher experimentéieren och mat aneren Zousätz. Se mëschen zum Beispill ganz reng Mineralpartikelen an de Bëtong. Dës si just e puer zéngdausendstel Millimeter kleng.

Wat bréngt dat wann een sou kleng Partikelen an de Bëtong mëscht?  

Normalem Bëtong huet kleng Huelraim an deene liicht Rëss entsti kënnen. Wann en elo dem Bëtong extrem kleng Partikele bäimëscht, da fëllen déi dës Huelraim. De Bëtong gëtt doduerch méi stabil. D’Bëtongsentwéckler mëschen awer och butzeg Faseren aus Plastik oder Stol mat an de Bëtong. Déi halen en dann nach zousätzlech zesummen. Dat nennt een dann Ultrahéichfeste Bëtong, e chicen Numm, nee?

Naja…, ass dëse superstabile Bëtong da schonn am Asaatz?

Jo, bei e puer Baute gouf schonn domat experimentéiert. Wëll de Bëtong sou stabil ass, kënne Bauwierker mat wéineg Bëtong gebaut ginn. Et brauch ee manner Matière Première an Energie fir de Bëtong ze produzéieren an d’Bauwierker gesi méi elegant aus. Bei enger Bréck fueren d’Autoen an Zukunft iwwert eng Bëtongsplack déi alles dréit an nëmmen e puer Zentimeter dënn ka sinn

Majo da musse mer jo op eis Ingenieure vertrauen an hoffen, dat eis Brécke genee sou laang hale wéi déi vun de Réimer.

Mir kenne jo an 2000 Joer nach eng Kéier driwwer schwätze…

 

Auteur: Ingo Knopf

Editeur: Joseph Rodesch (FNR)

Traducteur: Sophie Steinmetz

Photo: (c) Pixabay

 

Infobox

Mr Science op RTL Radio

all 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Auch interessant

Researchers at School 2024 Fuerscher ginn zréck an d'Schoul!

Bei der Aktioun "Researchers at School", déi vum 11. bis den 15. Mäerz 2024 stattfënnt, léiere Lycéesklasse Fuerscher a ...

FNR
Gesundheit Welche Auswirkung hat die Trennung der Eltern auf das Körpergewicht ihrer Kinder?

Forscher aus Luxemburg und London haben festgestellt: Nach einer Trennung der Eltern steigt der Body-Mass-Index (BMI) de...

EU-Austritt Großbritanniens Welche Folgen hat der Brexit für die Europäische Forschung?

In der EU zählt Großbritannien zu den wichtigsten Forschungspartnern. Entsprechend besorgt ist die Wissenschaft mit Blic...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR