Gänsehaut

© Ildar Sagdejev/Wikimedia

Wann d’Hoer net platt opleien, mee sech e bëssen opriichten.

Ech falen all Joer drop eran! Am Fréijoer, wann et ufänkt waarm ze ginn, paken ech d’Summerkleeder aus an d’Jackett bléift doheem. Mee sou bal d‘Sonn fort ass, oder et ass eng kleng Loft, gëtt et mega kal an d’Hingerhaut geet mer aus! Wat soll dat iwwerhaapt?

Am Fréijoer ass et amfong nach guer net esou waarm wéi’s du mengs! Wann d’Sonn op dech schéngt gëtt et dir zwar gutt waarm, mee d’Loft an de Buedem sinn awer nach kal. Soubal d’Sonn also fort ass, killt deng Haut of. An däi Kierper muss sech jo awer iergendwéi opwierme wann’s du d’Jackett doheem léis. 

Mee firwat da grad Hingerhaut? Dat gesäit jo och nach deck blöd aus!

Wann d’Hoer net platt opleien, mee sech e bëssen opriichten, bléift Loft dotëscht hänken. Esou entsteet eng kleng Isoléierschicht déi verhënnert dass de Kierper zevill ofkillt.

Lo geet et awer duer! Esou hoereg sinn ech net! Ech gesinn net, wéi bei mir tëscht deenen eenzelnen Hoer op den Äerm Loft kéint hänke bleiwen!

D’Hingerhaut ass eppes wat mer vun eise méi pelzege Virfahre geierft hunn, mee wat an der Tëschenzäit bei eis net méi funktionéiert, well mer jo kee Pelz méi hunn.

Dann hëlleft et jo och guer näischt!

Genee!

Ah! Ok! Mee wat schützt eis dann elo wierklech virun Ënnerkillung?

Ma normalerweis, kuerz nodeems d’Hingerhaut der aus geet, schudders de dech! Dat kennt doduerch dass d’Muskele rondrëm dengen Organer sech spontan a reflexarteg zesummenzéien. Doduerch produzéieren se Hëtzt a wiermen dech vu bannen eraus nees op!

Dat heescht och wann d’Hingerhaut fir absolut näischt gutt ass, ass et awer dat éischt Zeechen dass et der ufänkt seriö kal ze ginn!

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
 

Schéck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

A wéi as et bei de Puppelcher?

Fir kleng Puppelcher ass et schwéier fir hier Kierpertemperatur konstant ze halen. Soulaang se am Bauch waren, huet d’Mamm sech jo dorëm gekëmmert! Si kenne sech jo nach net beweege fir zum Beispill eppes méi unzedoen oder entzwuesch ze goe wou et e bësse méi waarm ass. A verschidde Reflexer, wéi zum Beispill schudderen oder schweessen, sinn nach net ganz entwéckelt.

Fir hier Kierpertemperatur trotzdem genee kennen ze regelen, hun si brongt Fettgewebe hannen am Réck. Et fänkt zum Schluss vun der Schwangerschaft u produzéiert ze ginn a bei der Gebuert mécht dat 2-7% vum Puppelche sengem Gewiicht aus.

Brongt Fettgewebe enthält extrem vill Mitochondrien, eng Zellstruktur déi fir d’Hirstellung vun Energie zoustänneg ass. Déieren déi Wanterschlof halen hunn en ähnlecht Fettgewebe fir sech de Wanter iwwer waarm ze halen a genuch Energie ze hun fir déi liewenswichteg Organer um Lafen ze halen.

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

Et ass ëmmer ugeholl ginn dass brongt Fettgewebe just eng temporaire Struktur bei de Puppelcher wier fir hier Kierpertemperatur an deenen éischte Méint ze reguléieren.  Virun engem Joer awer huet den Dr Sven Enerbäck vun der Uni vu Göteburg brongt Fettgewebe am Genéck vun Erwuessene fonnt. Zesumme mat zwou aner internationale Fuerschungsequipen gëtt elo gekuckt op een dëst Gewebe kéint als Traitement géint Iwwergewiicht benotzen.

Auch interessant

Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR
November-Blues Wat kann ee maachen, fir seng Laun ze verbesseren?

Dréif Novemberdeeg – dréif Laun. Wat kann ee maachen, fir och an dëser Zäit gutt drop ze sinn?

FNR
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR