© Wikimedia

Oft héiert een d’Leit soen: „Oh wat ass et mir kal! Ech hoffen ech hu lo muer net de Schnapp!“ oder d’Mamm seet eis: „Gei lo net mam naasse Kapp eraus, soss gëss de rëm krank!“ Mee eigentlech gëtt ee vun der Keelt net krank! Soss miissten d’Eskimoe jo di ganzen Zäit de Schnapp hunn!

Ma wann et net d’Keelt ass, vu wat gëtt een da krank?

All Krankheet gëtt ëmmer vu Bakterien oder Viren ausgeléist. Ouni déi geet et net. Mir ootmen där all Dag e puer dausend an, a Verschiddener léisen dann eben eng Krankheet aus.

Ma firwat si mer dann net di ganzen Zäit krank?

Et ass eisen Imunsystem deen eis géint di Mikrobe schützt. Soubal iergendwou e Mikrob an eisem Kierper optaucht gëtt Alarm geschloen. Da gi wäiss Bluttkierpercher iwwert eist Blutt op di betraffe Plaz bruecht an déi man de Mikrob da futti.

Ass dat mat der Keelt da just Zoufall? Oder sinn da méi Mikroben an der Loft?

Nee nee, guer net! Wa mir net waarm genuch ugedo sinn huet eise Kierper et schwéier fir seng Temperatur vun 37°C bäizebehalen. D’Gehir an eis Organer hunn absolut Prioritéit, dofir ginn aner Saache wéi d‘Hänn oder d‘Féiss bësse vernoléissegt. Déi ginn da manner duerchblutt a verbrauchen net esou vill Hëtzt.

Et sinn awer net nëmmen d’Hänn an d’Féiss déi manner duerchblutt ginn, mee och eis Schleimhaut an der Nues an an der Strass. A wa sech dann do Mikrobe néierloosse kommen déi wäiss Bluttkierpercher net gutt bäi fir se futti ze man. An ier mer eis ëmsinn hunn hu mer dann de Schnapp!

An do kanns de dee Moment guer näischt dergéint man?  

Dee Moment selwer net, nee. Mee du kanns awer virbeugen. Du kanns däin Imunsystem stäerken andeems de gesond ëss, dech vill beweegs an net zevill fëmms. Saache wéi Stress an net genuch Schlof schwächen dech och op laang Dauer.

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
 

Schéck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Firwat ass een de Wanter méi ufälleg fir krank ze ginn?

D’Temperaturen de Wanter sinn ëmmer schwéier anzeschätzen an dacks di mer eis net waarm genuch un. Doduerch gëtt dann eisen Imunsystem geschwächt a mir ginn ebe krank. Mee och wann ee gutt oppasst dass een net kal gëtt erwëscht een de Wanter méi liicht eng Gripp oder Erkältung. Well et dobausse kal ass verbréngen d’Leit méi Zäit dobannen an d’Mikroben zirkuléiere méi liicht vun engem bei deen aner. Och wann ee selwer keng Krankheetssymptomer huet otemt ee vill Mikroben aus, vum Néitze guer net ze schwätzen.

Dofir ass et de Wanter wichteg fir sech dack d’Hänn ze wäschen, engem net an d’Gesiicht ze houschten oder ze néitzen an d’Zëmmeren dack ze lëften.

Wéi funktionéiert eisen Imunsystem?

Eisen Imunsystem besteet aus enger ganzer Rei wäisse Bluttkierper déi op verschidden Aufgabe spezialiséiert sinn.

Während di eng direkt Mikroben am Kierper erëmerkennen a futti man, këmmeren di aner sech em Zellen déi schonn infizéiert sinn. Si produzéieren Antikierper déi sech gezielt op di infizéiert Zelle setzen an alarméieren da Killerzellen déi di infizéiert Zelle futti man.

Des Antkierper si ganz spezifesch fir ee Mikrob. Wann d’Krankheet ofgewiert ass, da stockéiert de Kierper déi Antikierper an hält se parat falls ee sech nach eng Kéier mat där selwechter Krankheet ustécht. Et ass een dann also imun géint déi Krankheet.

Fuerschung zu Letzebuerg

De CRP-Santé an de Laboratoire National de Santé (LNS) féieren zesummen en Departement fir Imunologie. Ennert der Leedung vum Claude Muller probéiere si ënner anerem den Impakt vu Stress op eisen Imunsystem besser ze verstoen. Si erfuerschen zum Beispill och d’Roll vun eisem Emfeld op d’Entwécklung vum Imunsystem bei Ongebuerenen a bei klenge Puppelcher. Dofir analyséiere si Faktore wéi d’Nahrung, Stress an de Kontakt mat Krankheeten.

Auch interessant

Neugeborenen-Screening Systematische Suche nach Krankheiten bei Babys

Mit Hilfe des Neugeborenen-Screenings werden am LNS seltene, aber schwerwiegende Krankheiten frühzeitig erkannt. Damit l...

LNS
Künstliche Intelligenz CoLive Voice: Schwere Krankheiten an der Stimme erkennen

In einer bislang einmaligen digitalen Gesundheitsstudie dieser Art will das LIH mit Hilfe von Stimmproben vokale Biomark...

LIH
Schnapp & Co. Kann ee sech duerch Keelt erkalen?

Firwat hu mir eigentlech meeschtens am Wanter de Schnapp? Ass et wéinst der Keelt datt een sech méi liicht erkaalt? Mr S...

FNR