Pixabay

All Joer landen e puer Milliounen Tonnen Plastik am Mier.

Mr. Science, et héiert ee jo ëmmer erëm, dass an onse Mierer enorm Quantitéite Plastik ronderëm schwammen an dass verschidde Mieresdéieren deen och friessen. Wann ech Fësch oder Mieresfriichten iessen, iessen ech de Plastik dann och mat?

Dat kann een zumindest net ausschléissen. Eréischt viru kuerzem hunn Fuerscher Plastikspartikelen a Fësch wei Cabillaud a Makréil aus der Nord- an Ostsee nogewisen, also a Fësch dee mir iessen.

Wouhier kennt dann dee ganze Plastik?

Ma gréisstendeels vum Land. Bei Wand flitt de Plastik séier ronderëm a gëtt da vun de Flëss an d’Mier transportéiert. All Joer gëtt weltwäit ongeféier 300 Milliounen Tonne Plastik produzéiert. E puer Milliounen Tonnen dovu landen am Mier.

OK, dat ass villäicht net schéin, mee dovun ofgesinn: Ass daat wierklech e Problem?

De Plastik zersetzt sech quasi net. D´Material vu PET-Fläschen zum Beispill, kann een nach no 450 Joer am Mier erëm fannen. Am Laf vun der Zäit gëtt de Plastik an ëmmer méi kleng, mikroskopesch Partikelen zerriwwen. D´Fësch an aner Mieresdéiere verwiesselen dee da mat Plankton, an huelen en iwwer hiert Iessen op. D‘Partikele sammelen sech am Mo, Daarm a villäicht och an der Muskelmass un.

A da gëtt ee krank wann een dee Fësch ësst...?

Dat wëssen d´Experten nach net. Vill Partikelen a Schuedstoffer sammelen sech an de Verdauungsorganer vun den Déieren. An déi gi jo oft net matgiess. Mee ob d‘Mikropartikelen an d‘Schuedstoffer dorausser och an d´Muskelmass kommen, also d‘Fleesch dat mir iessen, dat muss nach erfuerscht ginn – an dann eben och, ob des fir de Mënsch bedenklech sinn. 

Auteur: ScienceRelations
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay

 

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science eng Fro op Eldo Radio. Des Emissioun ass vum 15.02.2017.

Auch interessant

Raumplanung und Gesundheit Wie können Städte so gestaltet werden, dass sie Stress reduzieren?

Stadtleben ist attraktiv, kann aber auch an die Nerven gehen. Die FragMent-Studie soll helfen, Städte zu entwerfen, die ...

Bloomin‘ Algae App So können Bürger helfen, Blaualgen in Luxemburgs Gewässern zu überwachen

Mit der Smartphone-App Bloomin‘ Algae kann jeder in Luxemburg Wissenschaftlern am LIST helfen, Cyanobakterien frühzeitig...

Fort mam Onkraut Wéi eng Alternative ginn et eigentlech fir Glyphosat?

Zanter iwwert engem Joer ass Glyphosat zu Lëtzebuerg verbueden. Mee wat sinn d’Alternativen, fir hautdesdaags Onkraut ze...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR
Schlofmangel Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

D’Nuecht war kuerz, an da leien d’Ae Moies an donkelen Hielen. Wou kommen dës Aereefer hier? A wat kann een dogéint maachen?

FNR