© Wikimedia

Wolleken bestinn aus ganz liichte Waasserdrëpsen, déi vun der Loft gedroe ginn

Gëschter war wonnerschéint Wierder mat wäisse Schofswolleken am bloen Himmel. Mr Science, wisou bleiwen des Wolleken iwwerhaapt do uewen an trëllen net einfach erof? Se bestinn dach aus Waasserdrëpsen!

Well d´Waasserdrëpsen oder Äiskristaller an de wäisse Wolleken sou kleng a liicht sinn, dass se vun der Loft gedroe ginn. D'Loft Moleküller, déi vun der Äerd opsteigen, stupsen déi winzeg Drëpsen ëmmer erëm vun ënnen un. Eréischt, wann d´Drëpse méi grouss a méi schwéier ginn, falen se als Reen, Knëppelsteng oder Schnéi erëm zréck op d´Äert.

Wei kommen d´Wolleken dann iwwerhaapt dohin?

Wolleken entstinn doduerch, dass d'Sonn Land-oder Waasseruewerflächen erwiermt. D´Loft doriwwer gëtt waarm an d´Waasser aus dem Buedem oder aus de Gewässer evaporéiert. Well waarm Loft méi liicht ass wei kal Loft, klemmt se erop, a mat hir och d'Waasserdeelercher déi evaporéiert sinn.

Méi héich uewen, ass de Loftdrock méi niddreg wei um Buedem. Déi fiicht eropgeklomme Loft dehnt sech aus a gëtt doduerch oofgekillt. Ab enger gewësser Temperatur, dem “Dapunkt”, gëtt dat gasfërmegt Waasser an der Loft flëssegt Waasser. Et entsti winzeg Waasserdrëpsen. Vill Milliarde vun hinne forme schlussendlech eng Wollek.

D'Drëpse si sou liicht, dass de vun de Loftmoleküllen uewe gehalen oder vun nostréimender Loft souguer nach méi héich no uewen transportéiert ginn.

Mee iergendwann reent et dann och.

Jo, an zwar dann, wann ëmmer méi Waasserdamp mat der waarmer Loft erop klemmt an un de klengen Drëpsen an de Wolleke kondenséiert. D'Drëpse ginn dann ëmmer méi grouss, bis se schlussendlech ab engem Zéngtel Millimeter Duerchmiesser oder méi, a Form vu Reen erëm zréck op d'Äerd falen. Sou trëllt d'Wollek dann trotzdem iergendwann erof op d'Äerd.

Auteur: scienceRelations
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Photo: Wikimedia Commons

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

Dës Emissioun leeft all 2 Wochen op Eldo Radio.

Auch interessant

Nach sauer? Gëtt et eigentlech nach de sauere Reen?

D’Thema „Bëschstierwen“ ass rëm aktuell. Vu sauerem Reen héiert een allerdéngs kaum eppes. Mr Science, gëtt et deen eige...

FNR
Schnapp & Co. Kann ee sech duerch Keelt erkalen?

Firwat hu mir eigentlech meeschtens am Wanter de Schnapp? Ass et wéinst der Keelt datt een sech méi liicht erkaalt? Mr S...

FNR
Journée mondiale de la météorologie 2019 Le Soleil, la Terre et le temps

Le 23 mars, les services météorologiques nationaux de tous les pays du Monde mettent en avant leur travail quotidien. Qu...

Auch in dieser Rubrik

Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR
Schlofmangel Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

D’Nuecht war kuerz, an da leien d’Ae Moies an donkelen Hielen. Wou kommen dës Aereefer hier? A wat kann een dogéint maachen?

FNR