(c) Alliance

En Zesummespill tëscht Biologie a Physik

Et ass kal dobaussen … a scho fänkt meng Nues u mat lafen, obwuel ech guer net erkaalt sinn! Firwat leeft meng Nues eigentlech just am Wanter?

Dat ass guer et esou einfach ze erklären! Op der enger Säit spillt d’biologesch Missioun vun denger Nues nämlech eng Roll, an op der aner Säit d’physikalesch Eegenschafte vun der Loft déi’s de otems.

Da komm mer fänken emol mat der biologescher Missioun vun der Nues un.

Eng vun de Missioune vun der Nues besteet doran eis Longen ze schounen. Si muss dofir d’Loft, déi mer anootmen, opwiermen an ufiichten. Si produzéiert dofir permanent Flëssegkeet, oder besser gesot Schläim.

Mee firwat leeft se da just am Wanter?

Do kommen d’physikalesch Eegenschafte vun der Loft an d’Spill: kal Loft kann net esou vill Fiichtegkeet, also Waasserdamp, ophuele wéi waarm Loft - si ass also méi dréchen. Fir dass d’Schläimhaut an der Nues net ausdréchent, muss deng Nues dofir extra vill Schläim produzéieren.

... an da leeft se iwwer?

Souzesoen, jo! Et kennt awer nach eng aner Saach dobäi. Wann’s de am Wanter ausootems, da bild sech jo esou eng Wollek: dat ass kondenséiert Waasser! D’Fiichtegkeet an der Loft ass jo soss näischt wéi Waasserdamp. Kal Loft kann dee Waasserdamp, deen’s du mat der waarmer Loft ausootems, awer net all ophuelen. Dofir kondenséiert en a verwandelt sech an e ganze Koup kleng Waasserdrëpsen.

Wat huet dat da mat menger Nues ze dinn?

Wann et kal dobaussen ass, kondenséiert d’Loftfiichtegkeet déi’s de mat ausootems schonn an der Nues, well d’Nuesespëtzt bei deene meeschte Leit am Wanter äiskal ass.

Oh jo, dat kennen ech!

Dofir bilden sech beim ausootmen e lauter kleng Waasserdrëpsen an denger Nues a vermëschen sech mam Schläim, deen deng  Nues souwisou scho produzéiert.

Zwee Grënn also firwat d’Nues am Wanter leeft. Erhéichte Schläimproduktioun a Kondenswaasser an der Nues. Mir sinn also net erkaalt wann mer dat hunn - gutt ze wëssen.

Auteur: Corinne Kroemmer
Editeur: Joseph Rodesch
Foto ©Alliance

 

 

Infobox

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Waasser fanne mer iwwerall, esou guer an eiser Nues.  Et ass eng liewenswichteg Substanz, déi leider amgaang ass zu engem weltwäite Problem ze ginn. Waasserverschmotzung ass just een Aspekt dovun, wirtschaftlech Interessen an d’Gestioun vun de Waasserreserven an der Waasserversuergung spillen och eng grouss Roll.

De „Fonds National de la Recherche" (FNR) huet dofir an de leschte Joren 9 lëtzebuerger Fuerschungsprojekter rondrëm d’Waasser finanzéiert fir e besseren Abléck an déi komplex Zesummespiller tëscht dem Waasserzyklus, dem Schutz vu Waasserquellen an der Waasserqualitéit, Waasserverschmotzung an innovativen Technologie fir Waasserkontrollen ze kréien.

E Fuerscher, deen an deem Gebitt schafft, nennt een en Hydrolog. Wéi z.B. de Laurent Pfister vum CRP Gabriel Lippmann.

Quellen

Why does cold weather cause runny noses: http://www.npr.org/templates/story/story.php?storyId=99844567

Auch interessant

Bloomin‘ Algae App So können Bürger helfen, Blaualgen in Luxemburgs Gewässern zu überwachen

Mit der Smartphone-App Bloomin‘ Algae kann jeder in Luxemburg Wissenschaftlern am LIST helfen, Cyanobakterien frühzeitig...

Science meets Art Wissenschaftscomic: Die Abenteuer von Tuwwo, dem Wassermolekül

Das „LUX:plorations“-Projekt verbindet Kunst und Forschung: Lokale Künstler und Wissenschaftler haben zusammen 8 Kurzges...

Mr Science Experiment De gréisste kënschtleche Geysir vun der Welt?

Waarmwaassergeysiren, wéi een se aus Island kennt, kann een am klengen als Experiment nobauen.

FNR , RTL

Auch in dieser Rubrik

Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR
Schlofmangel Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

D’Nuecht war kuerz, an da leien d’Ae Moies an donkelen Hielen. Wou kommen dës Aereefer hier? A wat kann een dogéint maachen?

FNR