Research Luxembourg, science.lu

Déi éischt grouss Pressekonferenz vun der Covid-19 Task Force vu Research Luxembourg, den 7. Mee 2020.

Haut, op en Donneschden 07/05/2020, war déi éischt grouss Pressekonferenz vun der Covid-19 Task Force vu Research Luxembourg. D'Pressekonferenz fänkt ab der Minutt 6:50 un.

An dëser Pressekonferenz ass de Rejko Krüger (LCSB/LIH) op déi éischt Resultater vun der CON-VINCE-Etüd agaangen. Bei dëser Etüd sinn Antikierper-Tester un engem representativem Echantillon vun der lëtzebuerger Populatioun geholl ginn. D'Zil ass domat erauszefanne wéi vill Leit den neiaartege Coronavirus schonn haten. 

Den Ulf Nehrbass, CEO vum Luxembourg Institute of Health (LIH), huet de Journalisten nach eemol Ried an Äntwert gestanen zur "large-scale-testing"-Strategie vun der lëtzebuerger Fuerschung. Méi Hannergrondinformatioune vun der Strategie hei am Interview:

Zum Schluss, ass de Paul Wilmes, aus dem Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB) vun der Uni Lëtzebuerg, nach op déi neisten Zuelen, Projektiounen a Statistiken agaangen.

An der Pressekonferenz goufen 3 wichteg Zuele genannt:

  • den Rt-Wäert ass den Ament zu Lëtzebuerg bei 1,04
  • bei der CON-VINCE-Etüd koum eraus datt bis elo 1,9% vun der Populatioun de Virus schonn hat
  • an aktuell sinn ca. 0.3% vun der Bevëlkerung infizéiert.

Ausserdeem ass nach ugekënnegt ginn datt ab elo d'Policy Briefs vun der Covid-19 Task Force public gemaach ginn. Hei de Link zu de Publikatiounen. Do fënnt een ënner anerem d'Teststrategie, déi de lëtzebuerger Exit aus dem Lockdown begleede soll a vun der lëtzebuerger Fuerschung ausgeschafft ginn ass (Beitrag der luxemburgischen Forschung zu Luxemburgs EXIT-Strategie im Rahmen der COVID-19 Pandemie).

Kuckt déi ganz Pressekonferenz (fänkt ab 6:50 un) hei op science.lu oder op eiser science.lu-Facebook-Säit.

Aussi intéréssant

État des lieux scientifique Covid long : Que savons-nous – de plus?

Face à la recrudescence automnale de la pandémie, le sujet du covid long s’impose à nouveau. Quelles sont les dernières ...

FNR
Nouveautés en science L’essentiel de l’actualité de la recherche au Luxembourg- septembre 2022

Les dernières découvertes scientifiques au Luxembourg résumées en petits paragraphes faciles à assimiler.

Aussi dans cette rubrique

Nouveautés en science 10 résultats pertinents de la recherche au Luxembourg – Mars 2023

Des mini-cerveaux dans l’espace ; jardiner sur Mars ; l’âge biologique de nos cellules : voici les dernières nouvelles scientifiques du Luxembourg

Science meets politics Conférence : les mégatendances du point de vue de la politique et de la science

Les 4 et 5 mai au Cercle Cité, des thèmes d'avenir seront discutés du point de vue de la science et de la politique. Es-tu intéressé à participer ? Alors inscris-toi ici !

Nouveautés en science 10 résultats pertinents de la recherche au Luxembourg – Février 2023

Les premiers résultats du recensement ; l’empreinte écologique du pays ; une surmortalité exceptionnellement basse durant la pandémie: voici les dernières nouvelles scientifiques du Grand-Duché.

Nouveautés en science 10 résultats pertinents de la recherche au Luxembourg – Janvier 2023

Un bond en avant en astrophysique ; un premier atlas de moustiques ; un point sur l’activité physique des Luxembourgeois : voici les dernières publications scientifiques du Grand-Duché.