Institute for Luxembourgish Language and Literature
Fuerscher vum Institut fir Lëtzebuerger Sprooch a Literatur mat Vertrieder vun der Uni Lëtzebuerg an dem Kulturministère bei engem Besuch vum Kulturminister Eric Thill am März 2026.
Gedanken diktéieren a se bannent e puer Sekonnen opgeschriwwen hunn, Radio-Noriichten als Text opruffen oder Rieden an der Chamber live matliesen? Dat geet haut alles op och Lëtzebuergesch. Apps wéi 'LuxASR' oder d''Sproochmaschinn' maachen et méiglech. Digital Sproocherkennungs-Tools maachen eisen Alldag méi einfach. Awer hannert hinne stécht intensiv Fuerschung.
LuxASR ass ee vun de neisten a wuel populärste Tools, déi vum Institut fir Lëtzebuergesch Sprooch a Literatur un der Universitéit Lëtzebuerg entwéckelt goufen. Gegrënnt am Joer 2006 vum Linguist Prof. Dr. Peter Gilles, erfuerscht d'Institut zënter zwanzeg Joer d'Sprooch, d'Kultur an d'Literatur vum Groussherzogtum.
Mir hu mam Prof. Christoph Purschke an der Prof. Jeanne Glesener en Tour duerch déi jonk Disziplin vun der Luxemburgistik gemaach. Si hunn eis méi doriwwer verzielt, wéi enge Froen si noginn.
Wourëm geet et an der Fuerschung zur Lëtzebuerger Sprooch?
"Luxemburg ass e Land mat enger Nationalsprooch, enger komplexer Realitéit vu Méisproochegkeet am Alldag an enger méisproocheger Literatur. Eis Missioun ass et, dës eenzegaarteg Situatioun aus de Perspektive vun der Linguistik, der Literaturwëssenschaft an der Kulturwëssenschaft ze erfuerschen a Wëssen iwwer Sprooch a Kultur zu Lëtzebuerg ze vermëttelen," erkläert de Direkter vum Institut, Prof. Dr. Christoph Purschke. D'Schwéierpunkte gi vun der Geschicht an de besonnesche Charakteristike vun der Literatur am Groussherzogtum iwwer d'Grammatik, d'Variatioun, de Sproochwandel, d'Eegenheete vun der Lëtzebuerger Sprooch an der nationaler Sproochepolitik, bis hin zum gesellschaftlechen Ëmgang mat der Méisproochegkeet, moderner Computerlinguistik an digitale Sproochapplikatiounen.
"Mir beobachten nach ëmmer eng Debatt doriwwer, ob Lëtzebuergesch iwwerhaapt eng Literatursprooch ass," seet d'Literaturwëssenschaftlerin Jeanne Glesener. Auteure mussen sech rechtfäerdegen, wann si op Lëtzebuergesch schreiwen, an sech doduerch un eng méi kleng Lieserschaft adresséieren. Allerdéngs beschäftegt sech d'Literaturfuerschung bäi wäitem net just mam Lëtzebuergeschen: "D'Lëtzebuerger Literatur gëtt dacks mëssverstanen als Literatur, déi op Lëtzebuergesch geschriwwen ass. Awer d'Auteure vum Land schreiwen och op Däitsch, Franséisch oder Englesch. Eis Zil ass et dofir, eng interkulturell a méisproocheg Geschicht vun der Literatur vum Land ze schreiwen."
Wee bedreift Fuerschung zur Lëtzebuerger Sprooch a Literatur?
D'wëssenschaftlech Ekipp vum Institut besteet haut aus fënnef Professeren – nieft dem Grënner vum Institut Peter Gilles, an dem Computerlinguist Christoph Purschke, sinn d'Literaturwëssenschaftlerin Jeanne Glesener, d'Soziolinguistin Melanie Wagner an d'Linguistin Caroline Döhmer – souwéi eng Rëtsch Doktoranden. D'Fuerscher ginn och Coursen fir d'Studente vum Masterprogramm Lëtzebuergescher Sprooch a Literatur, an droen esou zur Ausbildung vum Lëtzebuergesch-Léierpersonal bäi. Eng Erausfuerderung ass dobäi, datt ëmmer méi Studente Lëtzebuergesch just als zweet oder drëtt Sprooch schwätzen.
Wat ass dat Besonnescht un der Luxemburgistik-Fuerschung?
Luxemburgiste leeschten a villen Hinsichte Pionéieraarbecht. Wärend d'Kulturraim aus den Nopeschlänner op Joerhonnerte vu Fuerschung an der Germanistik oder Romanistik zréckblécken, ass d'Luxemburgistik eng jonk Disziplin, déi nach am Opbau ass. Laang hat d'Sprooch net de néidege Status, fir esou selbstverständlech am Mëttelpunkt vun der Wëssenschaft ze stoe wéi d'Sprooche vun de groussen Nopeschlänner. "D'Virstellung vum Lëtzebuergeschen als limitéiert Sprooch hält sech bis haut hartnäckeg," bemierkt de Christoph Purschke – fir de Linguist mat däitschem Ursprong ass dat ee vun de Grënn, firwat hien seng Fuerschungscarrière dësem eenzegaartege Fach gewidmet huet.
Fuerschungsaarbechten, déi an där jonker Disziplin entstinn, sinn net seelen déi éischt iwwerhaapt zu engem Theema. Ob d'Monographie zu de Grammatikstrukture vun der Lëtzebuerger Sprooch, d'Analys vum fir Lëtzebuerg typesch Wiessel tëscht Sproochen, der Erfuerschung vum Afloss vu soziale Medien oder der Dissertatioun iwwert de méisproochege Bichermaart - d'Auteure stéingen all virun därselwechter Erausfuerderung, sou de Purschke: "Mir maache Grondlagefuerschung. Fir d'Wëssenschaft vun enger klenger Sprooch a Literatur gëtt et dacks kee Bestand vu Fuerschungsresultater, op deene mir opbaue kënnen. Dat kann heiansdo frustréierend sinn, mee bitt awer och grouss wëssenschaftlech Fräiheet. Eis Kultursprooch ass villäicht klengt, mee huet awer grousst Potenzial."
Besonnesch motivéierend fir d'Fuerscher ass dee grousse Fundus u Réidaten, déi si notze kënnen. "Mir hunn Zougang zum kompletten RTL Online-Archiv – an anere Wierder zu de Donnéeë vun der gréisster ëffentlecher Noriichteplattform zu Lëtzebuerg, mat alle journalistesche Bäiträg a Lieserkommentaren aus de leschten 20 Joer. Vun esou eppes kënne Linguisten an anere Länner nëmmen dreemen." Dëst mécht et och méi einfach, ganze gesellschaftlechen Debatten nozegoen, wéi z. B. iwwert d'Bedeitung vun der Méisproochegkeet.
Fuerschung fir a mat der Gesellschaft
Fuerschung iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch ass keng reng akademesch Aarbecht, mee touchéiert och gesellschaftlech Empfindlechkeeten. Well d'Sprooch ass enk mat der nationaler Identitéit verbonnen. Dofir huet d'Luxemburgistik den Usproch, hir Fuerschung esouzougänglechwéiméiglech fir d'interesséiert Ëffentlechkeet ze maachen. "Wëssenstransfer an direkten Austausch mat der Gesellschaft sinn haut en integralen Deel vum Institut," betount den Direkter vum Institut Christoph Purschke. Dozou droe partizipativ Citizen-Science-Projete fir Matzemaache wéi Lingscape bäi (kuckt méi wäit ënne bei "Ausgewielte Projete vun der Luxemburgistik"), an och Ëffentlechkeetsaarbecht wéi de Podcast "E puer Wierder iwwer Wierder“ vum Caroline Döhmer op Radio 100komma7. Praktesch Uwendungen, wéi z. B. digital Tools, ginn dacks an Zesummenaarbecht mat externe Partneren entwéckelt, wéi der Chamber, RTL oder dem "Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch" (ZLS).
De Portal www.kulturgeschicht.lu mécht och e wäertvolle Bäitrag zur kultureller an historescher Ierfschaft vu Lëtzebuerg. Seng Texter baséieren op enger Serie Virträg, déi vun der Prof. Jeanne Glesener op Initiativ vum SCRIPT organiséiert ginn. Si decke sozial a wirtschaftlech Geschicht, Mediegeschicht, Antisemitismus a vill aner kulturell an historesch Themen am Zesummenhang mam Groussherzogtum of. D'Virtragsserie soll am Summersemester 2027 weidergoen.
Iwwert d'Grenzen eraus
D'Aktivitéiten a déi bal 300 Publikatioune vum Institut zéien och international Opmierksamkeet un. "Kleng Sproochen a Literaturen hunn aner Problemer. Zum Beispill funktionéieren Chatbots an automatesch Iwwersetzungsmodeller op Lëtzebuergesch net op déiselwecht Manéier wéi bei de wichtegste Kultursproochen, well d'Sprooch vläichtnet komplett standardiséiert ass oder well et un Donnéeë fir den Training vun de Modeller feelt. Dat mécht d'Lëtzebuergesch zu engem Testfeld fir nei digital Uwendungen," erkläert de Christoph Purschke.
Och Sproochepolitik an déi gesellschaftlech Roll vum Lëtzebuergeschen als Integratiounsfacteur kréien international Opmierksamkeet: zum Beispill, datt Lëtzebuergesch net an der Schoul enseignéiert gëtt, Sproochecoursë fir Auslänner awer staark gefërdert ginn.
D'Institute fir Lëtzebuerger Sprooch a Literatur wëll och d'Sproochepolitik hannerfroen an déi gesellschaftlech Roll vun der Sprooch als Landessymbol an Integratiounsmëttel ënnersichen. Wéi organiséiere kleng méisproocheg Gesellschaften hire Mateneen am Alldag - wee benotzt wéini a firwat wéi eng Sprooch? Wéi ka Lëtzebuergesch besser an der Gesellschaft verankert ginn, och wann d'Landessprooch net um Léierplang steet? A wéi kéint d'Literatur vum Land, onofhängeg vun der Sprooch, méi Opmierksamkeet kréien? Och no 20 Joer Fuerschung gëtt et fir d'Luxemburgistik nach vill ze entdecken - a grondleeënd Froen ze beäntwerten.
Iwwert d'Institut fir Lëtzebuerger Sprooch a Literatur
Den Institute for Luxembourgish Language and Literature op der Universitéit Lëtzebuerg ënnersicht déi literaresch a sproochlech Praktike vu Lëtzebuerg aus linguistescher, didaktescher a literaturwëssenschaftlecher Perspektiv a setzt dobäi och Computerbaséiert Methoden an.
En Iwwerbléck iwwer Fuerschungsprojeten, Publikatiounen an Dokteraarbechte vum Institut fënnt een op https:/infolux.uni.lu an dem Newsblog, deen dozou gehéiert.
Hei kann een och Tools a praktesch Uwendungen erofluede wéi z. B. den Atlas vu Lëtzebuergesche Familljennimm, d'Sproocherkennungstool Lux-ASR, de Variatiounsatlas, d'Lingscape-App esou wéi Wierderbicher a villes méi.
Von Lingscape bis Travolta: Ausgewählte Projekte der Luxemburgistik
Lux-ASR-App
Die Universität Luxemburg hat dieses Jahr eine kostenlose Smartphone-App (für iOS und Android) namens Lux-ASR herausgegeben, die gesprochenes Luxemburgisch in geschriebenen Text umwandelt. Das KI-Projekt unter der Leitung von Prof. Peter Gilles wurde von der Abgeordnetenkammer unterstützt. Es dient unter anderem dazu, parlamentarische Debatten automatisch zu transkribieren und zu übersetzen. Neben der Anwendung für den professionellen Gebrauch nutzen viele private User auch die App zur Transkription von Sprachnotizen.
Small Literatures in Europe
Das laufende Projekt von Prof. Jeanne Glesener beschäftigt sich mit Stellung, Chancen und Herausforderungen sogenannter kleiner Literaturen Europas im Vergleich. Gemeint sind damit literarische Traditionen, die aufgrund ihrer begrenzten Sprachgemeinschaft weniger sichtbar sind als die großen europäischen Literaturen – so wie in Luxemburg. Im Mittelpunkt steht die Frage, wie solche Literaturen sich definieren lassen, wie sie sich entwickeln, kulturelle Eigenständigkeit behaupten und über nationale und sprachliche Grenzen hinweg wahrgenommen werden. Dabei arbeitet Prof. Glesener mit Linguisten der baltischen Staaten zusammen, deren Literatur sich ähnlich wie in Luxemburg in einem mehrsprachigen Umfeld zwischen großen Kulturnationen behaupten muss.
Travolta
Das Projekt „Tracing Attitudes And Variation In Online Luxembourgish Text Archives“ (TRAVOLTA) hat unter der Leitung von Prof. Christophe Purschke über drei Jahre untersucht, wie sich das Luxemburgische in den letzten Jahrzehnten von einer primär gesprochenen Sprache zu einer vollwertigen Schriftsprache entwickelt hat – stark beschleunigt durch soziale Medien und das Internet. Dafür nutzten die Forscher die Online-Textarchive des geschriebenen Luxemburgischen von RTL.lu, einschließlich der Nutzerkommentare. Untersucht wurde unter anderem, wie sich in digitalen Medien gemeinsame Schreibpraktiken entwickeln. Auch die Einstellung der Öffentlichkeit zu Themen wie Mehrsprachigkeit oder der COVID-19-Pandemie wurden erforscht. Darüber hinaus lieferte das Projekt neue Lösungen für die Verarbeitung von Textdaten wie zum Beispiel eine automatische Rechtschreibkorrektur.
Lingscape-App
Das internationale Citizen-Science-Projekt Lingscape von Prof. Christoph Purschke erforscht die sogenannte Linguistic Landscape (Sprachlandschaft), das heißt Präsenz und Vielfalt von geschriebener Sprache in der Öffentlichkeit. Dazu gehören Straßenschilder, Werbeplakate, Ladenschilder, Sticker oder Graffiti. Über eine kostenlose Smartphone-App kann jeder weltweit Fotos von Schriftzeichen oder Schildern im öffentlichen Raum machen, diese mit Geodaten versehen, die erkannten Sprachen markieren und hochladen. Die gesammelten Bilder fließen in eine interaktive Online-Karte ein. Die vor zehn Jahren lancierte Webplattform ist heute eine von Linguisten weltweit genutzte Forschungsinfrastruktur.
Schnëssen-App
Dieses Citizen-Science-Projekt von Prof. Peter Gilles untersuchte die gesprochene luxemburgische Sprache und ihre Dialekte. Jeder, der Luxemburgisch spricht, konnte unabhängig von Alter, Wohnort oder Herkunft kurze Sprachaufnahmen einreichen. Ziel war, das heutige gesprochene Luxemburgisch in all seinen Facetten zu dokumentieren und zu erforschen, wie sich die regionalen Dialekte verändern. Mit Hilfe von insgesamt rund 250 000 Beiträgen bauten die Forscher so das größte systematische Audiokorpus der luxemburgischen Sprache auf und entwickelten 2022 den „Variatiounsatlas vum Lëtzebuergeschen“, der den Wandel der luxemburgischen Dialekte und Alltagssprache in Form von Karten sichtbar macht.
Autorin: Britta Schlüter
Redaktion: Michèle Weber, Linda Wampach (FNR)