Jean-Paul Bertemes

Zesumme mat Enovos bidd de Projet „Windmobile“ och dest Joer um Rock@Field d’Méiglechkeet mat erneierbaren Energien den Handy vun de Spectateuren opzelueden.

De ganze Weekend um Rock@Field, an den Handy ass platt? Kee Problem. Einfach lénks niewt der grousser Bühn bei d’Wandmille goen. Do bidd Enovos Statiounen un, wou ee ka säin Handy oplueden. D’Energie dofir kënnt – bei Wand a Sonn – aus erneierbaren Energiequellen. Nämlech vun enger Wandmillen vum LTEtt (Lycée Technique d’Ettelbruck), déi zousätzlech mat Solarzelle bestéckt ass.

Bis zu 25 Handyen duerch erneierbar Energie oplueden

E Mëttwoch hu puer Schüler a Proffen aus dem LTEtt d’Wandmillen opgeriicht. De Guy Putz, Initiator vum Projet „Windmobile“, erkläert: „Eis Wandmille ka bis zu 500 Watt liwweren. D’Solarzellen dann nach emol 270 Watt weider. Domadder kënne mer insgesamt ca. 25 Handyen oplueden.“

Vieraussetzung dass d’Wandmillen dréiht: eng Wandstäerkt vun iwwer 12 km/h. D’Maximalleeschtung gëtt bei ab ongeféier 33 km/h erreescht. Fir d’Solarzellen ass et natielech néideg, dass d’Sonn schéngt.
D’lescht Joer woren d’Opluedstatioune schonns e Succes um Rock@Field: insgesamt iwwer 2000 Handye goufen opgelueden. Um Site kënnen dest Joer bis zu 60 Handye gläichzäiteg opgeluede ginn, a mir riichten nach emol Statiounen um Camping op, seet de Laurent Melchior, Eventmanager bei Enovos: „Mir kréien dat natielech net ganz mat der Wandmille vum Ettelbrécker Lycée hin, ma mir ënnerstëtzen dee Projet schonns zanter Joeren. A mir wëllen d’Leit fir erneierbar Energie sensibiliséieren“.

Langfristegt Ziel vu Windmobile: Tester fir ze kucke wou erneierbar Energie sech lounen

De Projet Windmobile gouf 2005 vum Guy Putz initiéiert. Zanterhier gouf d’Wandmille stänneg vu mëttlerweil iwwer 170 Schüler optimiséiert. De Chris Enders an den Dany Duarte si souguer mat opriichte komm, obwuel sie an e puer Deeg Oofschlossexamen hunn.  „Et mécht einfach Spaass hei ze hëllefen an et léiert ee vill iwwer erneierbar Energien“, seet den Dany Duarte.

Mat der Wandmille kënnen iwwregens och Miessunge gemaach ginn. „D’Ziel ass dass mer an Zukunft Leit hëllefen, déi op erneierbar Energien emklamme wëllen. Mir kënnen eis Statioun histellen a während puer Woche moossen. Duerno kann een da soen ob et sech rentéiert, Wand- oder Solarenergie op däer Plaatz ze produzéieren“, seet de Guy Putz. E Student vun der Uni Lëtzebuerg fänkt lo un drun ze schaffen, des Miessunge besser ze visualiséieren.

Auteur: Jean-Paul Bertemes (FNR)

Infobox

Dein Projekt online!

Du hast ein wissenschaftliches Projekt gemacht und willst es mit der Welt teilen? Dann veröffentliche dein Projekt auf Science. Egal ob naturkundliche Entdeckungsreise oder Experiment! Mehr Infos hier: https://science.lu/de/content/projekt-ver%C3%B6ffentlichen   

Aussi intéréssant

Nouveautés en science L’essentiel de l’actualité de la recherche au Luxembourg- septembre 2022

Les dernières découvertes scientifiques au Luxembourg résumées en petits paragraphes faciles à assimiler.

Overshoot Day 100 % erneierbar Energien zu Lëtzebuerg: Wier dat méiglech? A wa jo, wéi séier?

Momentan ginn zu Lëtzebuerg deenen aktuellen Zuelen no 9 % vum Stroum aus erneierbaren Energië produzéiert. Wier et méig...

FNR
Moteur électrique contre moteur à combustion Voiture électrique ou diesel : quelle est la meilleure option pour le climat ?

Bien que les véhicules électriques n'émettent pas de CO2 pendant la conduite, leur fabrication consomme plus d’énergie q...

Aussi dans cette rubrique

Portrait des candidats - Saison 1 Interview avec Alex Tomé, candidat à Take Off

Discret au début, confiant par la suite : Alex Tomé à maîtrisé les défis de Take Off avec une façon bien à lui, celle du milieu de terrain qui ne perd pas de vue l’enjeu. Les détails dans l’article !

PORTRAIT DES CANDIDATS - SAISON 1 Interview avec Lenny Kakou, candidat à Take Off

C'est un comédien né, et il excelle en philo: pourtant il est arrivé parmi les finalistes de la Take Off Science Challenge Show. Comment? La réponse dans notre interview exclusive avec Lenny Kakou.