Wikipedia

Modern, liicht a leeschtungsstaark Akkuen enthale Lithium.

Den éischten Akku, deen a Masse produzéiert gouf, koum aus Lëtzebuerg. Et war e Bläi-Akku, ähnlech wei deen, dee mir haut nach am Auto hunn. Viru wat fir enge Challengë sti modern Akku-Ingenieuren?

Lo awer mol vun Ufank un: Wisou gouf eigentlech den Akku erfonnt?

De Grondstee gouf mat der Erfindung vun der Batterie geluecht. Dat war am Joer 1800.

Dat kann een sech gutt verhalen!

Jo. De Physiker Allessandro Volta war den Erfanner. No him ass iwwregens och d’Mooss fir d’Stroumspannung, de Volt benannt. Hien huet deemools Selwer a Kofferplättercher iwwertenee gestaapelt. Dozwësche louchen a Salzwaasser getränkten Dicher. Fäerdeg war d’Batterie!

Dat ass jo onkomplizéiert!

Allerdéngs. Sou einfach, dass een sech froe kann, wisou déi al Réimer nach net drop komm sinn. Awer all Erfindung brauch wuel säi passend Ëmfeld. D’Erfindung vun der Batterie war op jiddefalls eng vun deene bedeitendsten Erfindunge vun der Mënschheet, well ab deem Moment konnten d’Wëssenschaftler mat Stroum experimentéieren, ouni deen eis haiteg Zivilisatioun net denkbar wier.

Allerdéngs. Et brauch een sech nëmme virzestellen, wat geschitt, wann de Stroum mol ausfällt…

Enner anerem dofir hunn d’Fuerscher rëm opluedbar Batterien entwéckelt. Sou konnt een iwwerschëssege Stroum späicheren an da rëm benotzen, wann e gebraucht gouf. Entscheedend dobäi war de bekannteste lëtzebuergeschen Ingenieur, Henri Tudor. Hien huet 1881 de klassesche Bläi Akkumulator fir de Marché fit gemaach. Dësen huet scho ganz staark den Autosbatterien déi mir haut nach ëmmer benotze geglach.

An wouru fuerschen déi modern Akku-Entwéckler?

Modern, liicht a leeschtungsstaark Akkuen enthale Lithium. Mee déi weltwäit Lithium Ressourcë si begrenzt. Dofir probéiere Fuerscher, en spuersam anzesetzen, mat Hëllef vun Nanotechnologie. Si experimentéieren ausserdeem mat all méiglechen anere Materialien, fir de Lithium ze ersetzen. Déi zweet haart Noss ass d’Luedezäit. Hautdesdaags gëtt un Akkue gefuerscht, déi een an e puer Sekonne voll opluede kann. Dat ass zum Beispill fir en Asaatz an Elektroautoe wichteg, fir dass se net stonnelaang un Luedstatiounen hänke mussen.

Ech gesinn, och bei den Akkue bleift d’Fuerschung spannend!

Dat kann een op alle Fall sou soen!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur : Sophie Steinmetz
Photo: Wikipedia

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Auch interessant

Neuheiten in der Wissenschaft Die wichtigsten Forschungsnachrichten aus Luxemburg - September 2022

Die neuesten wissenschaftlichen Erkenntnisse aus Luxemburg in kurzen Abschnitten zusammengefasst.

Overshoot Day 100 % erneierbar Energien zu Lëtzebuerg: Wier dat méiglech? A wa jo, wéi séier?

Momentan ginn zu Lëtzebuerg deenen aktuellen Zuelen no 9 % vum Stroum aus erneierbaren Energië produzéiert. Wier et méig...

FNR
Was ist besser für das Klima? Elektroantrieb vs. Verbrennungsmotor

Elektrofahrzeuge stoßen zwar bei der Fahrt kein CO2 aus, verbrauchen in der Herstellung aber weitaus mehr Energie als ei...

Auch in dieser Rubrik

Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR
Schlofmangel Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

D’Nuecht war kuerz, an da leien d’Ae Moies an donkelen Hielen. Wou kommen dës Aereefer hier? A wat kann een dogéint maachen?

FNR