shotshop.com

Fuerscher an Ingenieuren iwwerleeën sech scho ganz laang, wéi een d’Fäegkeet vum mënschleche Gehier nobaue kéint.

Et huet ee laang versicht, Computer intelligent ze maachen, andeem een hinne Reegelen aprogramméiert huet. Hei mol e ganz einfacht Beispill: Wann an enger Fro d’Wierder „Wou, „Vulkan“, an „héchsten“ virkommen, soll de Computerprogramm an enger Datebank no dem héchste Vulkan sichen. Sou entsti sougenannt Expertesystemer, déi beandrockend Leeschtunge vollbréngen. Awer jidderengem ass kloer, datt sou e Computerprogramm zwar ongleeflech vill Reegelen a Wësse späicheren an uwende kann, awer a kéngster Weis eppes wéi e Bewosstsinn huet. Den Duerchbroch bei den aktuelle KI-Systemer geet awer op en anere Programm zeréck: Dësen imitéiert d’Funktiounsweis vu mënschleche Gehierzellen. Allerdéngs staark vereinfacht, ongeféier sou wéi wa mer e Mënsch als Stréchmännche molen. Ganz vill vun dëse simuléierte Gehierzelle ginn da mam Computersystem matenee verbonnen a léieren z.B. Katzen- an Hondsbiller vuneneen ze ënnerscheeden. Dës Programmer nennt ee “neuronal Netzer”. A genee dës Wierder zesumme mam Begrëff “léieren” an datt een se als KI, also als kënschtlech Intelligenz bezeechent, féiert dozou datt een hinne séier och mënschlech Kapazitéite wéi z.B. d’Bewosstsinn zoutraut. Dovu sinn déi aktuell Systemer awer nach esou wäit ewech, wéi e Stafhéichsprénger vum Mound. Also fir et kloer ze soen: aktuell kënne KI’en eis net bewosst uleien. Mee si kënnen eis nawell ieren an doduerch eppes Falsches behaapten.

A wéi maachen se dat?

Wa KI-Programmer erfollegräich Stoppschëlder vu Pinguinen ënnerscheede kënnen, menge mir datt sie dat genee sou maache wéi mir. Dat ass awer net de Fall, an dat weist e beandrockend Beispill: Nodeems Fuerscher e puer faarweg Pechbiller op e Stoppschëld gepecht haten, hunn autonom fuerend Autoen dëst net méi erkannt an hunn gezweiwelt tëscht engem Virfaartsschëld oder souguer engem “Tempo 70”-Schëld. E Mënsch hätt d’Stoppschëld ëmmer nach richteg erkannt an him wieren d’Pechbiller warscheinlech mol net opgefall. Dëse Problem ass zwar momentan behuewe mee d’Beispill weist datt d’KI Systemer op eng iwwerraschend Aart a Weis donieft leie kënnen. Dës Problemer kënnen zoufälleg virkommen oder souguer gezielt provozéiert ginn.

Oh, dat kléngt no engem grousse Sécherheetsproblem bei KI Uwendungen?

Jo, soubal eng KI fir Entscheedunge benotzt gëtt, déi d’Sécherheet vu Systemer oder Mënsche betrëfft, mécht dës Schwaachstell vun neuronalen Netzer de KI Experte momentan nach vill Kappzerbrieches. A ville Fäll wëssen se mol net genee, wéi e neuronalt Netz op seng Resultater kënnt. Sie schaffen drun dat besser ze verstoen. Dofir bleift d’Fuerschung ëmmer spannend.

Infobox

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzer: Joseph Rodesch (FNR)

Infobox

Auch interessant

Nobelpreis der Physik 2024 Was ist Machine Learning und welchen Einfluss hat es auf unsere Gesellschaft?

Was genau versteht man unter Machine Learning und neuronalen Netzwerken? Und welche Risiken birgt solch eine Technologie...

KI im Wirtschaftssystem Wie Künstliche Intelligenz das Wirtschaftssystem verändert

In einem Interview erläutert Dr. Alexandru-Adrian Tantar vom LIST unter anderem, wie KI den Wirtschaftsbereich verändern...

Künstliche Intelligenz in der Medizin Wie wird künstliche Intelligenz in der medizinischen Diagnostik eingesetzt?

Wo wird KI in der medizinischen Diagnostik schon in der Praxis benutzt? Wird sie das medizinische Personal ersetzen? Ein...

LIH