Shutterstock

Bei héijer Loftfiichtegkeet kréie verschidde Leit hir Hoer net an de Grëff

Egal wéi laang ee moies beim Spigel steet d’Hoer ze föhnen, ze kämmen oder ze glätten – soubal een am Hierscht zur Dier aus ass fänken se un ze krauselen an et war alles fir d‘Kaz! Firwat dann nëmmen??

Dat läit un der Struktur vun den Hoer! Déi bestinn haaptsächlech aus Keratin, engem Protein wat vu sech aus d’Form vun enger Fieder huet.

Firwat sinn eis Hoer dann net ëmmer gekrauselt?

Déi Struktur vum Keratin ass zimlech fragil. Beim kämmen oder föhne mëss de déi Fiederform futti an de Keratin ass just e laange riichte Wupp. An esou laang et dréchen ass, hält en déi Form dann och.

A wann et fiicht dobaussen ass? Dann ass méi Waasserdamp an der Loft ...

Jo, an da geet et lass mam Spaass! Keratin huet e puer Zonen, déi zwar wäit ausernee leien mee awer extrem frou mat Waasserstoff sinn! An engem Waasserdeelchen, also an engem H2O sinn 2 Waasserstoff dran. Waasserdeelecher aus dem Waasserdamp kënnen also eng Bréck maachen tëschent zwou Zonen am Keratin déi Wasserstoff gären hunn, an zitt sou de Keratin wéi eng Fieder zesummen!

An esou e klengen Protein kann eis Hoer dann zum Krausele bréngen?

Där si jo onmoosseg vill an eisen Hoer, an all zesumme kennen se d’Struktur vun den Hoer änneren. Wann’s du onheemlech vill kleng Proteiner an den Hoer hues, déi sech zesummen zéien, jo da bleift dem Hoer näischt anescht iwwereg wéi sech och zesummen ze zéien! Deng Krauselen oder Wellen entstinn also reng mechanesch wann et fiicht ass.

Mech interesséiert awer elo nach firwat deng Hoer ëmmer Wellen hunn, och wann et dréchen ass, a meng net! Méi dozou an der Infobox!

Auteur: Corinne Kroemmer

Foto  © Shutterstock

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

 
Krauselen a Welle si genetesch!

Op deng dréchen Hoer  gekrauselt, gewellt oder glat sinn, ass genetesch bedéngt a läit net un der Struktur vun der Keratin. Bei deene selwechte Konditiounen, huet deen ëmmer déi selwecht Struktur.

Mee wéi vill d’Fiederstruktur vun der Keratin d’Frisur beaflosst, hänkt vun der Flexibilitéit an der Beweeglechkeet vun all eenzelnem Hoer of. Am allgemenge kann ee soen dass glat Hoer ganz ronn, gewellten Hoer méi oval, a gekrauselt Hoer zimlech platt sinn. Mechanesch ass et fir platt Hoer méi einfach ze krauselen, well déi sech besser gediebelt kréien a méi einfach déi typesch Form vum Engelskrausele kennen unhuelen an halen!

Hoerstruktur an de Videosspiller!

D’Hoerstruktur ass eng vun de groussen Erausfuerderunge fir Videosspiller a computeraniméiert Filmer méi realistesch ze gestalten.

Computer Wëssenschaftler probéieren dofir 3D Modeller hierzestellen, déi d’Dynamik, den natierleche Glanz, Liichtreflektiounen an d’Beweeglechkeet vun den Hoer méi naturgetrei reproduzéieren.

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:

Transplantatioun vun Hoer gëtt ëmmer méi gängeg. Eng Glatz, oder ganz dënn Hoer, kennen an eiser Gesellschaft en negativen Impakt souwuel op d’Männer wéi op d’Fraen hunn.

Klassesch Methoden, wéi se zum Beispill am „John Hopkins Hospitalugewend ginn, konzentréiere sech drop, fir bestoend Hoer vum Patient nei ze verdeelen. D’Dokteren huelen d’Hoer mat der Wuerzel op Plaze wou der vëllege sinn, an implantéieren se do, wou der gebraucht ginn. Bei dëser Method mussen awer natierlech nach genuch Hoer do sinn. Schwéier gëtt et bei Opfer vu Verbrennungen oder Kriibspatienten, déi net onbedéngt genuch Hoer hu fir se nei ze verdeelen.

Fuerschung zu Lëtzebuerg:                                             

De „Laboratory of Analytical Human Biomonitoring“ ënnert der Leedung vum Brice Appenzeller sicht Markéierungen an eisem Kierper, fir erauszefannen, op mer schiedleche Substanzen (wéi zum Beispill Schiedstoffer aus der Loft, Pestizidien,  Medikamenter an Drogen)  ausgesat waren.

An eng vun dëse Markéierunge fënnt een am Hoer! Dat erméiglecht de Fuerscher besser ze verstoen, wéi eise Kierper mat esou Schuedstoffer ëmgeet, wéi en se ofbaut, an och op se laangzäiteg Krankheete kennen ausléisen.

Auch interessant

Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR
November-Blues Wat kann ee maachen, fir seng Laun ze verbesseren?

Dréif Novemberdeeg – dréif Laun. Wat kann ee maachen, fir och an dëser Zäit gutt drop ze sinn?

FNR
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR