
(C) Shotshop
Et ass net esou, datt eng Mammesprooch fir ëmmer am Gehir verankert ass just alleng dowéinst, well si déi éischt Sprooch war, déi geléiert gouf. Wann eng Mammesprooch net vill benotzt gëtt, entwéckelt si sech zeréck a kann esouguer ganz verschwannen. Dëst ass schued, well d’Kand dann net ka vun deene ville Virdeeler, déi d’Méisproochegkeet mat sech bréngt, profitéieren. D’Mammesprooch doheem net méi ze schwätzen, heescht och net, datt dofir engem Kand seng Kompetenzen an de Schoulsproochen onbedéngt besser ginn.
Am Géigendeel: D’Fuerschung weist, datt eng zweet oder drëtt Sprooch op d’Mammesprooch kann opbauen.
Wann ee seng Mammesprooch also gutt beherrscht, fält et engem dacks méi liicht, fir Friemsproochen ze léieren. Wann awer déi linguistesch Strukturen an der Mammesprooch net richteg gefestegt sinn, ass d’Léiere vun anere Sprooche méi schwéier. Wann ee wëll, datt d’Kanner d’Méiglechkeet hunn, fir hir Mammesprooch bäizebehalen, an een dëst awer an der Schoul net direkt ka fërderen, ass et wichteg, dass d’Kanner keng negativ Astellung zu hirer Mammesprooch entwéckelen, an datt d’Elteren och doheem weiderhin d’Mammesprooch ze benotzen.
Auteuren/Kontakt: LEARN
Photo © Shotshop.com