Lues a lues musse mir drun denke Wanterpneuen op den Auto ze maachen. Mee wat ass eigentlech den Ënnerscheed tëscht Wanter- a Summerpneuen? De Mr Science kläert op.

Wanter- a Summerpneuen ënnerscheeden sech an 2 Punkten: d’Gummimëschung an de Profil. D’Elastizitéit vu Gummi ass temperaturofhängeg. De Gummi am Summerpneu gëtt bei niddregen Temperature méi séier haart an da rutscht de Pneu op der Strooss. Am Wanterpneu ass dofir méi en héijen Undeel u Weichmacher an Kiselsaier an der Gummimëschung, fir dass de Pneu och nach elastesch bleift a gutt op der Strooss pecht, wann et kal ass.

Wat mengs du mat „kal“?

Ma et schwätzt ee vun der 7-Grad Grenz. Ënner siwe Grad ass e Wanterpneu besser.

A wat ass dann den Ënnerscheed am Profil?

De Wanterpneu besteet aus eenzelne Bléck, an deene sou wellefërmeg Rille sinn. Déi gi beim Fueren auserneegedréckt an d‘Kant vun de Rille bäisst dann an d’Uewerfläch vun der Strooss, wat bei Schnéi an Äis extra Gripp gëtt. Ee Wanterpneu huet bis zu 3000 där Rillen.

Wéi schlëmm ass et da wann een am Wanter mat Summerpneue fiert?

De Bremswee verlängert sech. Wann ee mat Summerpneue mat 80 km/h op Schnéi bremst, kann een iwwer 30 Meter méi wäit rutsche wéi mat Wanterpneuen!

An am Summer mat Wanterpneue fueren?

Prinzipiell jo, mee duerch d’Hëtzt entsteet am Summer méi Reiwung tëscht der Strooss an dem Pneu, an e Wanterpneu notzt da méi séier of. Ausserdeem verbraucht den Auto méi Bensinn.

Wéi ass et da mat All-Weather-Pneuen? Dat schéngt mer jo eng ideal Léisung.

Jein. Den All-Weather-Pneu huet däitlech manner Rille wéi de Wanterpneu an d’Gummimëschung ass och eng Mëttelléisung. Dëse Pneu ass praktesch a Länner, an deenen d’Temperaturënnerscheeder tëschent Summer a Wanter net sou grouss sinn.

Mee bei eis kann et jo awer scho mol ganz kal ginn an et kann och Schnéi falen. Do ass ee mat richtege Wanterpneue wuel nach ëmmer am séchersten ënnerwee. Weider Informatiounen fannt dir wéi ëmmer an der Infobox!

Auteur: Michèle Weber (FNR)
Editeur: Georges Thielen (Goodyear Innovation Center)
             Joseph Rodesch (FNR)
Foto: © cristiborda/Shotshop.com

 

Infobox

Mister Science op Eldoradio

 

All zwou Woche beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Schéck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

 

Fuerschung zu Lëtzebuerg

 

De Goodyear Innovation Centre (GIC*L) zu Colmar-Bierg entwéckelt, baut an test nei Pneue fir den europäeschen, asiateschen an afrikanesche Maart. Iwwer 900 Ingenieuren, Wëssenschaftler an Techniker schaffen hei un neien Materialer a probéieren andauernd, d’Qualitéit vum Gummi ze verbesseren. Als Spezialist fir Wanterpneue leet de Georges Thielen hei den Winter Technology Program. www.goodyear.com

 

Auch interessant

The Beauty of Slow Motion Wie bricht Glas?

Glas ist einer der festesten Werkstoffe, sagen Physiker. Aber warum heißt es trotzdem: zerbrechlich wie Glas?

FNR
My research in 90 seconds How scientists use cold plasma to produce new materials inspired by mussels

Inspired by the remarkable adhesion properties of mussels, LIST’s scientists produced coatings for biomedical applicatio...

FNR
Raumfahrttechnologie mit weniger Gewicht Naoufal Bahlawane entwickelt eine „Super-Schwarz-Beschichtung“

Naoufal Bahlawane entwickelt am LIST eine so genannte „Super-Schwarz-Beschichtung“ für die Europäische Weltraumorganisa...

Auch in dieser Rubrik

Onrouegt Mier Kann een d'Miereswellen als Energiequell benotzen?

An de Waasserwelle stécht eng gewalteg Portioun Energie. Wéi kënnt déi do dran a kann ee se och fir eis Zwecker benotzen?

FNR
Perseiden Wat si Stäreschnäizen?

Den Ament si vill Stäreschnäizen um Nuetshimmel ze gesinn – déi sougenannt Perseiden. Hu Stäreschnäizen eppes mat Stären ze dinn oder net? A firwat gesäit een der grad elo esou vill?

FNR
(On)endlech Wäit? Wësse mir elo endlech ob den Universum onendlech ass?

Wéi grouss ass eigentlech den Universum? Ass e villäicht souguer onendlech? A wéi eng Iddie ginn et iwwerhaapt zur Gestalt vum Weltall?

FNR