Pixabay

Aus Stol gi Bürosklameren oder Autoe gemaach an ouni Stolträger géif et keng Héichhaiser ginn. D’Produktioun vu Stol huet sech säit iwwer 3000 Joren ëmmer weider entwéckelt. Elo wëllen Ingenieure fir d’éischte Kéier eng Bréck aus Stol printen.

Mr. Science, wéi soll dat da goen, matt Stol printen?

Jo, do hues de richteg héieren. Zu Amsterdam soll eng Bréck iwwert eng Gracht geprint ginn. Dat funktionéiert wéi mat engem Tëntestrahldrécker: Amplaz mat Tënt soll d’Bréck awer mat flëssege Stoldrëpse gedréckt ginn a vu Roboteren Drëps vir Drëps direkt op der Plaatz opgebaut ginn.

A wéini soll dës Bréck fäerdeg sinn?

Wann alles gutt geet Enn 2017. Eng bësschen aner Stol-Dréckmethod gëtt haut scho routineméisseg agesat, awer fir méi kleng Géigestänn. Dobäi fiert en Laser-Drockkapp iwwert eng Bidde mat rengem Stolpolver, an ëmmer, wann de Laser opblëtzt, schmëlzt en de Stolpolver op deem Punkt wou en optrëfft. Wann den Laserkapp een Niveau ofgeschafft huet, gëtt eng nei hauchdënn Schicht Stolpolver opgedroen. Ëmmer do, wou den Objet dono aus festem Stol bestoe soll, schmëlzt de Laser déi nächst Schicht drop. Sou wiisst Scheiw fir Scheiw den Objet aus Stol. Ingenieure produzéieren matt där Method Maschinenstécker fir Prototypen. Op dës Aart a Weis ass awer och schonn eng Pistoul aus Stol gedréckt ginn déi funktionéiert.

Scho verréckt, wat sech d’Ingenieuren ëmmer rëm afale loossen!

Allerdéngs! Säit iwwer 3000 Joer tüftelt de Mënsch un der Produktioun vu Stol rondrëm – mat ville Versich a Mësselen. Ab dem Enn vum 18. Jorhonnert hunn d’Fuerscher dunn ugefaang ze verstoen, wat fir eng chemesch Reaktiounen dobäi oflafen. Si erkennen, dass d’Matière Première, also Eisenäerz, eng Verbindung tëscht Eisen a Sauerstoff ass – ähnlech wéi Rascht. Am Héichuewe gëtt d’Eisenäerz zesumme mat Koks erhëtzt, dat ass eng speziell Kuel. Dobäi gëtt dem gléienden Äerz duerch eng chemesch Reaktioun de Sauerstoff entzunn. Sou entsteet geschmolzend Eisen, dat ënnen offléisse kann. En Héichuewen ass am Prinzip en risegt Reagenzglas!

Et fillt een sech winzeg, wann ee virun engem steet!

Nach ass am Réieisen awer nach ze vill Kuelestoff. Deen gëtt dann duerch aner chemesch Reaktiounen aus der Schmelz erausgeholl an zum Schluss kennt Stol eraus. Iwwer 3000 verschidden Zorte gëtt et haut, jee no Asaatzgebidd. Dass een awer iergendwann mol eng Kéier Stol drécke kéint, konnten sech och d’Fuerscher laang net virstellen.

Dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend!

Du schwätz mer aus der Séil!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)

Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Auch interessant

Ultraleicht und extrem belastbar Entwicklung und Erprobung neuer Strukturen für Bauteile in der Luft- und Raumfahrt

Je schwerer ein Produkt für den Weltraum ist, desto teurer ist auch der Transport. Genau dort setzt das neue gemeinsame ...

Forschung am LIST: Wie sieht die Zukunft aus? Plasma: Der vierte Aggregatszustand und seine Einsatzmöglichkeiten

Mit Hilfe von Plasma lassen sich Materialien mit besonderen Eigenschaften ausstatten. Was dabei alles möglich ist, erklä...

Forschung am LIST: Wie sieht die Zukunft aus? Das Smartphone von morgen: Nicht nur sehen und hören, sondern auch fühlen

LIST-Materialforscher Emmanuel Defay forscht gemeinsam mit Kollegen an sogenannten piezoelektrische Anwendungen, mit den...

Auch in dieser Rubrik

Chrëschtdagsgeescht Gëtt ee vu Glüwäin méi séier voll ewéi vun normalem Wäin?

Glüwäin wiermt net nëmmen d'Séil, e schéisst och an de Kapp. Mee passéiert dat och besonnesch séier?

FNR
Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR