Moor

shotshop.com

Zënter 1960 setzen d'Mouere weltwäit méi CO2 fräi, wéi se späicheren.

Mr Science, wéi beaflossen d'Moueren eist Klima?

A Moueren si gewalteg Quantitéite vum Klimagas CO2 gespäichert. Ronn duebel sou vill wéi an de Bëscher an dat obwuel Moueren nëmmen 3% vun der weltwäiter Landfläch ausmaachen! Sou laang si intakt sinn, sinn si eppes wéi en natierleche CO2-Staubsauger.

Wéi funktionéiert dat?

Planze wuessen, andeems se Sonneliicht als Energiequell notzen, Waasser a Mineraler aus dem Buedem ophuelen an CO2 aus der Loft. Sou bauen si Planzemass op. Um Enn vun hirem Liewe ginn hir Blieder, Stiller, Äscht a Stämm am Buedem duerch Bakterien an aner Mikroorganismen zersat. Dobäi gëtt deen CO2, deen se am Laf vun hirem Wuesstem gebonnen hunn erëm fräigesat. Et ass e Kreeslaf.

An de Mouere gi Planzereschter déi op de Buedem gefall sinn awer vu Waasser bedeckt a verfaulen dofir net komplett. Si bilden eng Torfschicht, déi vu Joer zu Joer ëmmer méi déck gëtt. Mouere wuessen am Schnëtt ongeféiert 1 Millimeter pro Joer no uewen. Am Laf vun de Joerdausenden entsti sou meterdéck Torfschichten déi den CO2 späicheren, dee beim Wuesstem vu Planzen entsteet.

Wann d'Moueren awer dréche geluecht ginn an den Torf net méi fiicht ass, kënnen d'Mikroorganismen den Torf zersetzen an de gespäicherten CO2 gëtt sou erëm fräigesat.

Falen d'CO2-Emissioune vu Moueren dann an d'Gewiicht?

Jo, an zwar fatzeg! Zënter 1960 setzen d'Mouere weltwäit méi CO2 fräi, wéi se späicheren. Et sinn enorm Quantitéiten CO2, déi all Joer vun dréchegeluechte Mouere fräigesat ginn, ongeféier 2 Milliarden Tonnen CO2. Dat si 5% vun de weltwäiten Emissioune vun dësem klimaschiedleche Gas!

Wow, dat ass iwwerraschend vill! Droen eis Lëtzebuerger Moueren dann och dozou bäi?

Déi si mëttlerweil gutt geschützt, fir déi ze retten, déi mer nach hunn! Elleng an der zweeter Hallschent vum leschte Joerhonnert sinn eis Fiichtgebidder, zu deenen och Mouere gehéieren, em 80% zréck gaangen. Weltwäit falen awer virun allem Länner wéi Kanada, Russland an Indonesien an d'Gewiicht, si hunn déi gréissten Torfgebidder.

Indonesien?

Jo, du hues richteg héieren. Do ginn et grouss tropesch Moueren, déi dréche geluecht goufen, z.B. fir Palmenueleg-Plantagen unzeleeën. Wann déi Torfschichten net méi fiicht sinn, zersetzen si sech net nëmme mee fänken och nach dacks u mat brennen. A béide Fäll gëtt de gespäicherten CO2 fräigesat. Indonesien well seng Moueren elo besser schützen an eleng doduerch seng CO2-Emissiounen em méi wéi d'Hallschent reduzéieren. Fir datt Moueren och an anere Länner besser geschützt kënne ginn, probéieren d'Wëssenschaftler d'Mouere weltwäit ze kartéieren. 

Fannen se dobäi och nach onbekannte Mouergebidder?

Am zentralafrikanesche Kongo-Bassin hunn se eent entdeckt, dat méi wéi 50 mol méi grouss wéi Lëtzebuerg ass! Fuerschung bleift eben ëmmer spannend...

Torfbränn

Ëmmer erëm geroden dréche Mouergebidder a Brand. Dobäi entsti Bränn bei deenen d'Feier just ënnert der Uewerfläche vun der Äerd gléit. An déi si schwéier ze läschen. Ausserdeem gëtt dobäi nieft grousse Quantitéiten CO2 och vill Damp fräigesat. Groussflächeg Mouerbränn ginn et ëmmer erëm a Kanada, Russland, Malaysia an Indonesien. 2015 hunn indonesesch Mouerbränn zum Beispill dräimol souvill CO2 fräigesat, wéi déi schlëmm Bëschbränn an Australien an de Joren 2019 an 2020!

Wéi aus Torf Kuel entsteet

Wann aus Planzereschter Torf gëtt, kann dat en éischte Schrëtt fir d'Entstoe vu Kuel sinn. De Mouer ka sech duerch d'Verännerung vun der Äerduewerfläch am Laf vu Joermilliounen ofsenken. E gëtt vu Sedimenter bedeckt, deenen hir Gewiicht den Torf zesummen dréckt. An enger éischter Etapp entsteet sou brong Kuel, an där een nach Planzereschter erkenne kann. Wenn d'Schicht, an där si virkënnt, duerch geologesch Prozesser an nach méi déif Äerdschichte geréit, klëmmt d'Temperatur duerch d'Äerdwäermt déi zouhëlt. Doduerch gi chemesch Reaktiounen aktivéiert, duerch déi di brong Kuel méi donkel a méi haart gëtt, bis datt doraus Steekuel gëtt.

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Iwwersetzer: Michèle Weber/FNR

Infobox

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Quellen

How peat could protect the planet
Virgina Gewin Nature News Feature, 2020
https://www.nature.com/articles/d41586-020-00355-3

Intact and managed peatland sols as a source and sink of GHGs from 1850 to 2100
Leifeld et al., nature climate change 2019
https://www.nature.com/articles/s41558-019-0615-5

The peatland map of Europe
Tanneberger et al. Mires & Peat 2017
http://mires-and-peat.net/media/map19/map_19_22.pdf

Global vulnerability of peatlands to fire and carbon loss
Turetsky et al., nature geoscience 2014
https://www.nature.com/articles/ngeo2325

Auch interessant

Sonnenënnergang Firwat gëtt den Himmel owes rout?

Wéi kënnt et, dass den Himmel owes an och moies seng Faarf ännert?

Mr Science  Wéi kënnen Buedemdéieren eis am Kampf géint de Klimawandel ënnerstëtzen? 

Mikroorganismen, wéi Bakterien a Pilzer, am Buedem zersetzen dem Mr Science säi Kalzong bannent 6 Wochen quasi komplett ...

FNR , RTL
Experiment Trinke das Wasser von Bäumen

Bäume produzieren den Sauerstoff, den wir atmen dabei verdampfen sie aber das 200-fache an Wasser. Dieses Wasser kann ma...

FNR