(C) Shotshop

Fir déi meeschte Leit an eiser westlecher Gesellschaft si kleng Zuelen éischter lénks am Raum situéiert a grouss Zuele riets. Dat kennt dovun, well mer eis Zuelen als mental Zuelelinn virstellen, déi vu lénks (fir kleng Zuelen) no riets (fir grouss Zuelen) verleeft.

An Zesummenaarbecht mat der Universitéit vu Maastricht wollte mir erausfannen, firwat dat esou ass, a wéi eng Deeler vum Gehir un dësen Associatiounen zwëschent Zuelen a Raum bedeelegt sinn. Mat Hëllef vun enger Method, déi TMS (Transkraniell Magnéitesch Stimulatioun) heescht, hu mer während 15-20 Minutten eng kleng Regioun vun der rietser Gehirhalschent desactivéiert. Während deene 15-20 Minutte hunn eis fräiwëlleg Versuchspersoune vill manner staark Zuele mam Raum associéiert, wéi si dat am Normale machen.

Wisou ass daat sou? 

Déi kleng riets Gehirregioun befënnt sech am Schläfenlappen an hëlleft eis, all méiglech Reiefolgen ze erfaassen. Eng Ursaach, firwat kleng/grouss Zuele mat lenks/riets associéiert sinn, ass also, well d’Zuelen och eng Reiefolleg beschreiwen. De rietse Schläfenlappen schéngt eng besonnesch wichteg Roll an dëser Associatioun ze spillen. Dës Resultater vun eisem TMS Experiment passen exzellent bei déi rezent Resultater vun enger belscher Fuerscherequipe vu Gent. Si hëllefen eis, besser ze verstoen, wéi Zuelebegrëffer an eisem Kapp entstinn a weisen eis Pisten op, wéi mer d’Zuelen- a Rechneléiere kéinten ënnerstëtzen a fuerderen.

Wat ass TMS?

D’Transkraniell Magnéitesch Stimulatioun - transkraniell heescht "duerch d‘Schank vum Kapp" - gëtt TMS ofgekierzt an ass eng Technologie, déi et erlaabt, mat staarken a geziilte Magnéitfelder Deeler vum Gehir ze stimuléieren oder ze desaktivéieren. TMS ass eng nëtzlech Method fir d’Gehirfuerschung a gëtt punktuel och fir verschidden Therapien agesat.

Auteuren/Kontakt: Christine Schiltz

Photo © Shotshop.com

 

Infobox

Wat ass LEARN?

LEARN ass d’Ofkierzung fir Learning Expertise And Research Network, dëst heescht esou vill wéi “Léier Expertise a Fuerschungsnetzwierk”. Mir sinn e Grupp vu Wëssenschaftler a Praktiker, déi sech fir Léierprozesser a Léierschwieregkeeten intresséieren. D’Zil vun dësem Netzwierk ass en Austausch vu verschiddenen Akteuren (Fuerschung, Schoul, Therapie,Elteren), déi sech mam Léiere befaassen.

Mir wäerte mir Iech nei Fuerschungsresultater aus rezente Projete virstellen, souwuel aus de Beräicher Mathematik, Zuelen a Raum, der Gesiichtserkennung, de Sproochen an de Sprooch-entwécklungsstéierungen, sou wéi dem Aarbechtsgediechtnes an den Exekutivfunktiounen.

Zu den Auteuren

Ass.‐Prof. Dr Christine Schiltz : Professeur Associée op der Uni.lu. D’Christine erfuerscht an enseignéiert, wéi d’mënschlech Kognitioun sech entwéckelt. Si intresséiert sech besonnesch fir d’Fro, wéi d’Zuelebegrëffer bei Kanner an Erwuessener entstinn a wéi d’Gehir dës Prozesser steiert.

Matarbeschter 

Ass.‐Prof. Dr Pascale Engel de Abreu: Fuerscherin/Professeur Associée bei EMACS

Dr Danielle Hoffmann: Neuropsychologin/Fuerscherin bei EMACS

Dr Caroline Hornung: Kognitiv Entwécklungspsychikigin/Fuerscherin bei EMACS

Prof. Dr Romain Martin: Professeur op der Uni.lu

Ass.‐Prof. Dr Christine Schiltz: Professeur Associée op der Uni.lu

Dr Anne-Marie Schuller: Neuropsychologin an EEG‐Expertin bei EMACS

Dr Sonja Ugen: Kognitiv Entwécklungspsychologin bei EMACS

Waat ass ECCS ?

ECCS ass eng Fuerschungsunitéit op der Universitéit vu Lëtzebuerg, an huet keen Service fir eng Prise en Charge vu Léierschwieregkeete kennen unzebidden. Wann Dier am Kader vun enger Léierschwieregkeet no Hëllef sicht, kontaktéiert w.e.g. ee vun de Servicer di um Terrain schaffen an eng Prise en Charge ubidden

Fir weider Informatiounen

Auch interessant

Screentime fir Kanner Wéi vill Zäit sollte Kanner virum Ecran verbréngen?

Smartphone, Spillkonsol, Telé, Computer - grouss oder kleng Ecranen si jo haut fest an eis Liewen integréiert. Mee wéi v...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Frühkindliche Bildung Fördern Crèche, Précoce und Vorschulen den Spracherwerb?

Wer Erfolg in der Schule haben will, muss die Unterrichtssprache beherrschen. Erstmals haben Forscher flächendeckend die Rolle frühkindlicher Betreuung und Bildung bei der Sprachförderung untersucht....

Familie und Kinder Vor- und Nachteile der allgemeinen Kinderbetreuung in Luxemburg

Wie steht es um die Kinderbetreuung in Luxemburg und wie sieht sie im Vergleich zu anderen Ländern aus? Die Wissenschaftlerin Audrey Bousselin vom LISER gibt Einblicke.

KI IN DER BILDUNG Auswirkungen von Künstlicher Intelligenz auf den Bildungsbereich

ChatGPT ist auch in den Schulen Luxemburgs wie eine Bombe eingeschlagen. Viele fühlen sich von der Künstlichen Intelligenz überrumpelt und fürchten um die Qualität des Unterrichts. Zu Recht?

Gratis Kinderbetreuung in Luxemburg Wie gut geht es den Kindern in den Maisons Relais?

Ab dieser Rentrée sind Betreuungsstrukturen in Luxemburg kostenlos. Fühlen sich Kinder dort wohl? Und wie wirken sie sich auf ihre Entwicklung aus? Wir haben recherchiert und drei Expertinnen gefragt