RTL, Media4all ​​​​​​​

En Extrait aus dem "Pisa - d Wëssensmagazin" vum 31. Januar 2021.

Antigen, Antikierper, RNA ... – dëst sinn e puer vun de Wierder déi am Zesummenhang mat der Coronaimpfung ëmmer nees falen. De Pisa Wëssensmagazin vum 28.1.21 stoung ganz am Thema Immunsystem an hei ginn all dës Begrëfflechkeeten an Zesummenhäng erkläert.  

D’Impfungen notzen e Mechanismus vun eisem Immunsystem aus, an zwar dee vun de Gediechniszellen. Eise Kierper verhält, a verschidde Fäll iwwer Joren, wann hie scho mol géint en Eindringling (z.B. Virus oder Bakterie) gekämpft huet. Wéi en dat mécht erkläert de Mr Science am Reportage.  

Wat mécht een, wann een net weess op een nach géint eng Krankheet geschützt ass oder net? 

Dëst ass net allgemeng ze beäntwerten. Verschidden Impfunge schützen effektiv fir d’ganzt Liewen: an eisem Fall waren nach genuch Antikierper géint Hepatite A a B, Riedelen a Mumps présent an dat iwwer 10 Joer no der Impfung. Dëst kann awer och vu Persoun zu Persoun variéieren. Aner Impfunge wéi Tetanus a Diphterie sollen all 10 Joer erneiert ginn. Jee no Beruff si verschidden Impfungen staark recommandéiert a sollte reegelméisseg erneiert ginn. Bei engem Zweifel schwätzt een am Beschte mat sengem Hausdokter.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR) 
Produktioun: RTL, Media4all 
Dekor: Julieta Fernandez 
Merci: Michèle Weber (FNR)

Auch interessant

Neues aus der Wissenschaft Neuigkeiten aus der Forschung in Luxemburg – Juli 2021

Was sind die neuesten Fortschritte der Forscher in Luxemburg? Das science.lu-Team bietet eine Übersicht (ohne Anspruch a...

DIE WICHTIGSTEN INFORMATIONEN Covid-19: die mRNA-Impfstoffe im Steckbrief

Wirkweise, Nebenwirkungen, Einordnung der Impfstoffe durch Dr. Gérard Schockmel…hier findest Du die wichtigsten Informat...

FNR
DIE WICHTIGSTEN INFORMATIONEN Covid-19: Die Vektor-Impfstoffe im Steckbrief

Wirkweise, Nebenwirkungen, Einordnung der Impfstoffe durch Dr. Gérard Schockmel…hier findest Du die wichtigsten Informat...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Gesondheet vun der Fra Wat ass Endometriose a wéi kann ee se behandelen?

Ongeféier all zéngt Fra am gebärfäegen Alter leit ënner dëser chronescher Krankheet, déi mat vill Péng verbonnen ass. Detailer zu Symptomer, Ursaachen, Diagnos, Behandlungsoptiounen a Fuerschung.

FNR
PISA Summerchallenge 2025 Mam Buedbidden-U-Boot duerch de Baggerweier

Den neie Pisa Summerchallenge ass en Experiment mat villen Erausfuerderungen! Eng Geschicht iwwer Courage, net opginn a Sauerstoffmangel.

FNR
Mullen
Et kënnt op den “r” un Firwat fänkt d'Mullesaison am September un?

Am Hierscht sti se nees an de Restauranten op der Kaart: Mullen. Mä firwat kommen d'Muschelen op ville Plazen am September nees op den Dësch?

FNR