
(C) 4motion
Dës Consultatioun wäert parallel an allen 22 Memberstaate vun der Europäescher Weltraum Agentur (ESA) statt fannen.
Während engem ganzen Dag hunn ongeféier 100 Bierger pro Memberstaat d'Méiglechkeet ze diskutéieren, hir Meenung ze soen a matzeschaffen fir Prioritéiten ze definéieren fir zukünfteg Fuerschungsprogrammer am Weltall. D'Resultater aus alle Länner ginn konsolidéiert an direkt weidergeleet un den Directeur Général vun der ESA, den Jan Woerner.
Technologien an Innovatiounen di aus den Weltraum Programmer resultéieren kënne mathëllefen fir gesellschaftlech Erausfuerderungen ze meeschteren a sinn eng Quell vun Inspiratioun fir zukünfteg Generatioune.
Eng Première fir Europa - an och Lëtzebuerg mécht mat
D'Bierger Debatt iwwert Weltraumfuerschung an Europa ass eng Première - et ass déi éischte Kéier dass des Thematik simultan an esou ville Länner diskutéiert geet. Des Debatt gëtt vun der Europäescher Weltraum Agentur (ESA) organiséiert an Zesummenaarbecht mat der franséischer Agence Missions Publiques (http://missionspubliques.fr/) a mat lokale Partner an all Memberstaat.
Zu Lëtzebuerg ass dat 4motion asbl (http://4motion.lu).
Kommt a maacht mat bei dëser grousser Première den 10. September 2016 !
Adress vum Dag: Centre Culturel Tramsschapp, 49 rue Ermesinde, L-1469 Luxembourg
Gitt méi gewuer iwwert d'Weltraumfuerschung an hir Resultater. All Participant kritt en Zertifikat vun der ESA als Merci fir seng Participatioun. Deelt des Informatioun an ärem Bekanntekrees fir dass méiglechst vill Leit sech un dëser Initiativ bedeelegen. D'ESA beméit sech ëm Transparenz an en aktiven Dialog mat den europäesche Bierger.
Fir matzemaachen muss een sech aschreiwen am Internet op der Websäit http://www.citizensdebate.space/lb_LB/
Méi Informatiounen kritt Dir och op dëser Websäit oder kontaktéiert 4motion direkt:
Luc Wagner
4motion asbl
email: citizensdebate@4motion.lu
Auteur: 4motion