(C) shotshop
Éiert ee rechne léiert, muss ee fir d’éischt emol Zuele liesen, schreiwen a verstoe kënnen. Wéini Kanner domat ufänken erklärt eis LEARN.
Am éischte Schouljoer léieren d’Kanner rechnen. Mä éiert ee rechne léiert, muss ee fir d’éischt emol Zuele liesen, schreiwen a verstoe kënnen. Ganz formell léieren d’Kanner dat och eréischt am éischte Schouljoer. Mä mir wëssen awer haut, dass déi allermeeschte Kanner och scho virum éischte Schouljoer ufänken Zuelen ze verstoen. Kleng Zuele bis 10 ginn dacks scho ganz genee verstane vu Kanner aus der Spillschoul. Mä och grouss, zweestelleg Zuelen (wéi 34 oder 64) kënne schonn op eng graff Manéier verstane ginn. Am eisem Experiment konnte 5-6 Järeg Kanner zum Beispill grouss Zuele benotzen, fir anzeschätzen, wéi vill Punkten si op engem Computerécran gesin hunn.
Kanner, déi besser aschätze kënnen, wéi vill Punkten an engem grousse Punktekoup sinn, kënnen och scho méi genee mat klengen Zuelen exakt ëmgoen. Dat exakt Verständnis vu klengen Zuele schéngt also direkt mat dem Verschaffe vu grousse Punktequantitéiten zesummenzehänken.
An eisem Grupp vu Spillschoulsklasse waren och Kanner aus ënnerschiddleche sozio-ökonomesche Verhältnisser. Dëse ganz generelle Facteur huet och de Kanner aus dem leschte Spillschoulsjoer hir Schätzfähegkeet beaflosst. D’Kanner aus méi schwaache Verhältnisser waren e bësse manner gutt am Schätze wéi déi aner. Dëst ass e wichtegt Resultat, wëll et weist, dass mer an der Spillschoul d’Zuelen an d’Mengeverständnis vun de Kanner aus de méi schwaache sozio-ökonomesche Kontexter besonnesch sollen ënnerstëtzen.
Auteuren/Kontakt: Anne‐Marie Schuller & Christine Schiltz
Photo © Shotshop.com
Infobox
LEARN ass d’Ofkierzung fir Learning Expertise And Research Network, dëst heescht esou vill wéi “Léier Expertise a Fuerschungsnetzwierk”. Mir sinn e Grupp vu Wëssenschaftler a Praktiker, déi sech fir Léierprozesser a Léierschwieregkeeten intresséieren. D’Zil vun dësem Netzwierk ass en Austausch vu verschiddenen Akteuren (Fuerschung, Schoul, Therapie,Elteren), déi sech mam Léiere befaassen.
Mir wäerte mir Iech nei Fuerschungsresultater aus rezente Projete virstellen, souwuel aus de Beräicher Mathematik, Zuelen a Raum, der Gesiichtserkennung, de Sproochen an de Sprooch-entwécklungsstéierungen, sou wéi dem Aarbechtsgediechtnes an den Exekutivfunktiounen.
Ass.‐Prof. Dr Christine Schiltz : Professeur Associée op der Uni.lu. D’Christine erfuerscht an enseignéiert, wéi d’mënschlech Kognitioun sech entwéckelt. Si intresséiert sech besonnesch fir d’Fro, wéi d’Zuelebegrëffer bei Kanner an Erwuessener entstinn a wéi d’Gehir dës Prozesser steiert.
Dr Anne-Marie Schuller : Neuropsychologin an EEG‐Expertin bei EMACS. D’Anne‐Marie erfuerscht, wéi d’Opmierksamkeet perzeptiv a kognitiv Prozesser ka beaflossen a wéi en Afloss dëst op d’numeresch Kognitioun huet.
Matarbeschter
Ass.‐Prof. Dr Pascale Engel de Abreu: Fuerscherin/Professeur Associée bei EMACS
Dr Danielle Hoffmann: Neuropsychologin/Fuerscherin bei EMACS
Dr Caroline Hornung: Kognitiv Entwécklungspsychikigin/Fuerscherin bei EMACS
Prof. Dr Romain Martin: Professeur op der Uni.lu
Ass.‐Prof. Dr Christine Schiltz: Professeur Associée op der Uni.lu
Dr Anne-Marie Schuller: Neuropsychologin an EEG‐Expertin bei EMACS
Dr Sonja Ugen: Kognitiv Entwécklungspsychologin bei EMACS
EMACS ass eng Fuerschungsunitéit op der Universitéit vu Lëtzebuerg, an huet keen Service fir eng Prise en Charge vu Léierschwieregkeete kennen unzebidden. Wann Dier am Kader vun enger Léierschwieregkeet no Hëllef sicht, kontaktéiert w.e.g. ee vun de Servicer di um Terrain schaffen an eng Prise en Charge ubidden