Adobe Stock
Wou ass déi beschte Plaz fir de Schreifdësch? Wou soll d'Bett higestallt ginn? Ass et eng gutt Iddi, e Spigel opzehänken? Beim Ariichte vun der Wunneng oder dem Büro orientéiere sech munch Leit un de Reegele vum Feng Shui. D'Iddi hannert dëser Philosophie aus dem ale China: De Mënsch a seng Ëmgéigend sollen en harmoneschen Accord bilden. Ginn et wëssenschaftlech Beweiser, dass dat funktionéiert?
Nee, déi ginn et net. Dat läit schonn eleng dorun, dass d'Basiskonzept vum Feng Shui net wierklech mat modernen naturwëssenschaftleche Methoden erfuerscht ka ginn, well et baséiert op enger geheimnisvoller Aart vun Energie oder Fluidum, dem sougenannte Qi oder Chi. No enger aler chineesescher Virstellung ass en iwwerall op der Welt ze fannen: a Bierger, Flëss, an der Loft, mä och a Miwwelen an dem mënschleche Kierper. Hei suergt en ënner anerem dofir, dass d'Organer hir Aufgaben erfëllen an d'Séil sech wuelfillt. Allerdéngs ass et der Fuerschung bis elo nach net gelong, d'Existenz vun esou engem Medium nozeweisen.
Ass Feng Shui also just Hokuspokus?
Na ja, esou einfach ass et dann awer net. Engersäits huet dat, wat haut bei eis an Europa als Feng Shui ugebuede gëtt, just bedéngt eppes mat der ursprénglecher Theorie, déi Joerdausenden al ass, ze dinn. Et stécht eng komplex – an zum Deel vergiessen – Philosophie derhannert, déi Mënsch, Natur a Gebaier als ontrennbar Unitéit versteet. Mat hir verbonne war e Wëssen, dat aus vill verschiddenen Andréck an Erfarungen entstanen ass. Dat ass vill méi, ewéi just Miwwelen an Zëmmerplanzen op déi richteg Plaz ze stellen. Anerersäits kann eng Ariichtung, iwwer déi ee sech Gedanke gemaach huet, duerchaus e positiven Impakt op d'Wuelbefannen hunn, deen och wëssenschaftlech z'erklären ass.
Wat mengs du domat?
Zum Beispill, wa Wäert drop geluecht gëtt, dass d'Wunneng propper an opgeraumt ass: Der Feng-Shui-Theorie no sollen d'Duerchgäng fräi si vun Dreck a sperrege Géigestänn, fir dass de Qi ouni Blocage duerch d'Raim stréime kann. Ecker a Kante kënnen heibäi och e Problem duerstellen an de Qi behënneren. Feng-Shui-Experten roden dowéinst ënner anerem, dass d'Zëmmeren opgeraumt sinn a kloer Linnen hunn. Och soll een d'Fënstere reegelméisseg botzen, well de Qi just esou eran- an erausfléisse kann. Mä ganz onofhängeg vun onerklärlechen Energiestréim hu Psychologe festgestallt: Eng uerdentlech a propper Ëmgéigend kann dozou bäidroen, Stress oder Ängschten ofzebauen. Gläichzäiteg fërdert si d'Kreativitéit a féiert zum Beispill am Büro zu besseren Aarbechtsresultater. Opzeraumen an ze botze kann u sech schonn hëllefen. E weideren Aspekt ass den Afloss vun de Faarwen – de richtege Choix spillt beim Feng Shui och eng Roll.
Wat bewierken d'Faarwen?
Fuerscher:innen hunn erausfonnt, dass d'Gehier Faarwen ënnerschiddlech deit. A si wëssen, dass Faarwe verschidde Wierkungen op de Mënsch hunn. Gréng zum Beispill berouegt, wärend Rout onroueg mécht. Giel verbessert net just d'Laun, mä léisst kleng Zëmmeren och méi grouss wierken. Blo ass eng gutt Faarf fir eng Schlofkummer, well et de Stress an och de Bluttdrock reduzéiere kann.
Da lount et sech also awer, déi eng oder aner Feng-Shui-Reegel zu behäerzegen?
Jo, effektiv. Allerdéngs brauch et dofir keng déifgrënneg Philosophie an och keng mysteriéis Energiestréim. Erkenntnisser vun der mënschlecher Psych ginn duer. Déi ass souwisou scho schwéier genuch ze verstoen – an d'Fuerschung wäert an dësem Beräich och nach esou munch Iwwerraschung bereethalen. Et bleift deemno spannend.
Infobox
De Begrëff „Feng Shui“ vereent déi zwee chineesesch Wierder fir Wand („Feng“) a Waasser („Shui“). Si sti symbolesch fir ënnerschiddlech Aflëss, déi opwullend oder berouegend wierken – an déi een an d'Gläichgewiicht brénge muss. Just op dës Manéier loosse sech de Feng-Shui-Prinzipien no Gléck, Erfolleg a Gesondheet erreechen. Am Mëttelpunkt vun dëser Ideologie, déi virun Dausende Joren am keeserleche China entwéckelt ginn ass, steet d'Bezéiung tëschent dem Mënsch a senger Ëmwelt. Si gëllt et esou ze formen, dass de Qi – e Medium, dat duerch alles fléisst – op eng positiv Manéier beaflosst gëtt. Gëtt dëse Flux gestéiert oder behënnert, kann dëst weider Schied mat sech bréngen – zum Beispill fir d'Gesondheet. Zu enger positiver Gestaltung vun der Ëmgéigend gehéieren d'Orientéierung an d'Ariichtung vu Raim a Gebaier. Ënner anerem gëtt heifir de Grondrëss vun enger Wunneng op e Quadrat iwwerdroen, deen aus néng klenge Quadrater besteet. All Quadrat steet fir eng Himmelsrichtung oder en aneren Aspekt vum Liewen, un deen den Interieur vun de Raim ugepasst muss ginn. Bei moderne Forme vum Feng Shui ginn zum Deel zousätzlech Informatiounen ewéi de Gebuertsdatum berécksiichtegt. Ausserdeem kombinéieren d'Feng-Shui-Varianten, déi zirka zanter den 1970er-Joren an de westleche Länner praktizéiert ginn, al fernëstlech Konzepter heiansdo mat e bësse lusche Phenomener ewéi Elektrosmog oder Äerdstralen. Am ale China goufe fréier net just Wunnhaiser, mä och Tempelen, Palaisen, Griewer a Gäert no de Feng-Shui-Reegelen ugeluecht. Doraus ass schliisslech och déi typesch chineesesch Gaardekonscht entstanen.
Auteur: scienceRELATIONS (Ralf Butscher)
Editor: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle Di Cato (why vanilla?)
Infobox
- D.E, Saxbe, R. Repett: “No place like home: home tours correlate with daily patterns of mood and cortisol“ (Pers Soc Psychol Bull. 2010 Jan; 36(1), p. 71-81); doi:10.1177/0146167209352864:
https://journals.sagepub.com/doi/10.1177/0146167209352864 - “Tidier homes, fitter bodies“ (Indiana University):
https://newsinfo.iu.edu/web/page/normal/14627.html - A.J. Elliot, M.A. Maier: „Color psychology: effects of perceiving color on psychological functioning in humans" (Annual Review of Psychology. 65: p. 95–120.); doi:10.1146/annurev-psych-010213-115035:
https://www.annualreviews.org/doi/pdf/10.1146/annurev-psych-010213-115035 - A.J. Elliot: “Color and psychological functioning: a review of theoretical and empirical work” (Front. Psychol., 02 April 2015):
https://doi.org/10.3389/fpsyg.2015.00368 - K. Sevinc, O. Kelechi Kingsley: “The Effects of Color on the Moods of College Students” (SAGE Open, February 28, 2014):https://journals.sagepub.com/doi/full/10.1177/2158244014525423
Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/