Depositphotos

Bei Männer sinn dogéint oft ganz Kappregioune betraff – Stir, Scheed oder de komplette Kapp.

Mr Science, als éischt Geheimratsecken, dann eng plakeg Platz um Hannerkapp an iergendwann bleift just nach en Hoerkranz iwwreg – Wann et schlecht leeft, net emol deen. Fraen hu sou Problemer net. Wisou net?

Oh. Och Frae kennen ënner Hoerausfall leiden. An genee wei bei Männer ass wuel dat männlecht Geschlechtshormon Testosteron verantwortlech, dat och am weibleche Kierper a gewësse Quantitéite produzéiert gëtt. Ass den Testosteronspigel ze héich, falen och bei Fraen Hoer aus.

Wat ass dann iwwerhaapt de Grond fir den Hoerausfall?

Hoerausfall ass meeschtens hormonell bedéngt, och Gene spillen eng Roll. An de Gene steet, wei staark d’Hoerfollikele – dat sinn déi Kaulen, iwwer déi eis Hoer an der Kapphaut verankert sinn – op en bestëmmten Hormon reagéieren, wat aus Testosteron entsteet. Jee méi sensibel d’Hoerfollikele sinn, ëmsou éischter verkëmmeren se – an da verkëmmeren och d’Hoer a fale spéider aus.

An den Testosteron ass och Schold um Hoerausfall bei Fraen?

Jo, meeschtens schonn. Frae produzéieren niewent weiblechen och männlech Hormoner. Enner bestëmmten Ëmstänn fällt d’Gläichgewiicht zu Gonschte vum Testosteron. Zum Beispill an de Wiesseljoren. Mee och d’Pell oder Erkrankunge vun den Eeërstäck kenne bei Fraen hormonell bedéngten Hoerverloscht verursaachen.

Wisou gesäit een dann ni Frae mat Glatz?

Bei Frae verleeft den Hoerausfall meeschtens anescht wei bei Männer. An der Reegel sinn nëmmen e puer Hoerfollikelen an enger Regioun vum Kapp betraff. Meeschtens ginn d’Hoer beim Scheed als éischt méi dënn. Spéider kann dann och um ugrenzenden Uewerkapp oder iwwert der Säit vun der Stir d’Kapphaut duerchkucken. D’Hoer gin awer just méi dënn, plakeg ginn dës Platzen éischter seelen. Bei Männer sinn dogéint oft ganz Kappregioune betraff – Stir, Scheed oder de komplette Kapp.

Den Tsavo Léiw a Kenia verléiert iwwregens och seng Hoer, mee senge weibleche Geselle schéngt dat näischt auszemaachen, well hien huet méi Partner wéi Léiwen mat enger voller Mähn.

Auteur: scienceRelations
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Foto: Depositphotos

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro. Dës Sendung gouf den 21.12.2016 ausgestrahlt.

Auch interessant

Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR
November-Blues Wat kann ee maachen, fir seng Laun ze verbesseren?

Dréif Novemberdeeg – dréif Laun. Wat kann ee maachen, fir och an dëser Zäit gutt drop ze sinn?

FNR
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR