Pixabay

Stolklénge si stabil awer notze séier of.

All Messer gëtt iergendwann stompeg. De Raten hier Zänn bleiwen dogéint en Rateliewe laang schaarf. Wéi geet dat a wat kucken sech d’Fuerscher do of?

Mr. Science, aus wat fir engem Material sinn eigentlech déi schäerfste Messer?

Aus Obsidian. Dat ass en natierlecht Glas. Et entsteet , wann ënner spezielle Konditioune Lava séier haart gëtt. Doraus kann een immens schaarf Klénge schloen. Meeschter doran waren d’Steenzäitmënschen, si hate jo nach kee Stol an hunn hier Kléngen aus Feiersteen oder Obsidian hiergestallt.

An wisou sinn Obsidiankléngen esou schaarf?

Wann een sech richteg schaarf Stolkléngen ënnert engem Elektronenmikroskop ukuckt, gesäit een dass d’Schnëttkant net glat mee wei eng See gezackt ass. De Stol besteet aus mikroskopesch klenge Kären, winzeg Mikrokristaller. An méi reng wei dës, kann een eng stole Kléng net schläifen. Genee sou, wéi een aus engem Stéck Zocker kee Raséiermesser maache kann.

Ech verstinn…

Obsidian kann een sech am Verglach wei en haarde Jelli virstellen, an dem et sou Kristaller net gëtt. Obsidianklénge kann een also zu enger immens renger a soumat extrem schaarfer Kléng schläifen. Modern Medeziner hunn se souguer als Skalpell getest. Se konnt sech allerdéngs net duerchsetzen, well Glasspläitere vun den Obsidianklénge relativ liicht ofbriechen.

Dat duerf bei enger Operatioun natierlech net geschéien

Dat ass och de Problem bei der Entwécklung vu schaarfe Messeren: Entweder se sinn aus engem haarde Material a bleiwe laang schaarf. Dofir briechen se awer liicht. Dat kennt ee vu Keramikmesseren. Oder se sinn aus stabillem Material wéi Stol, dofir notzen se méi séier of. Mee d’Fuerscher hunn elo en Auswee aus dëser Sakgaass fonnt.

Wéi dann?

Ma si hu Raten observéiert.

Raten?

Jo, hier Zänn bleiwen nämlech hiert ganz Liewe laang schaarf, an dat obwuel se de ganzen Dag laang alles Méigleches ofknabberen. Se bestinn aus zwee verschidde Materialien: Enger haarder Schicht aus Email an enger méi mëller aus Dentin. An dëse Prinzip hunn d’Fuerscher op Messer iwwerdroen: Se hunn eng Stolkléng just op enger Säit mat enger dënner Keramikschicht iwwerzunn. De Stol notzt séch elo méi séier of wéi déi haart Keramikschicht. Doduerch steet op enger Säit vun der Schneid ëmmer eng hauchdënn a schaarf Keramikkant iwwer. A genee wéi Ratenzänn schläife sech sou Messere vum selwen beim benotzen.

Also Hightech aus der Natur kopéiert?

Jo a sou Saache maachen d’Fuerschung einfach spannend.

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science

Auch interessant

Ultraleicht und extrem belastbar Entwicklung und Erprobung neuer Strukturen für Bauteile in der Luft- und Raumfahrt

Je schwerer ein Produkt für den Weltraum ist, desto teurer ist auch der Transport. Genau dort setzt das neue gemeinsame ...

Forschung am LIST: Wie sieht die Zukunft aus? Plasma: Der vierte Aggregatszustand und seine Einsatzmöglichkeiten

Mit Hilfe von Plasma lassen sich Materialien mit besonderen Eigenschaften ausstatten. Was dabei alles möglich ist, erklä...

Forschung am LIST: Wie sieht die Zukunft aus? Das Smartphone von morgen: Nicht nur sehen und hören, sondern auch fühlen

LIST-Materialforscher Emmanuel Defay forscht gemeinsam mit Kollegen an sogenannten piezoelektrische Anwendungen, mit den...

Auch in dieser Rubrik

Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR
Schlofmangel Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

D’Nuecht war kuerz, an da leien d’Ae Moies an donkelen Hielen. Wou kommen dës Aereefer hier? A wat kann een dogéint maachen?

FNR