(C) Shotshop

Wéi erkennen a benenne Kanner zu Lëtzebuerg zweestelleg Zuelewierder op Däitsch a Franséisch? Geet dat d’nämmlecht gutt a séier an deenen 2 Sproochen oder mécht d'Sprooch an deem Fall en Ënnerscheed? 

Fir dës Fro ze ënnersichen, huet d'LEARN-Equipe vun der Uni Lëtzebuerg Kanner aus dem 5. Schouljoer (Cycle 4.1) a vu 6e an 3e aus dem Lycée gefrot, fir zweestelleg Zuelen ze erkennen a benennen. 

Arabesch Zuelen an Zuelewierder

An der éischter Aufgab hunn d’Kanner eng Zuel héieren an hunn se du missten tëschent 4 verschiddenen arabeschen Zuelen erëmfannen. An der zweeter Aufgab kruten se arabesch Zuele gewisen an se hunn einfach missten d’Zuelewuert haart soen. Alleguerten d’Aufgabe sinn esouwuel op Däitsch ewéi op Franséisch gemat ginn.

All d’Kanner konnten dës 2 Aufgabe besser op Däitsch wéi op Franséisch. Dat heescht si hu manner Feeler gemat a ware méi séier. Mam Alter (a mat der Übung am Franséischen) ass den Ënnerscheed tëschent franséisch an däitsch méi kleng ginn, mä en ass awer ni ganz verschwonn.

Den Afloss vun der Sprooch am Zueleverschaffen

Dës
 Resultater weise ganz kloer,
 dass d’Sprooch eng wichteg 
Roll spillt am
 Zueleverschaffen. Wann een
 eng Sprooch nach net esou
 gutt kann, da beherrscht een
 d’Zuelewierder och automatesch nach net esou gutt. Dëst féiert zwangsleefeg dozou, dass ee méi lues ass an och méi Feeler mécht an allen Zuelenaufgaben an dëser Sprooch. Zu Lëtzebuerg, wou mer vun der Primärschoul an de Lycée classique einfach d’Sprooch an der Mathé wiesselen, musse mer dës Tatsaach onbedéngt berücksichtegen an de Léierrythmus un dëse Sproochewiessel upassen. Wann dat net gemat gëtt, entsti forcement eng Rei Feeler a Komplikatiounen an der Mathé, déi näischt mat numeresche Prozesser ze dinn hunn, mä mat sproochleche Prozesser.

Auteuren/Kontakt: Sonja Ugen & Christine Schiltz
Photo © Shotshop.com

Infobox

Wat ass LEARN?

LEARN ass d’Ofkierzung fir Learning Expertise And Research Network, dëst heescht esou vill wéi “Léier Expertise a Fuerschungsnetzwierk”. Mir sinn e Grupp vu Wëssenschaftler a Praktiker, déi sech fir Léierprozesser a Léierschwieregkeeten intresséieren. D’Zil vun dësem Netzwierk ass en Austausch vu verschiddenen Akteuren (Fuerschung, Schoul, Therapie,Elteren), déi sech mam Léiere befaassen.

Mir wäerte mir Iech nei Fuerschungsresultater aus rezente Projete virstellen, souwuel aus de Beräicher Mathematik, Zuelen a Raum, der Gesiichtserkennung, de Sproochen an de Sprooch-entwécklungsstéierungen, sou wéi dem Aarbechtsgediechtnes an den Exekutivfunktiounen.

Zu den Auteuren

Ass.‐Prof. Dr Christine Schiltz : Professeur Associée op der Uni.lu. D’Christine erfuerscht an enseignéiert, wéi d’mënschlech Kognitioun sech entwéckelt. Si intresséiert sech besonnesch fir d’Fro, wéi d’Zuelebegrëffer bei Kanner an Erwuessener entstinn a wéi d’Gehir dës Prozesser steiert.

Dr Sonja Ugen : Kognitiv Entwécklungspsychologin bei EMACS. D’Sonja intresséiert sech fir d’Entwécklung an d’Léiere vumLiesen a Schreiwen, wéi och fir den Afloss vun der Sprooch op d’Veraarbechte vu mathematesche Prozesser an engem multilinguale Kontext.

Matarbeschter 

Ass.‐Prof. Dr Pascale Engel de Abreu: Fuerscherin/Professeur Associée bei EMACS

Dr Danielle Hoffmann: Neuropsychologin/Fuerscherin bei EMACS

Dr Caroline Hornung: Kognitiv Entwécklungspsychikigin/Fuerscherin bei EMACS

Prof. Dr Romain Martin: Professeur op der Uni.lu

Ass.‐Prof. Dr Christine Schiltz: Professeur Associée op der Uni.lu

Dr Anne-Marie Schuller: Neuropsychologin an EEG‐Expertin bei EMACS

Dr Sonja Ugen: Kognitiv Entwécklungspsychologin bei EMACS

Waat ass ECCS ?

ECCS ass eng Fuerschungsunitéit op der Universitéit vu Lëtzebuerg, an huet keen Service fir eng Prise en Charge vu Léierschwieregkeete kennen unzebidden. Wann Dier am Kader vun enger Léierschwieregkeet no Hëllef sicht, kontaktéiert w.e.g. ee vun de Servicer di um Terrain schaffen an eng Prise en Charge ubidden

Fir weider Informatiounen

Auch interessant

Familie und Kinder Vor- und Nachteile der allgemeinen Kinderbetreuung in Luxemburg

Wie steht es um die Kinderbetreuung in Luxemburg und wie sieht sie im Vergleich zu anderen Ländern aus? Die Wissenschaft...

Familie und Beruf Die Entwicklung des Elternurlaubs in Luxemburg aus Sicht einer Wissenschaftlerin

Welche Auswirkungen hatten Änderungen in der Elternurlaubspolitik? Und wie sieht der Elternurlaub in Luxemburg im Vergle...

Screentime fir Kanner Wéi vill Zäit sollte Kanner virum Ecran verbréngen?

Smartphone, Spillkonsol, Telé, Computer - grouss oder kleng Ecranen si jo haut fest an eis Liewen integréiert. Mee wéi v...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Familie und Kinder Vor- und Nachteile der allgemeinen Kinderbetreuung in Luxemburg

Wie steht es um die Kinderbetreuung in Luxemburg und wie sieht sie im Vergleich zu anderen Ländern aus? Die Wissenschaftlerin Audrey Bousselin vom LISER gibt Einblicke.

KI IN DER BILDUNG Auswirkungen von Künstlicher Intelligenz auf den Bildungsbereich

ChatGPT ist auch in den Schulen Luxemburgs wie eine Bombe eingeschlagen. Viele fühlen sich von der Künstlichen Intelligenz überrumpelt und fürchten um die Qualität des Unterrichts. Zu Recht?

Gratis Kinderbetreuung in Luxemburg Wie gut geht es den Kindern in den Maisons Relais?

Ab dieser Rentrée sind Betreuungsstrukturen in Luxemburg kostenlos. Fühlen sich Kinder dort wohl? Und wie wirken sie sich auf ihre Entwicklung aus? Wir haben recherchiert und drei Expertinnen gefragt

Psychische Gesundheit Auswirkungen von Widrigkeiten in der Kindheit auf die psychische Gesundheit im späteren Leben

Neue Erkenntnisse über die Auswirkungen einer Trennung der Eltern oder einer Adoption auf die psychische Gesundheit zeigen deutlich, wie wichtig es ist, betroffenen Kindern Hilfe anzubieten.