(C) Shotshop

Eng spezifesch Sproochentwécklungsstéierung (SSES) oder Entwécklungsdysphasie ass eng unhalend Stéierung vun der Sprooch, déi d’Ausdrécken an d’Verstoe vun Geschwatenem erschwéiert. Eng SSES ass net op e Mangel u sproochlecher Stimulatioun, Méisproochegkeet, e Problem mam Héieren oder vun der Intelligenz zeréckzeféieren. Den Ausdrock “spezifesch” soll däitlech man, datt et sech ëm eng Stéierung handelt, déi gréisstendeels d’Sprooch betrëfft, währendeems aner kognitiv Beräicher scheinbar net betraff sinn.

Wei oft kennt eng SSES fir?

SSES gëllt ouni Zweiwel als eng vun den heefegsten Entwécklungsstéierungen. Fuerschungen aus den USA an aus England weisen, datt tëschent 5-10% vun alle Kanner un enger SSES leiden, dorënner méi Jonge wéi Meedercher. D’Stéierung begéint ee wéinstens grad sou dacks wéi d’Dyslexie an sinn ass méi heefeg wéi ADHS (Aufmerksamkeitsdefizit-/Hyperaktivitätsstörung) oder Autismus, erstaunlecherweis awer vill manner bekannt. D’Verstoen an d’Produktioun vun der geschwatener Sprooch ass eng wichteg Grondlag fir d’Léiere vun der geschriwwener Sprooch. Kanner mat enger SSES hunn also och dacks Problemer mam Liesen a mam Schreiwen an seng SSES gëtt heefeg vun enger Dyslexie begleet.

Fänke Kanner mat enger SSES dann zur gläicher Zäit un mat schwätze wéi Kanner ouni SSES?

Kanner mat enger SSES fäenken normalerweis spéit un ze schwätzen (oft eréischt, nodeems datt si 2 Joer al sinn). Net all Kanner, déi spéit mat Schwätzen ufänken, entwéckelen awer eng SSES. Ongeféier 13-20% vun alle Kanner si sougenannte “spéit Schwätzerten” (late talkers); dovunner kënnen ongeféier d’Halschent hire sproochleche Retard ophuelen an entwéckelen sech da ganz normal.

An déi aner Halschent?

Déi aner Halschent hëlt de sproochleche Réckstand aus engem onerkläerleche Grond awer net op; an dësem Fall handelt et sech dann ëm eng SSES. Dat geneet Erscheinungsbild vun enger SSES ass net bei all Kand d’selwecht. Dacks hu betraffe Kanner Problemer, fir richteg ze schwätzen. ET fällt hinne schwéier, Wierder richteg zu Sätz ze formen an si schwätzen dofir normalerweis a kuerzen an einfache Sätz déi kléngen, wéi déi vun engem jonke Kand (z.B. “Wëll Buch kucken” amplaz vu “Ech well e Buch kucken”). D’Endungen an d’Reiefolleg vun de Wierder entspriechen och dacks net der Grammatik vun der Sprooch (“Hie war eng Course geleeft” amplaz vu “Hien war eng Course gelaf” oder “Hien hat e Kuch gebaakt” amplaz vu “Hien huet e Kuch gebak”). Verschidde Kanner hunn och Problemer mat hirer Aussprooch. Si verwiessele Sproochlauter oder loossen se ganz ewech a sinn dowéinst dacks schwéier ze verstoen (“sotola” fir “Schockela” oder “Lomotiv” fir “Lokomotiv”). Et ginn dann och Kanner, déi zousätzlech zu hiren expressive Sproocheproblemer och nach Schwieregkeeten hunn, fir ze verstoen, wat aner Leit soen.

Wat sinn dann d’Ursaache vun enger SSES ?

Obwuel am Beräich vun der Sproochentwécklung a vun de Sproochstéierungen an de leschte Joeren immens vill gefuerscht gouf, sinn déi genee Ursaache vun enger SSES bis ewell net bekannt. Eng ganz Partie vu Fuerscher sinn der Meenung, datt eng SSWS op e Problem am Beräich vun der kognitiver Veraarbechtung vun der geschwatener Sprooch zeréckzeféieren ass. D’Kanner hu keng kierperlech Aschränkung vum Ouer, mee hiert d’Gehir huet Schwieregkeeten d’Sproochlauter richteg ze verschaffen. D’Kanner mat enger SSES fannen er zum Beispill schwéier, fir laang Quatschwierder (“Schéwleksuestel” oder “Kuschtmuki”) nozeschwätzen, net well si d’Wuert net richteg mat hirem Ouer “héieren”, mee well hiert Gehir Schwieregkeeten huet, fir déi eenzel Lauter am Wuert richteg ze verschaffen a wouerzehuelen.

Ass eng SSES genetesch bedéngt?

Duerch sougenannten Zwillingsstudien huet d’Fuerschung gewisen, datt eng SSES staark genetesch bedéngt ass. Dës Studie baséieren dorop, datt eeneeëg Zwillinge genetesch identesch sinn, mee awer zeeeeëg Zwillingen nëmme 50% vun hire Genen deelen (esou wéi normal Geschwëster). A béide Fäll gëtt dovun ausgaang, datt d’Ëmfeld vun den Zwillingen ähnlech ass: een- sougutt ewéi zweeeeëg Zwillinge ginn normalerweis an därselwechter Famill grouss, ginn an déiselwecht Schoul an esou weider. Wann déi eeneeëg Zwillingen sech dann an engem bestëmmte Beräich méi ähnlech sinn ewéi déi zweeeeëg Zwillingen, gëtt dovun ausgaang, datt dëse Beräich op d’Genen an net op d’Ëmfeld (dat jo fir béid Zwillingsgruppen d’selwecht ass) zeréckzeféieren ass. Rezent Fuerschungsaarbechte weisen, datt een  eeneeëg Zwilling mat enger SSES méi dacks een Zwilling huet, deen och un enger SSES leit ewéi een zweeeeëg Zwilling, an dowéinst gëtt gemengt, datt eng SSES eng genetesch Origin huet. Et ass awer net esou, datt et nëmmen ee Gen fir d’Sprooch gëtt, dee bei Kanner mat enger SSES einfach “defekt” ass. Vill méi handelt et sech bei enger SSES ëm eng komplex Stéierung, déi sech aus enger Unzuel vu geneteschen an anere Risikofacteuren zesummesetzt. Wann eng Stéierung e geneteschen Usaz huet, heescht dat och net, datt alles muss virbestëmmt sinn an näischt méi gemaach ka ginn. D’Fuerschung weist ëmmer méi kloer, datt d’Ëmfeld net seelen en Afloss dorop kann hunn, ob a wéi sech d’Genen ausdrécken.

Wéi kann ee Kanner mat enger SSES dann elo hëllefen?

Dir d’alleréischt muss eng SSES richteg erkannt ginn. Dëst ass net ëmmer einfach, well eng SSES ass net bei all Kand offensichtlech. Kanner mat enger “verstoppter” SSES reagéieren dacks net op wat een hinne seet a kënnen den Androck ginn, si wiere frech oder liddereg, wou si awer a Wierklechkeet e spezifesche Problem mat der Sprooch hunn an net verstanen hunn, wat si solle maachen. D’Diagnos vun enger SSES geschitt normalerweis duerch eng multiprofessionell Equipe, déi sech ënner anerem aus Psychologen, Orthophonisten, Pedagogen an och dacks aus medezineschen Dokteren zesummesetzt. Et ass hëllefräich fir Kanner mat enger SSES, wann d’Elteren/Enseignanten a kuerzen an einfache Sätz schwätzen, komplizéiert Wieder ëmginn, Informatiounen dacks widderhuelen a mat visuelle Supporte schaffen. Et ass falsch ze mengen, datt e Kand, wat net richteg schwätzen (oder schreiwen) kann, soss keng Fähegkeete kéint hunn. Ganz am Géigendeel, Kanner mat enger SSES kënnen an net sproochleche Beräicher ganz talentéiert sinn. Et ass immense wichteg dës Talenter ze entdecken an d’Kanner ze encouragéieren dës Fähegkeete weider ze entwéckelen, sou datt sech hier Sproocheproblemer net op hir emotionell a sozial Entwécklung auswierken. Kanner mat enger SSES, déi richteg erkannt a gefördert goufen, kënnen sech dacks zu exzeptionellen Erwuessenen entwéckelen.

Auteur/Kontakt: LEARN
Photo © Shotshop.com

Infobox

Wat ass LEARN?

 


LEARN ass d’Ofkierzung fir Learning Expertise And Research Network, dëst heescht esou vill wéi “Léier Expertise a Fuerschungsnetzwierk”. Mir sinn e Grupp vu Wëssenschaftler a Praktiker, déi sech fir Léierprozesser a Léierschwieregkeeten intresséieren. D’Zil vun dësem Netzwierk ass en Austausch vu verschiddenen Akteuren (Fuerschung, Schoul, Therapie,Elteren), déi sech mam Léiere befaassen.
Mir wäerte mir Iech nei Fuerschungsresultater aus rezente Projete virstellen, souwuel aus de Beräicher Mathematik, Zuelen a Raum, der Gesiichtserkennung, de Sproochen an de Sprooch-entwécklungsstéierungen, sou wéi dem Aarbechtsgediechtnes an den Exekutivfunktiounen.

 

Matarbeschter

 

Ass.‐Prof. Dr Pascale Engel de Abreu: Fuerscherin/Professeur Associée bei EMACS
Dr Danielle Hoffmann: Neuropsychologin/Fuerscherin bei EMACS
Dr Caroline Hornung: Kognitiv Entwécklungspsychikigin/Fuerscherin bei EMACS
Prof. Dr Romain Martin: Professeur op der Uni.lu
Ass.‐Prof. Dr Christine Schiltz: Professeur Associée op der Uni.lu
Dr Anne-Marie Schuller: Neuropsychologin an EEG‐Expertin bei EMACS
Dr Sonja Ugen: Kognitiv Entwécklungspsychologin bei EMACS

 

Waat ass EMACS ?

 

EMACS ass eng Fuerschungsunitéit op der Universitéit vu Lëtzebuerg, an huet keen Service fir eng Prise en Charge vu Léierschwieregkeete kennen unzebidden. Wann Dier am Kader vun enger Léierschwieregkeet no Hëllef sicht, kontaktéiert w.e.g. ee vun de Servicer di um Terrain schaffen an eng Prise en Charge ubidden

 

Fir weider Informatiounen

Auch interessant

Gediechtnes Firwat falen eis heiansdo Wierder einfach net an?

"D‘Wuert läit mir op der Zong“ – Jidderee kennt dat frustréierend Gefill en Wuert ze wëssen an et awer net ze faassen ze...

FNR
Videospiller Maache Ballerspiller aggressiv?

Politiker behaapten et, an de Medie liest een et och ëmmer nees: Videospiller mat Gewalt maachen aggressiv. Stëmmt dat w...

FNR
Oh Jëssess /Buuuhhh! Firwat si munch Mënsche méi fäertereg wéi anerer?

Wann op Halloween op eemol eng grujeleg Gestallt ëm den Eck geschlach kënnt, da kann ee sech emol e bëssen erféieren. Mu...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Familie und Kinder Vor- und Nachteile der allgemeinen Kinderbetreuung in Luxemburg

Wie steht es um die Kinderbetreuung in Luxemburg und wie sieht sie im Vergleich zu anderen Ländern aus? Die Wissenschaftlerin Audrey Bousselin vom LISER gibt Einblicke.

KI IN DER BILDUNG Auswirkungen von Künstlicher Intelligenz auf den Bildungsbereich

ChatGPT ist auch in den Schulen Luxemburgs wie eine Bombe eingeschlagen. Viele fühlen sich von der Künstlichen Intelligenz überrumpelt und fürchten um die Qualität des Unterrichts. Zu Recht?

Gratis Kinderbetreuung in Luxemburg Wie gut geht es den Kindern in den Maisons Relais?

Ab dieser Rentrée sind Betreuungsstrukturen in Luxemburg kostenlos. Fühlen sich Kinder dort wohl? Und wie wirken sie sich auf ihre Entwicklung aus? Wir haben recherchiert und drei Expertinnen gefragt

Psychische Gesundheit Auswirkungen von Widrigkeiten in der Kindheit auf die psychische Gesundheit im späteren Leben

Neue Erkenntnisse über die Auswirkungen einer Trennung der Eltern oder einer Adoption auf die psychische Gesundheit zeigen deutlich, wie wichtig es ist, betroffenen Kindern Hilfe anzubieten.