FNR

Hei de Video vum Experiment.

Infobox

Material
  • 2 Karaffen (alternativ: Fläschen oder Glieser)
  • Kartongsflyer (alternativ: Béierdeckel oder Änleches)
  • Plastikspärelen
  • Waasser

 

Duerchféierung

Huel zwou d'selwecht grouss Karaffen (alternativ: Fläschen oder Glieser) a fëll eng Karaff bis un de Rand mat Waasser. Fëll déi aner Karaff mat Plastikspärelen (och bis uewen hinner) a géiss e bësse Waasser dobäi. Huel dann e Flyer aus Kartong (oder z. B. e Béierdeckel) a lee deen op d'Karaff mam Waasser. Dréin d'Karaff mam Waasser ëm, ma pass op, datt de Flyer fest um Glas pecht. Normalerweis misst du souguer d'Hand virsiichteg kënne lassloossen. Setz d'Karaff mam Flyer dann op déi aner Karaff drop an zéi ganz virsiichteg de Flyer eraus. 

Maach dëst Experiment am beschten dobaussen no, oder éierens, wou et net schlëmm ass, wann et e bëssi naass gëtt ;) Du kanns déi zwou Karaffen duerno och zesummepechen a se dann sou dacks, wéi s de wëlls, dréinen.

Erklärung

Déi kleng Pärelen aus Plastik hunn eng méi niddreg Dichte wéi Waasser. Alles, wat eng méi niddreg Dichte huet, wéi Waasser schwëmmt um Waasser, alles, wat eng méi héich Dichte wéi Waasser huet, geet ënner. Dofir beweege sech d'Plastikspärele vun ënnen no uewen, nodeems d'Kaart tëscht den zwou Karaffen erausgezu gëtt. Dichte ass Gewiicht pro definéierte Volume a gëtt a Gramm pro Kubikzentimeter ausgedréckt. An eisem Experiment heescht dat: Wann een z. B. e Kubikzentimeter Plastikspärelen hëlt an ee Kubikzentimeter Waasser, dann ass de Kubikzentimeter Plastikspärele méi liicht wéi de Kubikzentimeter Waasser.

Wëlls du nach wëssen, firwat d'Kaart un der éischter Karaffe peche bleift, wann s de se ëmdréis? Dat kanns du an dësem Experiment noliesen:

Tipp: Du kanns dëst Experiment och mat anere Pärele probéieren, z. B. Pärelen aus Holz oder aus Glas, oder probéier et och mol mat klenge Kiselsteng.

Wéi eng Materialer schwammen no uewen a wéi eng bleiwen ënnen?

D'Experiment kann een och mat zwou verschidde Flëssegkeete maachen, z.B. mat Esseg an Ueleg:

Vill Spaass beim Nomaachen! :)

Auteur: Michèle Weber (FNR), Melanie Reuter (FNR)
Video: Melanie Reuter (FNR)

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR