
(C) shotshop
Éiert ee rechne léiert, muss ee fir d’éischt emol Zuele liesen, schreiwen a verstoe kënnen. Wéini Kanner domat ufänken erklärt eis LEARN.
Am éischte Schouljoer léieren d’Kanner rechnen. Mä éiert ee rechne léiert, muss ee fir d’éischt emol Zuele liesen, schreiwen a verstoe kënnen. Ganz formell léieren d’Kanner dat och eréischt am éischte Schouljoer. Mä mir wëssen awer haut, dass déi allermeeschte Kanner och scho virum éischte Schouljoer ufänken Zuelen ze verstoen. Kleng Zuele bis 10 ginn dacks scho ganz genee verstane vu Kanner aus der Spillschoul. Mä och grouss, zweestelleg Zuelen (wéi 34 oder 64) kënne schonn op eng graff Manéier verstane ginn. Am eisem Experiment konnte 5-6 Järeg Kanner zum Beispill grouss Zuele benotzen, fir anzeschätzen, wéi vill Punkten si op engem Computerécran gesin hunn.
Kanner, déi besser aschätze kënnen, wéi vill Punkten an engem grousse Punktekoup sinn, kënnen och scho méi genee mat klengen Zuelen exakt ëmgoen. Dat exakt Verständnis vu klengen Zuele schéngt also direkt mat dem Verschaffe vu grousse Punktequantitéiten zesummenzehänken.
An eisem Grupp vu Spillschoulsklasse waren och Kanner aus ënnerschiddleche sozio-ökonomesche Verhältnisser. Dëse ganz generelle Facteur huet och de Kanner aus dem leschte Spillschoulsjoer hir Schätzfähegkeet beaflosst. D’Kanner aus méi schwaache Verhältnisser waren e bësse manner gutt am Schätze wéi déi aner. Dëst ass e wichtegt Resultat, wëll et weist, dass mer an der Spillschoul d’Zuelen an d’Mengeverständnis vun de Kanner aus de méi schwaache sozio-ökonomesche Kontexter besonnesch sollen ënnerstëtzen.
Auteuren/Kontakt: Anne‐Marie Schuller & Christine Schiltz
Photo © Shotshop.com
Infobox
Matarbeschter