A Carrièren am Süde vum Land gëtt d'Matière Première fir Zement aus dem Fiels gesprengt. Wéi dorausser Zement entsteet a wéi dësen duerno haart ka ginn, erkläert de Mr Science a sengem Experiment.
De Poulet, d'Brout an de Fësch gesinn am Geschäft ëmmer frësch aus, well se richteg an d'Zeen gesat ginn. De Mr Science beschäftegt sech mat der Supermarchésbeliichtung a weist wéi Faarwen eis täusc...
Schonn e klenge Legotuerm gëtt onstabil wann ee méi wéi 10 Stécker openee stécht. Mee firwat ass dat sou? De Mr Science erkläert dat mat Hëllef vun engem Këschtentuerm a wëllt niewebäi nach e Weltre...
Koffein aus dem Kaffi eraus ze huelen ass einfach, mee fir duerno nach drénkbare Kaffi ze hunn ass méi schwiereg. De Mr Science test e puer Methoden, a léist säi Resultat duerno analyséieren.
Mat enger mathematescher Formel kann een den Horizont berechnen, mee et kann een och einfach mat engem Boot dohi fueren. De Mr Science mécht béides - op der Plage zu Zeebrugge.
D'Bréifdauwe kënne Strecke vun iwwer 1000 km zeréckleeën. Wéi maachen se dat, a wéi séier sinn se? De Mr Science mécht eng Course mam Auto géint d'Dauwen.
Vill hëlleft vill, dat denke vill Leit (an och vläit den Ouschterhues) beim schenken, a pake bei en Kaddo gären nach eng Klengegkeet dobäi. Keng gutt Iddi, seet d’Fuerschung!