Marc Schiltz

FNR

D’Lëtzebueger Fuerschung huet an de leschte Woche vill geschafft: dagdeeglech aktualiséiert eng Grupp vu Wëssenschaftler, Projektiounen a Modelisatiounen zur Verbreedung vum Coronavirus zu Lëtzebuerg. Mee och déi ekonomesch sozial a psychologesch Auswierkunge vun der Covid-Kris op eis Gesellschaft ginn erfuerscht.

Den FNR huet rezent 5,6 Milliounen Euro investéiert a Projete ronderëm d’Coronavirus-Epidemie. An dëser Situatioun stellt sech eraus, dass et fir d’Land wichteg ass, eng eege Fuerschung ze hunn. An d’Fuerschung ka lo weisen, wat se fir d’Land ka maachen.

Ervierhiewe kann een d‘Strategie fir groussflächeg Tester, déi vun der Lëtzebuerger Fuerschung ausgeschafft ginn ass a lo an den nächsten Deeg a Wochen sou richteg lass geet. Et ass hei keen abstrakt akademescht Zil derhannert, ma e ganz konkret: de Virus ënner Kontroll behalen, wärenddeem mir de Wee zeréck an e méi gereegelt Liewen ënnert dem Deconfinement fannen.

Firwat de Fokus op d’Testen?

Eng vun den Eegenaarte vun dësem Coronavirus ass, dass vill Léit infizéiert sinn, ouni awer Krankheetszeechen ze hunn (Schätzunge ginn dervun aus dass bis zu 80% vun den Infizéierte keng oder kaum Symptomer hunn). Si sinn awer ustiechend fir déi aner, ouni et emol ze wëssen. Bis ewell sinn nëmmen Leit mat Symptomer getest ginn, mee domadder gi schätzungsweis also just ëm 20% vun den Infizéierten identifizéiert.

Dofir wëll ech hei de Message ginn: Wann der ugeschriwwe gitt, iech per PCR Terst testen ze loossen: Wgl. loosst iech testen, och wann der keng Krankheetszeechen hutt. Wëll et ass e solidareschen Akt.

Firwat ass dat esou?

Ma wann ech selwer infizéiert sinn, awer keng Krankheetssymptomer hunn an och net weess, dass ech infizéiert sinn, da kann ech, ouni et ze wëllen, aner Leit ustiechen, Membere vu menger Famill, Aarbechtskolleegen a virun allem eben och déi, déi besonnesch vulnerabel sinn.

Dat war elo an Zäite vum Confinement, wou mer doheem waren an ons un d’Reegele gehalen hunn, net wierklech e Problem. Ma elo am Kader vun der Exit-Strategie geet et jo drëms, nees méi Fräiheeten ze kréien, also och nees méi sozial Kontakter. Et ass also an dëser Situatioun immens wichteg, dass een, wann een infizéiert ass, doheem bleift, well soss riskéiert déi séier Verbreedung vum Virus erëm vu Vir unzefänken. A fir eraus ze fannen, ob ech infizéiert sinn, dofir sinn d’PCR-Tester do.

PCR Tester hëllefen also am Kader vun der Santé Publique. Vill Leit wënschen sech en Antikierper-Test. Dee seet engem ob een de Virus schon hat, a gëtt also en Indice ob en eventuell immun ass. Dat ass op individuellem Niveau interessant. Ma fir d'Santé Publique bréngt dat näischt, zumindest net soulaang den Taux u Leit déi de Virus haten nach esou niddreg ass wéi den Ament (laut CON-VINCE-Studie haten ca 2% vun der Bevölkerung réit de Virus). Réit wa vill Leit en haten an et sou ass, dass Leit déi de Virus haten och immun sinn, bréngen Antikierper à grande échelle eppes fir d'Santé Publique. 

Eng Fro déi sech eng Reih Leit stellen heibäi ass: Wat ass dann, wann ech beim Test negativ sinn, ma mech puer Deeg drops ustiechen. Da bréngt dat Ganzt dach näischt?

“Vill Testen hëlleft – dat ass wëssenschaftlech evident”

D’Äntwert heirobber: Ganz theoretesch wier et besser, mir kéinte jiddereen all Dag teste loossen. Ma dat ass net méiglech. An et ass keng Saach vu Ganz oder Guer net. Et gëllt ganz einfach de Prinzip: Wat méi Tester duerchgefouert ginn, wat mer méi Neiinfektioune kënne vermeiden, wëll mer duerch méi Tester jo méi Leit kënnen identifizéieren, déi ustiechend sinn - an hinne soen, sie sollen doheem bleiwen, fir net nach wieder Mënschen unzestiechen. D’Test-Strategie bedeit keen 100%-ege Schutz fir eis all. Ma jiddfer Moossnahm, déi hëlleft Neiinfektiounen ze verhënneren, dréit zu enger Verbesserung vun der Situatioun an der Santé Public bäi. An d’Test-Strategie dréit ganz eendäiteg dozou bäi, dat ass wëssenschaftlech onemstridden. Op individuellem Niveau awer heescht en negativen Test selbstverständlech net, dass een duerno sech net méi brauch un déi zurzäit gängeg Hygiènesmesuren ze halen. Et gëlle fir jidderee weiderhin déi zurzäit gängeg „Gestes Barrières“.

Eng grouss Chance fir eist Land

Et ass eng grouss Chance fir eist Land, dass mer eis d'Méiglechkeet ginn, d’ganz Bevëlkerung kënnen ze testen, an dat esou guer e puer Mol. A mir sollte se notzen. Dofir nach emol mäin Appell: Wann der ugeschriwwe gitt, fir iech testen ze loossen, dat loosst iech testen – aus Solidaritéit zu allen! – Fir dass der net aner Leit ustiecht, ouni et ze wëssen an ouni et ze wëllen.

Auteur: Marc Schiltz
Editeur: Jean-Paul Bertemes

Aussi intéréssant

Studienteilnehmer gesucht Post-virale Fatigue: Post-Covid und Chronisches Erschöpfungssyndrom

Waren Sie an Covid-19 erkrankt und haben sich immer noch nicht erholt? Leiden Sie unter chronischer Müdigkeit? Dann ist ...

État des lieux scientifique Covid long : Que savons-nous – de plus?

Face à la recrudescence automnale de la pandémie, le sujet du covid long s’impose à nouveau. Quelles sont les dernières ...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Nouveautés en science 10 résultats pertinents de la recherche au Luxembourg – Mars 2024

Que dit la science sur les animaux « hypoallergéniques » ? Quelle est la taille du plus grand scorpion du Jurassique ? : voici les dernières nouvelles scientifiques du Grand-Duché.

Nouveautés en science 10 résultats pertinents de la recherche au Luxembourg – Janvier / Février 2024

Comment la tradition du Buergbrennen a-t-elle évolué ? Y-a-t-il un lien entre allergie et cancer du cerveau ? Voici les dernières nouvelles scientifiques du Grand-Duché.

Nouveautés en science 10 résultats pertinents de la recherche au Luxembourg – Décembre 2023

Une méthode de prédiction des méga-inondations ; un ver de terre inconnu ; une protéine qui protège nos gènes : voici les dernières nouvelles scientifiques du Grand-Duché.

FNR Awards 2023 Prix d'excellence pour la recherche, le mentoring et la vulgarisation scientifique au Luxembourg

Découvre les lauréats et les candidats de la shortlist des FNR Awards de cette année, qui ont été décernés en octobre.