De Mr Science geet bei de Schmadd a mëcht sech säin eegent Messer. Dobäi erkläert en wisou munch Géigestänn gegoss an anerer beim Schmadd gemaach ginn.
Hautdesdaags kann nach keen Dokter engem viraussoen ob ee genetesch Krankheete kréie kann oder net. An engem neie Labo op der Uni gëtt awer genee heiranner gefuerscht. De Mr Science war do.
De Mr Science huet eppes erfonnt – a wëll lo domadder räich ginn. Mee fir d’éischt muss e seng Iddi mol schütze loossen. Wéi eng Schrëtt sinn do néideg?