© Depositphoto

Probiotesch heescht "gutt fir d’Liewen".

Mr Science, wat heescht eigentlech “probiotesch”?

Wann een et wuertwiertlech iwwersetzt, heescht et einfach nëmme “gutt fir d’Liewen”. Déi éischt Bakterien déi Wëssenschaftler sou genannt hunn, waren därer, déi Substanzen ausschëdden déi de Wuesstem vun anere Bakterië stimuléieren. Ganz séier gouf de Begrëff du fir Bakterië benotzt, déi e positiven Afloss op eis Gesondheet sollen hunn, wann een se ësst.

Mat Bakterië verbënnt een awer éischter Krankheete wéi Gesondheet!

Dat stëmmt. Et war jo eng vun deene gréissten Entdeckunge vum 19. Joerhonnert, dass net gëfteg Ausdënstungen, mee Bakterien d’Ursaach vu ville Krankheete sinn. 1907 huet dunn e russeschen Nobelpräisdréier fir vill Opreegung gesuergt, wéi e behaapt huet, dass Bakterien och gutt fir d’Gesondheet kenne sinn. Hien huet sech deemools gewonnert, dass d’Bulgare besonnesch al goufen. De Grond dofir - sou huet hie behaapt -  wier, dass se vill Jughurt iessen, an deem vill Bakterien dra sinn. Well et si Bakterien, déi aus Mëllech Jughurt maachen.

A stemmt dat, mëscht Jughurt gesond?

Am Fall vun de Bulgaren hätt et och kennen doru leien, dass ganz aner Faktore fir en laangt Liewe verantwortlech waren. Mee als Konsequenz gouf et deemools e richtege Jughurt-Hype a säit deem iesse mir en och am Rescht vun Europa. Virun ongeféier 20 Joer koum d’Jughurt-Industrie dunn op d’Iddi, Jughurt mat spezielle Bakterien unzeräicheren, déi se probiotesch genannt hunn. Mee trotz engem Koup vu Studie konnt bis haut net bewise ginn, dass egal wéi ee Jughurt och ëmmer, gesond Mënschen nach méi gesond mëscht.

Also ass un der positiver Wierkung vu probiotesche Bakterien näischt drun?

Bei kranke Mënsche kënne se schonn eppes bréngen. Allerdéngs fokusséieren sech d’Fuerscher hautdesdaags manner op verschiddene Jughurts-Zorten, mee éischter op genee definéierte Bakterieëstämm. A sou konnten zum Beispill weisen, dass munch Stämm bei Duerchfall hëllefe kennen, besonnesch bei Kanner. Bei Patiente mat engem schwaachen Immunsystem kenne probiotesch Bakterien dogéint souguer éischter geféierlech sinn. Dat ass awer alles guer net sou einfach erauszefannen, well wann d’Bakterien et bis an eisen Daarm gepackt hunn, waarden do schonns iwwer 100 Billioune Kollege vun hinnen op se. An an dëser riseger Bakterienusammlung mat komplizéierte Wiesselwierkunge muss sech den neie Bakteriëstämm schonns gutt upassen, fir datt en iwwerhaapt iergendeng Wierkung kann hunn.

Do bleift also nach en Koup Aarbecht fir d’Fuerscher?

Op alle Fall, dofir bleift Fuerschung jo ëmmer spannend!

 

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Depositphoto

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science

Auch interessant

Science-Check Sind Antibiotikaresistenzen in Luxemburg unter Kontrolle?

Der übermäßige Gebrauch von Antibiotika hat zu einer besorgniserregenden Zunahme resistenter Bakterien geführt. Haben di...

FNR
Neues aus der Wissenschaft Neuigkeiten aus der Forschung in Luxemburg – November 2021

Erfahre mehr über Vor- und Nachteile einer ballaststoffreichen Ernährung in unserer Auswahl der neuesten Forschungsergeb...

Chemie-Nobelpreis 2020 Ein revolutionäres Werkzeug für die Gentechnologie – und eine Erfolgsstory über Frauen in der Forschung

Wir haben drei Wissenschaftlerinnen am LCSB interviewt, die ebenfalls mit oder an der CRISPR/Cas „Genschere“ arbeiten. ...