Pixabay (Hans Braxmeier)

Et ass de Mound dee genee tëschent eis an der Sonn duerchwandert, an eis doduerch d’Siicht op d’Sonn blockéiert. Well d’Sonn awer grouss ass an de Mound kleng, werft de Mound just e Punktschied op d’Äerd. Mir wäerten net an deem Punktschied dra sinn dofir bleift d’Sonn nach siichtbar, d.h. et ass eng partiell Sonnenfinsternis. Mir hu keng total Sonnenfinsternis wéi hei 1999 fir d'lescht de Fall war. An des partiell Sonnefinsternis wäert och manner spektakulär si wéi déi lescht vun 2015, wou just nach 24% vun der Sonn siichtbar waren. Des Kéier sinn zu Lëtzebuerg just 12% vun der Sonn bedeckt, et bleiwen also 88% vun der Sonn siichtbar.

Eng total Sonnefinsternis wäert en Donneschdeg nëmmen um Nordpol siichtbar sinn.

Du sos et, de Mound ass kleng, wisou kann deen dann d’Sonn ganz bedecken?

Dat ass e komeschen Zoufall: de Mound ass zwar 400 mol méi kleng wéi d’Sonn awer och 400 mol méi no. Dofir passt dat genee.

An anscheinend soll en dann net an d‘Sonn kucken ouni sou en Spezialbrëll?

Jo, et soll een ni matt bloussem Aen an d’Sonn kucke well déi eis Netzhaut verbrenne kann. Bei der Sonnenfinsternis ass de Problem datt d’Tentatioun vill méi grouss ass fir laang dran ze kucken. Dofir brauch een e Spezialbrëll matt enger Schutzfolie.

A wou kréien ech sou een?

Beim Optiker oder am Zeitungsgeschäft. Awer op kee Fall e normale Sonnebrëll benotzen. Wann ee kee Brëll huet, kann een d'partiell d'Sonnefinsternis och duerch eng sougenannte Camera obscura beobachten. An dësem Artikel gëss de gewuer, wéi ee sou eng baue kann:

D'partiell Sonnefinsternis kann een en Donneschdeg 10. Juni 2021 bei klorem Himmel zu Lëtzebuerg tëscht ca. ca 11:20 an 13:20 beobachten. De Peak ass géint 12:20.

Déi nächst partiell Sonnefinsternis zu Lëtzebuerg ass de 25. Oktober 2022.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Editeur: Michèle Weber

Auch interessant

Mam Mound goen Beaflosst de Mound eise Schlof?

De Mound huet groussen Afloss op d’Äerd an op munch vun hire Bewunner. Mee beaflosst en och eise Schlof?

FNR
Weltraum Exploratioun Wéi kënnen sech Rover op friemen Himmelskierperen orientéieren?

Am Februar ass de Mars Rover Perseverance um Mars gelant. Um Mars oder um Mound gëtt et jo kee GPS. Ma wéi fënnt iwwerha...

FNR
UV-empfindliche Perlenkette Wie gut schützt meine Sonnencreme?

Durchsichtige oder weiße UV-Perlen werden farbig, wenn Sonnenstrahlen auf sie fallen. So kannst Du deine (alte) Sonnencr...

FNR

Auch in dieser Rubrik

PORTRAIT OF CANDIDATES - SEASON 1 Interview with Take Off contestant Lenny Kakou

He's a born comedian, and he excels in philosophy: yet he was one of the finalists in the Take Off Science Challenge Show. How did he do it? Find out in our exclusive interview with Lenny Kakou.

Frau mit Abschlusshut
PhDs auf dem Arbeitsmarkt Der Doktortitel macht auch jenseits der Wissenschaft zufrieden im Job

Über die Hälfte der PhDs in Luxemburg verlässt die akademische Welt. Mit Promotion kann man laut einer Studie auch in Industrie und Behörden glücklich werden.

Event-Vorschau Veranstaltungen in Luxemburg rund um die Wissenschaft - April 2024

Was ist diesen Monat los? Hier unsere Highlights aus dem science.lu-Veranstaltungskalender.