Mars Rover

NASA/JPL-Caltech

Dat ass eng Fro déi sech och bei der aktueller Marsmissioun gestallt gëtt. Den 18. Februar ass de Rover jo glécklech um Mars gelant. D’NASA huet en Perseverance genannt, also Englesch fir Ausdauer. An déi wäert de Rover och brauchen, well hie soll insgesamt eng Streck vun 20 Kilometer offueren an dobäi ëmmer rëm am Buedem bueren, fir no Spuere vu Liewen ze sichen. Dat klengt no enger klenger Streck, awer de Rover ass nëmme mat enger Spëtzevitess vun 0,15 km/h ënnerwee, op glatem Buedem ouni Obstakelen. Op dem Mars wäert en awer nach ganz vill méi lues fueren, well en däerf op kee Fall mat engem Fiels zesummeknuppen oder an engem Rampli ëmkippen. E wäert dohier ëmmer erëm stoe bleiwen, a säin Ëmfeld op potentiell Geforen ënnersichen. Wann hien elo bei senger Faart och nach ëmmer misst drop waarde vun engem Marssatelitt iwwerflunn ze ginn, da kéim e guer net méi virun...

Wéi mécht de Rover dat dann elo?

En zielt d’Ëmdréiunge vu senge Rieder a weess dohier wéi wäit en zanter senger leschter Positioun gefuer ass. Leider weess en dat net ëmmer ganz genee, well seng Rieder och mol duerchdréine kënne wann en en Hang eropfiert oder wann en op sandegem Buedem ënnerwee ass. Ausser der Distanz muss e jo och wëssen, a wéi eng Richtung en ënnerwee ass. Dofir beobacht en e puer Minutte laang de Laf vun der Sonn. Mat dem Datum an der geneeër Auerzäit kann en doraus seng Fuerrichtung berechnen. Awer mat dëse béide Methode summéieren sech nawell d’Feeler awer am Laf vun der Zäit. Dohier knipst en ëmmer rëm Biller vu senger Ëmgéigend, déi dann entweder seng Software oder e mënschlechen Operateur an der Kontrollstatioun, mat dem bekannte Marsrelief ofgläiche kann, fir sou déi genee Positioun ze bestëmmen.

Da kléng nawell alles ëmständlech!

Jo, do mierkt ee wat mir et gutt mam GPS hunn... Dofir gëtt dru geschafft, datt Rover eegestänneg op friemen Himmelskierper Landkaarten zeechne kënnen, un deenen si sech orientéieren. A wéi dat am beschte geet, dat erfuerschen och lëtzebuergesch Fuerscher, déi un engem Moon Rover schaffen. Dat ass zwar en Zwerg am Verglach mam Brudder um Mars , nämlech just ronn 30 Zentimeter géintiwwer 2 Meter 20. Dat huet awer de Virdeel datt een an Zukunft vill vun dëse klenge Rover op de Mond ofsetze kéint, déi dann an engem Schwarm no Rohstoffer sichen. Der Websäit vun der Firma no ass déi éischt Moundmissioun mat dem Mini-Rover fir 2023 geplangt. An da wësse mer wéi gutt en sech do erëmfënnt.

Dofir bleift d’Fuerschung spannend!

Genee – dat wollt ech och grad soen... :-)

Infobox

Sécher um Mars landen

Bei der Landung vum Mars-Rover Perseverance huet d’NASA eng nei Method agesat fir de Rover un enger gëeegenter Plaz am Zilgebitt ofzesetzen. Wärend sengem rasante Fluch duerch d’Marsatmosphär huet eng Kamera ëmmer erëm Biller vu Marsbuedem geknipst, déi dann u Bord vum Landungsmodul mat Satellittebiller vun der Landeplaz ofgeglach goufen. Op dëse ware geféierlech a gëeegent Landeplaze markéiert. Geféierlech huet geheescht, datt de Rover mat enger Warscheinlechkeet vu mindestens 4 % op engem Fiels, engem Rampli oder enger Sanddün lande géif. Bei engem Landeufluch mat ronn 500 km/h konnt de Rover sou op eng sécher Landeplaz gesteiert ginn.

Marsprouven um Mars fannen

De Marsrover soll op sengem Trajet a Richtung vun deem fréiere Flossdelta ëmmer erëm de Buedem a Steng ubueren, dës Buerprouwen zu Polver zermuelen, an dann a stabil Metallréiercher afëllen. Dës Réiercher leed de Marsrover dann op verschidde Plazen um Mars of. An zukünftege Missioune sollen dës wäertvoll Prouwen da vun engem aner Rover agesammelt ginn a rëm op d’Äerd zeréck bruecht ginn. Fir datt se erëmfonnt ginn, vermoossen d’Mars Satellitten hier Positioun op den Zentimeter genee, ausserdeem sinn d’Prouvréiercher mat engem RFID- Funkchip bestéckt, fir datt een se upeile kann. Dëst “Sichspill” weist, wéi wichteg eng genee Orientatioun um Mars ass.

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Iwwersetzung an Editioun: Joseph Rodesch (FNR)

Infobox

Quellen
De Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/

Auch interessant

Mam Mound goen Beaflosst de Mound eise Schlof?

De Mound huet groussen Afloss op d’Äerd an op munch vun hire Bewunner. Mee beaflosst en och eise Schlof?

FNR
Mound tëscht Äerd a Sonn Partiell Sonnefinsternis vum 10. Juni 2021 zu Lëtzebuerg

En Donneschdeg, den 10. Juni 2021 ass eng partiell Sonnenfinsternis zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt ...

FNR
Perseide 2023 Höhepunkt des sommerlichen Sternschnuppenregens

Die Perseiden können jedes Jahr im Juli und August beobachtet werden. Dieses Jahr sind die meisten Sternschnuppen zwisch...

FNR