NASA/JPL-Caltech
Dat ass eng Fro déi sech och bei der aktueller Marsmissioun gestallt gëtt. Den 18. Februar ass de Rover jo glécklech um Mars gelant. D’NASA huet en Perseverance genannt, also Englesch fir Ausdauer. An déi wäert de Rover och brauchen, well hie soll insgesamt eng Streck vun 20 Kilometer offueren an dobäi ëmmer rëm am Buedem bueren, fir no Spuere vu Liewen ze sichen. Dat klengt no enger klenger Streck, awer de Rover ass nëmme mat enger Spëtzevitess vun 0,15 km/h ënnerwee, op glatem Buedem ouni Obstakelen. Op dem Mars wäert en awer nach ganz vill méi lues fueren, well en däerf op kee Fall mat engem Fiels zesummeknuppen oder an engem Rampli ëmkippen. E wäert dohier ëmmer erëm stoe bleiwen, a säin Ëmfeld op potentiell Geforen ënnersichen. Wann hien elo bei senger Faart och nach ëmmer misst drop waarde vun engem Marssatelitt iwwerflunn ze ginn, da kéim e guer net méi virun...
Wéi mécht de Rover dat dann elo?
En zielt d’Ëmdréiunge vu senge Rieder a weess dohier wéi wäit en zanter senger leschter Positioun gefuer ass. Leider weess en dat net ëmmer ganz genee, well seng Rieder och mol duerchdréine kënne wann en en Hang eropfiert oder wann en op sandegem Buedem ënnerwee ass. Ausser der Distanz muss e jo och wëssen, a wéi eng Richtung en ënnerwee ass. Dofir beobacht en e puer Minutte laang de Laf vun der Sonn. Mat dem Datum an der geneeër Auerzäit kann en doraus seng Fuerrichtung berechnen. Awer mat dëse béide Methode summéieren sech nawell d’Feeler awer am Laf vun der Zäit. Dohier knipst en ëmmer rëm Biller vu senger Ëmgéigend, déi dann entweder seng Software oder e mënschlechen Operateur an der Kontrollstatioun, mat dem bekannte Marsrelief ofgläiche kann, fir sou déi genee Positioun ze bestëmmen.
Da kléng nawell alles ëmständlech!
Jo, do mierkt ee wat mir et gutt mam GPS hunn... Dofir gëtt dru geschafft, datt Rover eegestänneg op friemen Himmelskierper Landkaarten zeechne kënnen, un deenen si sech orientéieren. A wéi dat am beschte geet, dat erfuerschen och lëtzebuergesch Fuerscher, déi un engem Moon Rover schaffen. Dat ass zwar en Zwerg am Verglach mam Brudder um Mars , nämlech just ronn 30 Zentimeter géintiwwer 2 Meter 20. Dat huet awer de Virdeel datt een an Zukunft vill vun dëse klenge Rover op de Mond ofsetze kéint, déi dann an engem Schwarm no Rohstoffer sichen. Der Websäit vun der Firma no ass déi éischt Moundmissioun mat dem Mini-Rover fir 2023 geplangt. An da wësse mer wéi gutt en sech do erëmfënnt.
Dofir bleift d’Fuerschung spannend!
Genee – dat wollt ech och grad soen... :-)
Infobox
Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Iwwersetzung an Editioun: Joseph Rodesch (FNR)