Pixabay

Äerdgas fënnt een a grousse Gasblosen ënnert dem Buedem - a méi déif a Gestengs

Mat Fracking förderen d’Entreprisen Äerdgas, deen a renge Poren am Gesteng verdeelt ass.

De Gas deen sech a grousse Gasblosen am Ënnergrond gesammelt hat an dee liicht ze fördere war, hu mir nämlech schonns gréisstendeels verbraucht. Mat Fracking huelen Ingenieure lo de Gas aus de Gesténgsporen a suergen dofir, dass en sech direkt am Buerlach sammelt.

Aha, a vun do kennen se en liicht un d’Äerduewerfläch pompelen. Mee wéi kommen d’Ingenieuren dann un de Gas an de Poren drun?

Als éischt bueren se e Buerlach bis zu der Gesténgsschicht mam Gas. Da pressen Aarbechter mat staarke Pompele Waasser an d’Gestengs. Den Drock ass dobäi bis zu 5.000 mol méi héich wéi den Drock an engem Autospneue – 10.000 bar. Doduerch kritt de Fiels Rëss an duerch dës Rëss kann de Gas bis an d’Buerlach stréimen.

Iwwert sou engem Äerdgasfeld läit dach immens vill Fiels. Presst deen d’Rëss net direkt erëm zesummen?

Dat ass tatsächlech e Problem. An dofir sinn dem Waasser Sandkäre bäigemëscht, déi an d’Rëss era gespullt ginn. Dës Sandkären halen d’Rëss op.

Dat klengt jo net sou geféierlech. Wisou gëtt dann sou hefteg iwwer Fracking diskutéiert?

Rengt Waasser ass ze dënnflësseg, sou dass de Sand net wäit genuch an déi kleng Rëss eragespullt gëtt. Dat geet besser mat enger Aart "Pudding". Dofir kommen Zousätz an d’Waasser, eng Aart Puddingpolver. Wéinst dësen Zousazsubstanze gëtt et Sträit – munch Leit soen, se wieren onbedenklech an anerer, d’Substanze géifen d’Grondwaasser verknaschten.

Iwwert déi genee Zesummesetzung vun der Fracking-Flëssegkeet ginn et keng präzis Infos. Ma hei zwee Siten, déi doriwwer opkläeren: ee Site deen op d'Gefohre verweist an een dee seet d'Flëssegkeet wier onbedenklech.

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay

 

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

 

 

Dës Emissioun leeft all 2 Wochen op Eldo Radio. Dës Sendung ass vum 6. Juli 2016.

 

Auch interessant

Raumplanung und Gesundheit Wie können Städte so gestaltet werden, dass sie Stress reduzieren?

Stadtleben ist attraktiv, kann aber auch an die Nerven gehen. Die FragMent-Studie soll helfen, Städte zu entwerfen, die ...

Bloomin‘ Algae App So können Bürger helfen, Blaualgen in Luxemburgs Gewässern zu überwachen

Mit der Smartphone-App Bloomin‘ Algae kann jeder in Luxemburg Wissenschaftlern am LIST helfen, Cyanobakterien frühzeitig...

Fort mam Onkraut Wéi eng Alternative ginn et eigentlech fir Glyphosat?

Zanter iwwert engem Joer ass Glyphosat zu Lëtzebuerg verbueden. Mee wat sinn d’Alternativen, fir hautdesdaags Onkraut ze...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Klimamodeller Wéi kann ee mat Klimamodeller d'Klima vun der Zukunft projezéieren?

Wéi gi Klimamodeller entwéckelt a wéi ënnerscheeden se sech vu Wiederprevisiounen?

FNR
Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR
Schlofmangel Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

D’Nuecht war kuerz, an da leien d’Ae Moies an donkelen Hielen. Wou kommen dës Aereefer hier? A wat kann een dogéint maachen?

FNR