(C) Shotshop

D’Aarbechtsgediechtnes ass eng grondleeënd mental Funktioun, déi eng Rei vu mentalen Aktivitéiten ënnerstëtzt, wéi z.B. d’Rechnen an d’Liesen. D’Aarbechtsgediechtnes erméiglecht eis eng limitéiert Unzuel vun Informatiounen iwwert eng kuerz Zäit ze verhalen an ze benotzen. Zum Beispill beim Kapprechne vu 37 + 24, musse mer eis fir d’éischt d’Rechnung mierken, dann op eng Rechestrategie zréckgräifen, d’Zuelen zerleeën an d’Zwëscheresultater verhalen, fir dann d’Endresultat ze fannen. D’Aarbechtsgediechtneskapazitéit ass dohier och e gudden Indicateur fir Schoulerfolleg.

Et rechent sech besser mat engem gudden Aarbechtsgediechtnes

An enger rezenter Längsschnittstudie mat 151 Kanner hu mir erausfonnt, dass bei Spillschoulskanner hir Aarbechtsgediechtneskapazitéit 51% vun hire Mathematikleeschtungen (plus a minus rechnen, Zuele vergläichen, Quantitéite schätzen, asw.) am 1. Schouljoer viraussoe kann. Kanner mat enger héijer Aarbechtsgediechtneskapazitéit konnten ee Joer drop méi schnell a richteg rechnen ewéi Kanner mat méi schwaachen Aarbechtsgediechtnesleeschtungen.

Kanner mat schwaachen Aarbechtsgediechtnesleeschtunge falen deels doduerch op, dat si sech just fir eng kuerz Zäit konzentréiere kënnen, liicht ofgelenkt sinn, well sinn d’Stéierfaktoren net auszeblende kënnen a méi komplex Uweisungen net ausféiere kënnen, well si dës an der Zwëschenzäit vergiess hunn. Grad Rechenaufgaben, déi an e puer Schrëtt geléist musse ginn, si fir vill Kanner mat schwaachem Aarbechtsgediechtnes eng grouss Erausfuerderung a frustréierend, wann si déi néideg Informatioun scho vergiess hunn, déi si brauche fir d’Aufgab ze léisen.

Dofir ass et wichteg, grad an der Schoul op dës Kanner opmierksam ze sinn, fir si am Léieren ze ënnerstëtzen. Verbal Widderhuelungen, verständlech Erklärungen, kuerz Sätz, visuell Symboler, strukturéiert a konkret Hëllefsmëttel sinn éischt Praktiken, déi dëse Kanner am Alldag Schoul hëllefe kënnen, méi liicht an effizient ze léieren.

Jo, benotz deng Hänn!

An enger Längsschnittstudien ass eis opgefall, dass Kanner mat méi schwaachem Aarbechtsgediechtnes beim Ofzielen a Rechne méi oft spontan op hir Hänn zréckgräifen ewéi Kanner mat engem méi staarken Aarbechtsgediechtnes. Dat ass eng interessant Feststellung, wann ee sech d’Fro stellt, wéi laang e Kand sollt Gebrauch vu sengen Hänn beim Zielen a Rechne maachen. Ass et net och wichteg ze léieren sech Zuelen am Kapp virzestellen, ouni d’Hänn als Hëllef ze hunn?

Mir kënnen dës Fro hei net ganz klären, allerdéngs gesi mir, dass verschidde Kanner hir Hänn méi laang brauche wéi anerer, well d’Hänn wéi eng visuell extern Gediechtnesstütz hëllefen. Virun allem Kanner mat schwaacher Aarbechtsgediechtneskapazitéit sollten dofir op hir Hänn souwéi och op konkret Material zeréckgräifen dierfen, fir d’Zuele begräifen ze léieren, d.h. sech d’Zuelen als Quantitéiten am Kapp virstellen ze kënnen.

Auteuren/Kontakt: Caroline Hornung, Christine Schiltz & Romain Martin
Photo © Shotshop.com

Infobox

Auch interessant

Familie und Kinder Vor- und Nachteile der allgemeinen Kinderbetreuung in Luxemburg

Wie steht es um die Kinderbetreuung in Luxemburg und wie sieht sie im Vergleich zu anderen Ländern aus? Die Wissenschaft...

Familie und Beruf Die Entwicklung des Elternurlaubs in Luxemburg aus Sicht einer Wissenschaftlerin

Welche Auswirkungen hatten Änderungen in der Elternurlaubspolitik? Und wie sieht der Elternurlaub in Luxemburg im Vergle...

Screentime fir Kanner Wéi vill Zäit sollte Kanner virum Ecran verbréngen?

Smartphone, Spillkonsol, Telé, Computer - grouss oder kleng Ecranen si jo haut fest an eis Liewen integréiert. Mee wéi v...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Frühkindliche Bildung Fördern Crèche, Précoce und Vorschulen den Spracherwerb?

Wer Erfolg in der Schule haben will, muss die Unterrichtssprache beherrschen. Erstmals haben Forscher flächendeckend die Rolle frühkindlicher Betreuung und Bildung bei der Sprachförderung untersucht....

Familie und Kinder Vor- und Nachteile der allgemeinen Kinderbetreuung in Luxemburg

Wie steht es um die Kinderbetreuung in Luxemburg und wie sieht sie im Vergleich zu anderen Ländern aus? Die Wissenschaftlerin Audrey Bousselin vom LISER gibt Einblicke.

KI IN DER BILDUNG Auswirkungen von Künstlicher Intelligenz auf den Bildungsbereich

ChatGPT ist auch in den Schulen Luxemburgs wie eine Bombe eingeschlagen. Viele fühlen sich von der Künstlichen Intelligenz überrumpelt und fürchten um die Qualität des Unterrichts. Zu Recht?

Gratis Kinderbetreuung in Luxemburg Wie gut geht es den Kindern in den Maisons Relais?

Ab dieser Rentrée sind Betreuungsstrukturen in Luxemburg kostenlos. Fühlen sich Kinder dort wohl? Und wie wirken sie sich auf ihre Entwicklung aus? Wir haben recherchiert und drei Expertinnen gefragt